Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Covid zu Lëtzebuerg: bal 2000 Doudeger?! 

Covid zu Lëtzebuerg: bal 2000 Doudeger?!
Image par Markus Winkler de Pixabay

mëtt Juli housch et zu Lëtzebuerg: déi zweet Covid-Well ass um Kommen! Si schéngt laang ze brauchen, well esou richteg ukomm ass se nach net. Den 21. Juli koum RTL mat der Hiobsbotschaft, datt et am Grand-Duché Enn August bis zu 2000 Covid-Doudeger kéinte ginn https://bit.ly/3joaVk2 , ob alle Fall kéint déi zweet Well méi hefteg ausfalen ewéi déi éischt. Déi héich spekulativ Informatioun huet sech RTL net eleng aus de Fanger gesuckelt, ma mat der Ënnerstëtzung vum Institut Research Luxembourg.

Déi zoustänneg Journalistin huet zwar am Artikel mordikus de Konjunktiv agesat, an awer huet de Reportage säin Zweck areecht: Panik maachen. Fir datt jiddereen sech un d’Virsiichtsmoossnamen hält, keen aus der Rei danzt! Haut hu mir keng 2000 Doudeger, ma 124. An anere Wieder, d’Zuel vun de Stierffäll déi op de Covid zeréckzeféiere wären(!), mécht op d’Gesamtpopulatioun en Taux aus vun 0,020 Prozent. Bei eisem franséischen Noper, wou iwwer 30.000 Doudeger sollen op de Kont goen vum Covid, ass d’Situatioun änlech. D’Wochenzeitung L’EXPRESS – net grad fir Populismus bekannt- kënnt op en taux vun 0,045 Prozent! Et stellt sech also déi berechtegt Fro: wor deen Opstand géint de Virus tatsächlech néideg, respektiv: gouf net de Bou iwwerspaant?!

 

research Luxembourg huet sech mat där sougenannter Etude vill kleng Dieren opgelooss a gesäit verschidden Zenarioen vir: Am beschte Fall rechnen d’Fuerscher um Héichpunkt vun dëser zweeter Well mat 200 Neiinfektiounen den Dag. Iwwer 50 Intensivbetter géife gebraucht ginn – dat wär ze packen – mä trotzdeem géif de Bilan vun Doudegen op bal 1.000 Persoune klammen. Also nach just déi hallef Hiobsbotschaft! An déi nächst Dier: Hirer Analys no, gesäit d’Entwécklung net gutt aus, wann net géigesteiert an zousätzlech Mesurë geholl ginn. Géigegesteiert hu mir eigentlech net. Et goufe just massiv Tester duerchgefouert, woumadder d’Zuel vun den neie Positiven grad esou massiv geklommen ass, genuch allemol, fir eis iwwer Wochen op eng schwaarz Lëscht setzen ze loossen.

Am Tageblatt mengt Research haut (01/09), datt d’Zuel vun den Infektiounen Mëtt September kéint eropgoen. Ab Anfang September würden möglicherweise aufgrund des Endes der Ferienzeit die sozialen Interaktionen wieder zunehmen, was zu einem erheblichen Anstieg der täglichen Infektionszahln führen könnte…d’Fuerscher schwätzen vun enger Hausse tëscht 30 a 70 Prozent, beziehungsweise sogar “eine dritte Welle ab Mitt September! An anere Wieder: déi zweet Well mat 2000 Doudegen wär schonn erlaanscht, ouni datt mir et gemierkt hätten! Wéi sot de Coluche schonn virun iwwer 3 Joerzéngten: Ils veulent qu’on soit intelligent et ils nous parlent comme des cons! Alors, comment faire?

L’effroi est donc venu du fait, étant donné la faible mortalité du Covid-19 et la spécificité des victimes, de l’absence de traitement (EXPRESS No 3606). An anere Wieder: mir goufen vum Virus iwwerrascht! Et ass an deem Sënn, wou ech weder der Politik nach de Medien e Virworf maachen. Mir woren wéi aus alle Wolleken gefall. Dat gëllt allerdéngs just fir déi éischt Well! Wat duerno koum, war éischter deplasséiert. Besonnesch Zeitung a Radio hätten d’Regierungspolitik vill méi kritesch kënnen analyséieren, jo a Fro stellen.  Dat ass kee Landesverroot! Ob d’mannst hätte Wëssenschaftler mussen zu Wuert komme gelooss ginn, déi en diametral opposéierte Standpunkt vertrieden. Esou an net aneschters fonctionéiert Demokratie!

resultat: Bierger déi aneschters denken, ginn als Verschwörungstheoretiker ofgestempelt, als Populisten, jo, als Virusleegener. Friddlech Bierger déi sech virum Däitsche Reichstag versammelen, gesinn hire Protest vu Riétsradikalen ënnerwandert a ginn féx vun der Press an een Dëppen geheit. Dobäi ass et en elementaart Recht an enger Demokratie, politesch a wirtschaftlech Decisiounen ze hannerfroen, enger Regierung op d’Fanger ze klappen. Eigentlech misst dat demokratescht Recht zu enger Pflicht-Kür ginn, well eng eenzeg Meenung, eng eenzeg Wouerecht, dat ass Diktatur!

D’Medien zu Lëtzebuerg sinn an enger fatzeger Kris, net nëmmen wat de finanzielle Volet ugeet. Si hunn bei wäitem net méi déi nämmlecht Ënnerstëtzung aus dem Vollek ewéi viru 40 Joer. Fréier housch et dacks: “si soten et um Radio“, woumadder gemengt war: “also stëmmt et”. Mat de soziale Medien goung fir eng ëmmer méi grouss Zuel vun de Mediekonsumenten eng aner Welt op: sech selwer informéieren an esou ëmmer méi dacks der traditioneller Press de Réck dréien.

Et wär un der Zäit, där Evolutioun entgéint ze wierken, well d’Feld eleng der Welt vum Internet ze iwwerloossen, ass grad esou eng verluere Schluecht fir d’Demokratie. Am Ausland hunn se dee Message verstanen…

 

Related posts

10 Comments

  1. Jean-Marie Azzolin

    Deem kann ech mech nemmen uschleissen! Bravo fir eng Meenung ze hun, well d’Allgemengheet muss net dei eenzeg richtech Wourecht vertrieden. Merci fir deen Artikel

  2. Aender

    Am Schlemmsten ass, dass 90% vun den Leit daat alles gleewen. Frieher Geheimdingster hätten hier hellen Freed un eiser Regierung an den Medien.

  3. Serge K

    Hei en klengen Text deen en ganz gudden Gedanken Ustouss ass zu deem Thema… en ass net vun mir mee en seet nawell bessi eppes aus… an reegt zum nodenken un …

    Gesunder Menschenverstand🙏🏼☀️🕊🌍💗🤗Gefunden um zum Nachdenken anzuregend –

    Warum dürfen wir nicht an Corona sterben?

    Warum dürfen wir nicht an Corona sterben? Täglich sterben Menschen an Herzinfarkt, Krebs, Diabetes oder grippalen Infekten, an Alkoholismus, an unfallbedingten Verletzungen, an Drogen, Selbstmord, Depression, Gewaltverbrechen, Hunger und Durst.
    Doch ausgerechnet am Corona-Virus darf niemand sterben.

    Das muss – im wahrsten Sinne des Wortes um jeden Preis – verhindert werden.

    Logischer- und konsequenterweise müsste die Regierung angesichts der vielen Verkehrstoten das Autofahren verbieten. Sie müsste viele Sportarten verbieten. Zigaretten, Lebensmittel mit Zuckerzusatz, Alkohol, Schlaftabletten, Kriege, denn jeden Tag sterben viele Menschen daran.

    Früher war der Tod in das Leben integriert.
    Kranke Menschen wurden von der Gemeinschaft besucht, gepflegt, versorgt. Menschen starben im Kreise ihrer Familie oder Freunde. Der Tod gehörte zum Leben, er war mitten in der Gesellschaft.
    Heute haben wir den Tod aus dem Leben, aus unserer Gesellschaft verdrängt. Kranke Menschen bringen wir ins Krankenhaus, Alte in die Pflegeheime.
    Sollen sie dort sterben.

    Doch auf einmal ist der Tod wieder allgegenwärtig.
    Mit erschütternden Bildern wird er an uns herangetragen.
    Damit können wir nicht umgehen.
    Wir isolieren uns, verschanzen uns hinter Masken, verdächtigen jeden, der uns begegnet, denn er könnte den Tod zu uns bringen.
    Kinder sind nun eine Gefahr, alte Menschen bleiben isoliert, bis sie sterben.
    Um dieser Angst, der Konfrontation mit dem Thema Tod scheinbar entrinnen zu können, lassen wir alles über uns ergehen.
    Zerstörung unserer Existenzgrundlage, Verzicht auf frische Luft und auf Sport, Verzicht auf Kontakt mit Freunden und Familie. Wir engagieren uns sogar dafür, nicht mehr zu leben, damit wir nicht sterben müssen.
    Unsere Regierung ist dann gut, wenn sie jedes Mittel anwendet, damit niemand an Corona stirbt.
    Doch Sterben gehört zum Leben. Das war schon immer so. An alle Todesursachen haben wir uns gewöhnt. Sie berühren uns nicht mehr oder sie sind weit weg.

    Doch warum darf gerade an Corona niemand sterben?
    Warum wird in den Medien pausenlos Angst davor geschürt?

    Wer Angst hat, denkt nicht rational, verlässt sich nicht mehr auf seinen gesunden Menschenverstand. Und wer nicht denkt, der wird gelenkt.
    Angst verhindert nicht den Tod, sie verhindert das Leben.

    Also hab Mut, dich deines Verstandes zu bedienen…….

    Soll zum Nachdenken anregen!!!
    Als interessanten Anstoss befunden und kopiert

  4. U.Martin

    Sehr schön dass es nun auch langsam kritische Stimmen in Luxemburg gibt. Wer nachdenkt ist langsam am verzweifeln, aufgrund der Maße an Mitläufern. Auch wenn man es noch so gut anhand von vorliegenden Zahlen des RKI zu erklären versucht….keiner möchte zuhören, möchte irgend etwas anderes hören, als das was über die gleichgeschaltete Mainstreampresse verbreitet wird. Das Angstvirus grassiert sehr heftig.

  5. Phil

    “Es ist leichter, eine Lüge zu glauben, die man tausend mal hört, als die Wahrheit, die man nur einmal hört.” Abraham Lincoln

  6. Bas

    Ech schléisse mech zu 100% dëssem Reportage un!

  7. Rom

    Nun, Gott sei dank gibt es eine neu entwickelte Methode, die dieses Angstvirus innerhalb von Minuten, genau Minuten, transformiert. Es ist die Instant Change Methode von Daniel Weinstock. Schaut sie euch an, ihr werdet überwältigt sein!!!

  8. Roger BRaun

    Bravo
    MIr waerte jo net endlech mol net mei dat glewen wat dei eis alles erzielen

  9. Gilbert

    Ein Artikel der New York Times macht nun auch auf ein Problem der PCR-Tests aufmerksam, nämlich dass diese zu sensitiv sind, aber keine Aussage darüber ermöglichen, ob jemand erkrankt und ansteckend ist. Schon eine minimale Viruslast wird als positiv angezeigt, daher werden viele Menschen, die als positiv getestet werden, nicht nur asymptotisch sein, sondern auch nicht ansteckend.
    Es gehe nicht wie bei den PCR-Tests nur um ein Ja oder Nein zur Anwesenheit von Sars-CoV-2-Viren, sondern um eine Schätzung der Viruslast, womit sich auch abschätzen lassen könnte, wie ansteckend eine Person ist. “Es ist wirklich irrational”, so wird der Epidemiologe Michael Mina von der Harvard T.H. Chan School of Public Health zitiert, “die Erkenntnis zu übergehen, dass dies ein quantitatives Thema ist.”
    Testdaten aus Massachusetts, New York und Nevada, so eine Überprüfung der NYT, würden zeigen, dass 90 Prozent der positiv Getesteten kaum mit Viren infiziert seien.

  10. Bob Faber

    Dono sin mer emmer all méi gescheit! Déi zweet Well huet vill manner hefftech zougeschloen wéi, am worst case, geplangt. Do sin mer all d’accord mengen ech. Wouhier kennt daat a surtout war et prévisible? Vue dass iwert déi ganz Zeit den taux Infektioun /Test emmer esou zweschen 0,5 an 1,2 % gedréit huet an dass mer parallel wesentlech mei getest hun, kann een dovuner ausgoen dass mer haaptsächlech mei Infektiounen haaten well méi getest gin ass (an der also méi detectéiert gi sin). Wesentlech méi jonk leit hun sech ugestach, d’Leit waren sensibiliséiert an hun am Allgemengen d’Gestes barrières respectéiert, Teletravail ass weider gang etc, dodurch haaten mer manner Kliniken Openthalt an surtout manner Doudecher.

    Prévisibel war daat net, an ech mengen ech als Regierung hätt ähnlech reagéiert wéi ons Regierung daat gemaat huet. Wéi gesoot, dono wees een ett besser. Eng kritesch Presse hätt just gehollef an d’Geigendirektioun ze steieren. Waat hätten mer dovuner? Wellen mer Demoen wéi zu Berlin oder sin mer d’accord eventuel e puer Wochen de Mask fir neicht drohen ze mussen an ons an de Rassemblementer ze limitéieren?

    Ech well o ch bemierken dass et nemmen em Doudecher geet. Ett geet och drem dass een Langzéit Problemer mat sech dréitt wann een de Virus kritt huet. Ech perseinlech machen alles, en net ze kréien.

    Ech sin frou dass d’Press net zevill geigengesteiert huet, ob d’mannst zu Letzebuerg. Eng Analyse elo vun deem waat war soll awer gemaat gin, mee d’Conclusioun ass net einfach virum Hiecht. Sollen mer alles erem lockeren? Ech hätt tendenz emol nach e bessen ze warden

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *