Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Corona-Virus um Krautmaart: wéi eng schlecht Formulatioun zu engem Shitstorm féiert! 

Corona-Virus um Krautmaart: wéi eng schlecht Formulatioun zu engem Shitstorm féiert!
Image par djedj de Pixabay

D’CSV FUERDERT

Ministere solle physesch a Chamberkommissioune virstelleg ginn !

Esou stoung et e Freideg getittelt um Site vun RTL. D’Resultat war en zimmlechen Shitstorm géint d’CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen, déi op enger Photo esou duergestallt gëtt, wéi wann si zu deem Thema en Interview ginn hätt. Hat si awer net gemaach. De shitstorm goung quasi unisolo an d’Richtung: hunn déi konservativ Paafen nach näischt vu Videokonferenz matkruut?! Sollen net grad d’Deputéierten mam gudde Beispill virgoen?!

An der Tëschenzäit ass den Artikel zwar net op rtl.lu verschwonnen, ma dach gutt verkasematuckelt, sou datt een duerno muss siche goen. https://www.rtl.lu/news/national/a/1491176.html

image credits: chamber.lu

Explikatioun: D’Chamber huet sech wéinst dem Corona-Virus mussen en neien règlement d’ordre intérieur ginn, an zwar esou gutt wat d’Plenarsëtzungen betrëfft wéi och d’Kommissiounssëtzungen. Am Rapport vum Generalsekretaire steet ze liesen:

  • Les présidents des commissions ont le choix d’inviter à une réunion par visioconférence ou dans les locaux de la Chambre des Députés.

 

  • Deux plages fixes journalières sont instaurées pour chacune des salles de commission à la Chambre des Députés.

 

Une première réunion ne pourra débuter ni plus tôt ni plus tard que 9h00.
Une deuxième réunion ne pourra commencer ni plus tôt ni plus tard que 16h00.
  • Tout conflit d’horaire sera résolu par les présidents de commission entre eux et, à défaut, par la Conférence des Présidents.
 
  • Capacité des salles
Salle plénière: 25 places
Salle 1-2 et 4-5: 13 places (extensible à 15 places avec deux chaises placées le long des murs)
Salle 3: 6 places
Salle 6: 8 places

  • Chaque salle de réunion utilisée sera nettoyée après son utilisation.

 

  • Il a été décidé de ne plus organiser de réunions de commission jointes jusqu’à nouvel ordre.

 

  • Il a été décidé de mettre en place un système permettant la participation par visioconférence à une réunion à la Chambre des Députés.

An deem sougenannte Bureau vun der Chamber sinn all d’Parteien vertrueden, all ouni Ausnahm, mam Resultat wéi gesot:

  • Les présidents des commissions ont le choix d’inviter à une réunion par visioconférence ou dans les locaux de la Chambre des Députés. An anere Wierder: et bestinn déi zwou Méiglechkeeten fir den Oflaf vun de Kommissiounssëtzungen – Videokonferenz wéi och physesch Präsenz- an et ass keng Decisioun vun der CSV, ma vun der ganzer Chamber! Dat mécht dach e fatzegen Ënnerscheed!

“…eng Kommissiounssëtzung ass kee Bimbo-Theater…!”

Souwisou héiert ee vill gelunge Saachen, wat déi Videokonferenzen ubelaangt. Net all Deputéierten setzt sech mat sengem Laptop a säi Bureau, fir vun do aus a Rou an d’Sëtzung kënne bäigeschalt ze ginn; et soll der och ginn, déi sech an d’Kiche setzen – quasi niewt dem Grompereschielen- oder déi sech vun hirem Späicher mellen! Et koum och schonn zu där bosseger Situatioun, datt enger Madame Deputéierten hire Computer net goung, an datt si sech iwwer de Computer vun hirem Mann an d’Videokonferenz ageschalt huet! Reng zoufälleg ass där hire Mann héige Regierungsbeamten. Ass dat nach serieux?

Ma och wann den Oflaaf vun enger Videokonferenz korrekt ass, esou sin d’Virdeeler vun enger “physescher Präsenz” evident. Dat huet déi gréng Ministesch Sam Tanson och esou op der leschter Sëtzung vun der Justizkommissioun ervirgestrach. An dat nämmlecht Holz geschloen huet gëschter op RTL (sic) de Finanzminister Pierre Gramegna. Meenungen an Iwwerzeegungen ginn méi eescht matenaaner ausgetosch, wann ee sech géigesäiteg kann an d’Gesiicht kucken, wann een déi ganz Ambiance vun der Sëtzung kann matkréien. E bësselchen wéi mam Zirkus ze vergläichen: op der Tele gesäit an héiert een den Tiger, am Zelt richt een hien och.

An iwwerhaapt: wat wäer dat dann e Signal no baussen? Dokter an Infirmier däerfen de Virus anotmen, d’Caissière am Supermarché däerf sech roueg och der Gefohr aussetzen – onsem WC-Pobeier zu Léiwt! -, ma d’Politik zitt direkt de Schwanz bäi! Iergendwéi muss de Bierger jo awer nach d’Gefill hunn, regéiert an dirigéiert ze ginn; dat gëlt fir d’Regierung, dat gëllt fir d’Chamber!

oppositiounspolitiker vun déi Lénk a vun ADR kommen nach mat engem zousätzlechen Argument. Mat Video-Konferenzen géing déi politesch Oppositioun monddout gemaach ginn! Wann nämlech d’Volleksvertrieder physesch präsent sinn um Krautmaart, dann ass normalerweis d’Presse net wäit eweg…an ass am Prinzip un der politescher Meenung och vun der Oppositioun interesséiert. Am Fall vun enger Videokonferenz kritt déi Oppositioun déi aus 4 Parteien besteet, héchstens den zweete Präiss.

Wat soll also déi ganz Opreegung, grad an dësen Zäiten?! D’Kommissiounssëtzungen sinn am Prinzip a physescher Präsenz; a ween dat net wëll, ka sech elektronesch bäischalte loossen. Wou also ass de Probleem? Deen ass an enger schlechter journalistescher Formulatioun ze fannen. Iwwregens: et gëtt nach eng drëtt Méiglechkeet: den Deputéierten léisst sech vun engem Parteikolleeg ganz einfach fir d’Kommissiounssëtzung ersetzen! Dann allerdéngs geet de Stong fleeten….

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *