Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Ersetzt de Journalist den Här Paschtouer an de Kaploun? 

Ersetzt de Journalist den Här Paschtouer an de Kaploun?
Image par free stock photos from www.picjumbo.com de Pixabay

die moralische Rampensau. Dorëms geet et an engem Artikel an der “Neue Zürcher Zeitung” aus der Fieder vum Eduard Kaeser, engem schwäizer Physiker a Philosoph. Wee kennt si net, “diese penetrant missionierenden Levitenleser”, déi grad an de soziale Medien massiv ënnerwee sinn? Gemengt sinn zum Beispill déi, déi eis virrechnen, wéi vill CO2 mir Dag fir Dag onnëtz verpolferen; dat sinn déi, déi eis esou laang näischt zugutt halen, esou laang mir net hirer Meenung sinn; dat sinn déi, déi sech als Gutmensch feiere loossen, dee par définition sech nëmme schwéier verännert. Et gëtt och ewell en Term fir dës Zort vu Leit: virtue signalers, also Persounen, déi déi immens Kapazitéit hunn, engersäits hir eegen Dugend ze signaliséieren an anerersäits iwwer deenen aneren hir, ze urdeelen, dacks iwert si hirzefueren.

Ass et awer net meeschtens esou, datt mir ons selwer ze héich aschätzen, wat d’Moral, d’Moraliséieren betrëfft?! Ass net och de Journalist an dës Roll geglëtscht? Natiirlech däerf a soll e Journalist kommentéieren, seng Meenung zu eppes soen, awer Kommentar an Aktualitéit musse kloer getrennt sinn. Wann et an den Noriichten heescht:” de Cow-boy aus dem Wäissen Haus zu Washington, George Bush…” ass dat eng Ausso, déi falsch op der Plaaz ass; wann an engem Journal Rieds geet vun der “ success story vum Velooh! an der Stad” ass domatter just d’PR-Campagne vum Knuedler 1:1 iwwerholl ginn, ouni z’ënnersträichen, datt et sech just ëm 3000 Cyclisten den Dag handelt, also 1500 um aller an 1500 um retour. Oder wéi ass et mam Saz: “De Klimawiessel deen net méi ze iwwersinn ass…an dee vum Mënsch gemaach ass?!

zum Journalist gehéiert eng gutt Portioun Egozentrik. Déi muss sinn,well hien sech vill an d’Vitrine stellt, sech exposéiert. E Fäertaarsch geet an deem Beruff ënner. An nawell muss de Journalist wëssen domatter ëmzegoen, seng Roll kennen als bewossten oder hoffentlech éischter onbewosste Manipulator (influencer) vun anere Leit hirer Meenung. Ëmmer méi dacks kënnt et vir, datt

Image par David Mark de Pixabay

d’Medien als Missionair optrieden, de Lieser an Nolauschterer d’Leviten erofliesen wéi fréier de Paschtouer um Priedegtsull an der Houmass! D’Presse steet d’office ëmmer op der Säit vum Gudden, dofir seet eis d’Presse, wat dat Richtegt ass!

Domatter kommen ech zeréck bei d’Iwwerleeungen vum Eduard Kaeser: sech selwer als “moralesch” duerstellen (moral grandstanding) géing sech an de soziale Medien duerch 5 Symptomer ervirdoen:

  1. mol déck opdroen
  2. haart Konsequenze fuerderen
  3. eng Uklo opstellen
  4. sech exzessiv entsaat weisen
  5. selbstgerecht urdeelen

Dacks genuch kënnt et vir, datt an de Medien aus enger moralescher Méck e moraleschen Elefant gemaach gëtt. De Journalist wëll sech imposéieren, andeem hien imponéiert! Hie stellt sech gären (leider) op d’Säit vun der Elite, mat där hie berufflech vill méi dacks a Kontakt kënnt ewéi mat engem Vertrieder vun den ënneschten Träppleken vun der Sozialleeder. Dofir gëtt och ëmmer méi dacks op english gespeached, getwittered. Journalisten duuze Politiker, vergläichen se mat allméiglechen Zorten Hausdéier!

De Virwëtz zeechent de Journalist aus, Froe stellen, Hannergrond erklären, mat Leit schwätzen, och aus dem Vollek, dat net eleng aus Patronats- a Gewerkschaftsmonarchen besteet! Fréier war de Journalist quasi eleng Meeschter u Bord: ob seng Artikelen goufen et esou gudd wéi keng Reaktiounen, aus der einfacher Ursaach, well dat materiell méi komplizéiert war. De Lieser huet mussen e Bréif schreiwen, op der Hand oder getippt, Envelope mat Timber parat hunn an uschléissend an eng Bréifkëscht geheien. Haut geet dat Ruckzuck: Handy oder Laptop eraus a vun der Long op d’Zong geschriwwen, gehetzt bis d’Fanger stompeg sinn, ouni ob Schreiwfeeler opzepassen, dacks d’Sau erausloossen, am Léiwsten ënner dem Anonymat. Dat hannerléisst seng Spueren, och beim Journalist.

Dofir ass et haut méi wéi jee wichteg, datt Kommentar an faktuell Neiegkeeten strikt vun ënaner getrennt bleiwen; dofir ass et wichteg, datt de Reporter esou gutt wéi méiglech d’Realitéit erëmgëtt, ouni préjugé unn den Theema erugeet. Den Term “Lügenpresse” kënnt net vun ongeféier, och wann ech deen iwwerhaapt net acceptéieren!

 

An dësem Kontext en interessante link op dem Mario Dichter säi blogg: https://nues-am-wand.lu/verhaltenscodex-code-de-deontologie-der-journalisten/

Dat ass och nëmmen e perséinleche Kommentar. Hien ass derwäert, gelies ze ginn, ouni mussen domatter averstaanen ze sinn!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *