Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Eraus aus dem Corona-Regimm: d’Regierung brauch e Plang! 

Eraus aus dem Corona-Regimm: d’Regierung brauch e Plang!
Image par Tumisu de Pixabay

3Wochen mat limitéiertem Ausgang sinn esou wäit gepackt. Dat gutt Wieder koum mir zupaass, ech konnt vill Aarbechten dobausse maachen. Ech war esouguer extreem fréi unn.

→ Gaardemiwwelen ofgeriwwen a mat Teak-Ueleg behandelt

→ Terrasse a Maueren mam Kärcher gebotzt

→ Nei Protectioun fir d’Klapplueden

→ de Wues vun de Blieder befreit an eng éischte Kéier geméit

→ d’Holz fir deen nächste Wanter erageholl

→etc

Elo hunn ech bal keng Iddiën a kee Material méi, fänken also geschwënn unn, d’Daimercher ze dréien. De Risk besteet, muedegrëmmeg ze ginn. Ma geschwënn misst et jo gedoen sinn!

verschidden Ursaachen ginn et dofir. Engersäits kann een de Mënsch net all ze laang bei sech doheem “aspären”, well déi sozial Komponent eis méi wichteg ass ewéi d’Politiker dat gleewen doen. Aanerersäits well déi forcéiert Paus fir d’Ekonomie en Heedegeld kascht. Fir d’éischt däerf de Staat de Portemonni eraushuelen, duerno mécht hien den Arem laang, an dann ass et un eis. Virun allem spiert een et awer bei de Politiker eraus: d’Sortie aus dem Virus-Regime ass fir no Ouschteren.

D’Regierung ass am gaangen, den “Noutausgang” ze plangen. An dee Plang soll an Etappen geschéien. Beispill: d’Konsumenten hu sech an de supermarché no enger verréckter Juegd op Toilettepobeier séier berouegt an halen sech disziplinéiert un déi nei Spillreegelen; grad ewéi virun den Apdikten waarden si hiren Tour of. Ech sinn iwwerzeegt, datt esou Reegelen och viru Kleedergeschäfter géifen respektéiert ginn. D’ass just eng Saach vu Gewunnecht.

An enger Partie Betriiber misst och nees normal kënne geschafft ginn, laut Regierungsplang ënnert zwou Conditiounen: d’Personal dierft net ze enk openeen schaffen an et misst onbedéngt Gesiichtsmasken droen. Woher nehmen, wenn nicht stehlen?! Oder op Letzebuergesch: gräif engem Plaakegen net an d’Täsch!

“…eng grouss Commande u Masken ass an der Tëschenzäit ukomm…”

De Premier gouf dat e leschte Freideg virun Deputéierten bekannt. Et soll sech ëm gutt 10 Milliounen Schutzmasken handelen a si sinn all, ouni Ausnahm geduecht fir d’Leit am Gesondheetssecteur. Bravo! Zu wat fir engem Präiss akaaf gouf, ass net bekannt. Par contre huet de Premier fir d’allgemeng Iwwerraschung gesuergt, wéi hie sot, d’Betriiber misste kucken, selwer eens ze ginn!

an anere Wieder:a jidfer betraffenem Betrib, a jidfer Gemeng misst sech elo op d’hënnescht Been gestallt ginn, fir de groussen Hallali op Masken. Dat ginn där Milioune Masken vill, déi musse fonnt ginn- verschidde Virologen soe jo, eenzel Zorte Masken wiere just tëscht e puer Stonnen an zwee Deeg efficace. Grad an dësen Zäiten ass et schwiereg, iwwerhaapt u Masken erunzekommen! Do erwaarden ech mir eng muskléiert Zesummenaarbecht tëscht der Privatwirtschaft an der Politik!

Net esou, wat dee finanzielle Volet ugeet, dofir awer dee politeschen, deen diplomateschen. De Grand-Duché huet gutt Relatiounen mat ville Länner, an et sinn déi, déi elo mussen zum Droe kommen! Ministeren vun de Ressorten Wirtschaft, Gesondheet, bannenzeg Sécherheet an Ausseministère mussen do eng Hand mat upaken, natiirlech zesummen mat der Privatwirtschaft. Awer et kann net sinn, datt d’Regierung e Plang “B” opstellt, an d’Betriber am Reen stoe léisst!

Iwwregens: wéi d’Welt viru 15 Joer matt der Vullegripp geplot war (H5N1), waren deemools 800.000 Schutzmasken bestallt ginn. Gebraucht goufen si ni….awer erëmfonnt och net!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *