Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Finanzen

E pavé an d’Uelzecht! 

E pavé an d’Uelzecht!
imagew credits:pixavay

Déi Gréng spille mam Feier, awer net ze vill, just, fir sech eventuell liicht d’Fangerköppchen ze verbrennen.Si wësse genee, datt den Auto dem Lëtzebuerger säi léiwste Kand ass. Aus där Uursaach war den Energieminister Claude Turmes e Samschdeg am Background am Gespréich esou vague: d’Steier um Spritt soll dëst Joer tëscht 1 an 3 Cent de Liter an d’Lut goen; méi Präzises soll an den nächsten Deeg nokommen. D’Decisioun wier och nach net gefall, fir déi Steier och dat aanert Joer ëm tëscht 1 an 3 Cent eropzesetzen. Et wier also am Total eng Hausse vun tëscht 2 a 6 Cent de Liter.

Déi Gréng wollten nach ëmmer de Spritt méi deier maachen, fir dem Tanktourismus entgéint ze wierken. Hei hu se awer de Schwanz ferrem bäigezunn, well virun iwwer 20 Joer wollten se de Präis verduebelen bis verdräifachen.

Natiirlech hu se an der Regierung zwee Partner, déi net matt esou enger Verdeierung averstaane gewierscht wieren. Déi gréissten Ongewëssheet ass d’Vollek, grad a Virfreeden vum Autofestival! Ech erënneren un de Lucien Lux, wéi deen sengerzäit d’Autosteier eropgesat huet. “Und er ward nie mehr wiedergesehen”¨Déi Gréng si sech duerchaus bewosst, datt si hei mam Feier spillen; léiwer mol eppes vagues an d’Diskussiooun geworf, an dann op d’Reaktiounen ofwaarden. Kënnt eng brutal Aentwert aus dem Vollek, kann een ëmmer nach zeréckrudderen, respektiv, eng Hausse vun der Bensinssteier vun 1 Cent an d’Aa faassen. Bleiwt de Lëtzebuerger éischter gemällech, kann ee roueg op 3, respektiv op 6  Cent eropgoen. An d’Problematik vum Diesel hällt ee sech weiderhinn wäit ewech vum Pelz. Anscheinend sinn eis Stied net dreckeg genuch a Punkto Loft, datt mir missten doriwwer schwätzen. Ass villäicht grad esou gutt, en attendant eng Interpellatioun dësen Donneschdeg an der Chamber.

Just gelungen, datt net duerft an der Wahlcampagne driwwer diskutéiert ginn! Do hat et nach geheescht, eng spezial Sprittsteier géing kee Sënn maachen; mä, wéi steet et an der Präambel vum Grondsaazprogramm vu Bündnis90/Die Grünen: “im Mittelpunkt unserer Politik steht der Mensch mit seiner Würde und seiner Freiheit“. Et wëll een also och d’Automobilisten net méi ewéi fréier verdeiwelen, et wëll een alles manner extreem ugoen, fir an der politescher Mëtt unzekommen an och do ze bleiwen. Déi Gréng an Däitschland maachen et vir, hir lëtzebuerger Kolleegen äiferen no!

 

 

Related posts

1 Comment

  1. fridays for future lidwigshafen

    Wichtig erscheint mir vor allem Druck auf die Politik, das Freihandelsabkommen der EU mit Brasilien auszusetzen, bis die Aufforstung des Regenwaldes beginnt.

    Vernetzt euch, kommt in unsere Telegram-Gruppe:
    https://t.me/joinchat/AAAAAElKFU3sZYygw0_yCA

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *