Recent Posts

Post Categories

Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...
Thierry Simonelli: Luxemburgs Front gegen den Rechtspopulismus 
                                       ...

Blog Post

Gesellschaft

CoVid-19: gouf net geheireg iwwerdriwwen? 

CoVid-19: gouf net geheireg iwwerdriwwen?
Image par fernando zhiminaicela de Pixabay

de CoVid-19 gëtt därmoossen mediatiséiert, datt een d’Impressioun huet, den Doud lauert iwwerall. Am Supermarché, am Restaurant,…an eisem ganze soziale Liewen. D’Panik war ze verstoen an der éischter Vague, well d’Mënschheet op eng brutal Manéier virun Aen gefouert kruut, datt esou ee winzegt Déierchen hiert Enn kéint bedeiten. D’Pandemie gëtt et, si huet ville Mënschen d’Liewe kascht a bei enger ganzer Partie aneren grousse gesondheetleche Schued hannerlooss. Trotzdeem sollt een mat de Féiss um Buedem bleiwen.

Den 12. Juni koum de Statec mat éischten Zuelen. Au mois d’avril 2020, le STATEC dénombre, toutes causes de décès confondues, 397 décès de personnes ayant leur résidence au Luxembourg. Ce chiffre est supérieur à celui enregistré lors des années précédentes. L’augmentation du nombre de décès est de 21.4% par rapport aux dernières années (327 décès en 2018 et 2019). Il faut remonter à avril 1975 pour retrouver un nombre comparable de décès (397 décès) . Esou Fluktuatiounen vu Mount zu Mount sinn awer zugläich normal, ëmmerhin goufen et schonn virun 45 Joer an engem Mount Abrëll grad esou vill Stierffäll, bei enger Bevëlkerung déi deemools bedeitend méi kleng war wéi haut. Keen stellt sech d’Fro, wat dann do lass war?!

Am Januar 2017 waren 468 Persounen gestuerwen; zwee Joer drop waren et der fir deen nämmlechte Mount 393, also en Ënnerscheed vun 75 Stierffäll. Am “Rekordjoer” 2018 haten 449 Männer a Fraen dëser Welt mussen Äddi soen, dat waren der 100 méi wéi d’Joer virdrun. Warscheinlech war d’Wantergripp dat Joer besonnesch eekeleg, ma keen Hunn hat duerno gekréit, kee Media hat et extra thematiséiert.

coVid 19 huet awer kloer eng Roll gespillt, well d’Joer 2020 huet an de Sierflechkeetsstatistiken u sech gemällech ugefaangen: Entre janvier et mi-mars, la mortalité de l’année 2020 a suivi les tendances antérieures. Le Luxembourg, comme beaucoup d’autres pays, connait au fil du temps une mortalité moins importante. Cette moindre mortalité est principalement due à un hiver particulièrement doux qui n’a pas connu de véritables épisodes grippaux. Ceci est particulièrement vrai pour le mois de février et la première moitié du mois de mars. Depuis le 9 avril (alors que l’apparition des premiers décès dû au COVID-19 au Luxembourg est datée de mi-mars 2020), on observe un nombre plus élevé de décès cumulés par rapport à l’année dernière, mais toujours inférieur aux décès observés en 2018.

De Virus huet also vu Mëtt Mäerz un zougeschloen, awer net esou hefteg, datt hien d’Statistik komplett op d’Kopp gepucht hätt. De Statec schreift, datt tëscht dem 1. Januar vun dësem Joer an Enn Mäerz 1129 Mënschen gestuerwe sinn; dat waren der 2,7 Prozent manner wéi zejoert an ëmmerhinn 11,2 Prozent manner (1272 Doudeger) wéi am Joer 2018. Leider ginn et keng méi aktuell Zuelen vum Statec, deen dat allerdéngs viru Méint versprach hat. Et wär neess un der Zäit…

Eng Iwwerstierflegkeet gouf et just an der Woch vum 6. op den 12. Abrëll. Déi Wochen duerno war näischt Aussergewéinleches ze mellen. De Statec féiert dat zeréck op de Confinement/lockdown: Il apparaît donc clairement qu’une surmortalité plus prononcée a pu être évitée par la mise en place des mesures de confinement très strictes ainsi que par le recours de diverses ressources de santé (mobilisation de la réserve nationale, création d’hôpitaux de campagnes, …).

“…Mat där Konklusioun zu deem Ablack kann ech averstaane sinn…”

wéi awer ass et zu dësem Ablack? De large scale Test ass jo mol diplomatesch fale gelooss ginn; d’Begriefnes war an der Intimitéit. D’Gesondheetsministesch sot selwer, dat géing kee Sënn (méi) erginn; et géing een elo méi geziilt testen, an der Haaptsaach Leit aus Beruffsgruppen, déi méi e grousse Risk lafen, fir de Virus ze erwëschen. Na also, geet dach!

Virun allem awer kucken ech mir d’Zuelen un vun den Hospitalisatiounen a vun den Intensivbetter. E Sonndeg louchen 28 Persounen an der Klinik, 3 dovunner op der Intensivstatioun. Versteet sech vum selwen, datt mir alleguerten deene Betraffenen all Gutts wënschen, datt si huerteg nees d’Spidol kënne verloossen. Eng Statistik fir hinnen Courage ze maachen: d’Zuel vun den Doudesaffer blouf déi lescht Méint(!) zimmlech konstant bei just 3 zousätzleche Stierffäll.

Déi meescht Patienten kënnen d’Klinik relativ séier verloossen, déi allerwéinegst stierwen. Wann ech dann un den Hokuspokus ronderëm d’Mask denken, stellen ech mir Froen iwwer de séileschen Zoustand vun enger ganzer Partie Wëssenschaftler an och Politiker. Fir d’éischt gouf iwwer d’Asiaten gelaacht: de Mask daacht näischt! Du gouf d’Mask obligatoresch, eng Kéier also vun 180 Grad; an elo eng histoire belge: bei eisem Noper gëtt d’Mask fale gelooss, d’Droen ass gréisstendeels net méi obligatoresch!

D’Mask ass e gutt Beispill fir déi ablécklech Situatioun, wou Politiker a Immunologen am Zick-Zack-Modus fonktionnéieren vun opgeschäichten Hënger an esou oniwwerluechten Decisiounen huelen. Zanter dem Confinement hunn d’Fransousen 53 Milliarden Euro op d’Säit geluecht! De Bierger wëll an esou onsécheren Zäiten eng finanziell Reserve opbauen. De Staat, an dësem Fall éi franséisch ‘Regierung sicht no Weeër, d’Vollek ze berouegen, mam eenzegen Ziil, datt déi 53 Milliarden zeréck an den Ëmlaaf kommen, an d’Wirtschaft neess un d’Dréien kënnt. Fro: war et dat wäert?!

Nach eng lescht Bemierkung: eng Regierung kann nimools e Feeler an der Gestioun vun der Pandemie zouginn; all Entschiedegungsprozess géint si wär d’office gewonnen!

Related posts

3 Comments

  1. Barbero

    Genau sou ass et.
    Sie missten net zuelen vun den Nei Infektiounen all Daag soen mee dei vun deenen nei an d Spidool opgehollen Leit.
    An donierft vielleicht och nach dei Nei un z.B. Kriebs Erkrankten .
    Dann wär e beemool keen wirkleche Grond mei do fir sou eng Panik ze schieben.
    Vielleicht misst een och mool kucken wievill Leit durch den Mask krank gin , durch den co2 deen ageotemt get an durch blutheichdrock dodurch.
    Mir sin um gudden Wee fir nach vill mei Leit hirt Liewen futti ze machen. Zu Breissel gin elo d Caféen an d Restaurants nees fir e Mount zougemaat. Wann mir weider nees iwerall op e Lockdown hinschaffen dann get et nach vill mei ellen wie et elo schon ass.
    Dir hut Recht dass alles m Ufank ok woar well een net wosst waat op eis dur giff kommen, mee elo wessen mir et dach.
    An wann mir et wessen missten d Politiker et dach och wessen.😬

  2. Gilbert

    Mund-Nasen-Schutz in der Öffentlichkeit: Keine Hinweise für eine Wirksamkeit.
    https://www.thieme-connect.com/products/ejournals/html/10.1055/a-1174-6591
    Eng interessant Info betreffend d´Mask.

  3. Tiane

    Fir t’éischt emol merci fir Är Mënschlechkeet : Dir vergiesst net iwwert den Zuelen d’Hand auszestrecken an deenen, déi gestuerwe sinn oder an der Urgence leiën, hirt Mënschsinn erëmzeginn.
    Am trotzdeem muss ech Iech widerspriechen. Et gëtt eng Virusepidemie, déi sech a ville Länner verbreed huet, sou wéi an deene Jore virdrznn, , wou d’Gripp méi virulent war. Zu enger Pandemie ass d’Coronainfektioun just ginn, well d’WHO 2009 mëtten an der sougenannter Schwengsgripp d’Kritäre geännert huet. Virdrunn war eng Pandemie eng weitverbreeten Epidemie, wou vill Leit schwéier erkranken a vill Leit stierwe. Dunn ebemol war eng Pandemie just eng Epidemie, déi a ville Länner präsent ass. Konsequenz : d’Schwengsgripp ass ebemol als Pandemie ausgeruff ginn, d’Länner hu nom séiere Vaccin geruff an och vun der Pharmaindustrie geliwwert kritt….obschons e net ausgetest war. Zu Lëtzebuerg huet de séiere Vaccin Pandemrix geheescht an en huet weltwäit 1300-1800 schwéier Impfschied provozéiert. Virun allem bei Kanner Kuckt de Magazin vun Rtl am Replay ( Narkolepsie 9.10 2019) . D’Schwengsgripp selwer hat e mëlle Verlaf ass vu selwem verschwonnen. D’Narkolepsie hunn d’Leit fir hiert Liewen, och hei zu Lëtzebuerg.
    Mee d’Positioun vun der WHO ass bliwwen. Si moosse weiderhin Pandemien un der Unzuel vun positiven Tester, a net vun effektiv Erkrankten an Doudesfäll . Woubei et jo vill ze soe gëtt zu der Zouverlässegkeet vun de PCR Tester. Et steet souguer drop, datt et keen Diagnosemëttel bei gesonde Leit ass . An trotzdem ginn weiderhin Leit doweenst an d’Quarantaine gescheckt…juristesch ganz wackeleg.
    Ech kommen zereck op d’Roll vun der WHO an dëser Kris : mat hirer neier Definitioun kënnen si eng ganz Rei Grippen oder aner Epidemien zur Pandemie ausruffen oder ebe nët. Wann en da nach kuckt, wéi d’WHO finanzéiert gëtt : 20 % aus de Beiträg vun de Länner an 80% aus private Spenden, dorënner vill Pharmakonzernen. D’Bill an Melinda Gates Foundatioun sinn mat 10 % de gréissten Geldgeber. A wat fir eng Léisung schléit d’WHO bei Pandemie vir : Impfungen. Dat ass e ganz lukrativt Geschäft fir hir Geldgeber. Kritesch gëtt et, wann d’Politik dës Kritären einfach esou iwwerhēllt. D’Madame Merkel soot am Juni : die Pandemie ist dann zu Ende, wenn ein Impfstoff da ist.
    Dat de Virus sech ofschwächt a vu selwem verschwënnt ass guer net virgesinn…obschons et jo awer esou ausgesäit Doru kënnen och weider “Testwellen” näischt änneren.
    D’Fro un eis Politiker, an un eis Press ass : Wéi ass et da mat eiser Gesondheet? Hu Dir déi an deem ganzen Hype vergiess ? Brauch et do net eng nei Approche an d’Eranhuelen vun anere wëssenschaftleche Stëmmen ? Wéi ass et mat deene ville Leit, déi duerch déi ganz Saach Schued gelidden hunn : kierperlech, séilesch, wirtschaftlech…
    Wëll Dir déi einfach als kolatteral Schued stoe loossen bzw eng kleng Indemnitéit ginn ? Meng Dir dat geet duer ?
    Ech perséinlech erwaarde net vun de Politiker ëmmer alles richteg ze maachen, mee datt si zu hiren Entscheedungen a Feeler stinn an dann eng Kehrtwendung maachen, eweg vun WHO, de Suen vum Här Gates a Compagnie zu eis de Bierger, déi si gewielt hunn an déi och zu deene nächste Wale ginn.

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *