Recent Posts

Post Categories

Méi netto vum Brutto? Awer Gegrimmels geet net duer! 
Ech hätt mir et kënnen denken! D’Enveloppe louch schwéier ewéi Bläi an der Bréifkëscht. Et war d’Rechnung fir Revisioun vun...
Frank Bertemes: Politfabel? 
„Wer den Geist der Gierigkeit hat, er lebt nur in Sorgen.“ Reineke Fuchs   Mensch und Staat, meint immer Mensch...
Mars Eusani: La face cachée du pays le plus riche de l’univers! 
Le Luxembourg, souvent perçu comme un pays prospère – le pays le plus riche de l’Univers – avec un niveau...
Si lëtzebuerger Sanktiounen géint Moskau ëmmer ganz legal? 
Krich an der Ukrain, gläich ginn et 3 Joer. Den Agressor war an ass Russland. Déi Europäesch Unioun hat gläich...

Blog Post

Featured

Streiker: d’Saison ass op. 

Streiker: d’Saison ass op.
Photo de Elle Hughes: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/homme-portant-une-veste-de-camouflage-gris-et-noir-tenant-un-fusil-marchant-sur-terrain-en-herbe-2954926/

An Teutonien wou den Ament grad e bësselche vill aus dem Rudder leeft, presentéieren sech d’Gewerkschaften als Retter in der Not, als Cavalier blanc fir den Autoconstructeur VW. Grad eng IG Metall déi déi lescht Joer vill dozou bäigedroen huet, datt wuel den Ugestallten e ganze Batz méi Suen konnt eraschëppen, ma zugläich d’VW-Kutschen permanent méi deier goufen.! An esou laang den Aarbechter eppes bäikrut, esou laang gouf d’Konzernspëtzt a Rou gelooss, déi sech mat Spezialprimmen glécklech geseent huet.

Mam leschte Kollektivvertrag https://bit.ly/4fNvxQ6 krut d’Salariat eng Hausse vun 8,5 Prozent an zwou Etappen plus een eemolege Versement vun 3000 Euro als Inflatiounsausgläich! De Bonus fir säin Deel ass am Mäerz vun dësem Joer op 4735 Euro fixéiert ginn. Sécher, an Däitschland kennen si de System vum Index net, mussen also aneschters probéieren, d’Präisdeierecht finanziell opgefaangen ze kréien, an nawell sinn 8,5 Prozent vill Suen,  déi 1 zu 1 op d’Produktiounskäschten vun de Wierker mussen iwwerdroe ginn an déi elo eventuell mussen zoumaachen!

Photo de Clem Onojeghuo: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/cabine-volkswagen-orange-173287/

E Weenchen deen als Basis an der Produktioun 15.000€ kascht, klëmmt dann op 16.275€. Et sief, et kann een op anere Plazen aspueren, respektiv en anere Modell zitt esou gutt, datt d’Rechnung nach eng Zäitchen opgeet. D’Gewerkschaft huet ni de Bonus-System fir d’Direktiounsspëtzt hannerfrot. Gewosst ass, datt di 10 héchst placéiert Manager a Member am Direktiounscomité zesummen op en Akommes kommen vun 40 Milliounen d’Joer. De Boss Oliver Blume koum zejoert op net grad 10 Milliounen Euro! Natierlech kann e Patron sech selwer esou vill Sue ginn wéi et him grad gefält. Ma well d’Kollektivverträg ëmmer generéis waren, huet d’Gewerkschaft nom Motto eng Hand wäscht déi aner léiwer de Kapp an de Sand gestreckt.

Do luewen ech mir dach déi franséisch Eisebunn! Pénktlech wéi eng Aierchen a schonn zanter iwwer 60 Joer streiken d’Gewerkschaften kuerz viru Chrëschtdag. Ëmmer deen nämmlechten Zenario: d’Passagéier ginn als Geisel geholl fir e säftegt Resultat an de Kollektivvertragsverhandlungen erauszeschloen oder ganz einfach, fir d’Gewerkschaftskeesen opzefëllen. Dobäi bezilt de Passagéier scho méi ewéi genuch, an zwar net nëmme fir de Billjee.

Photo de Bastien Neves: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/entrainer-train-chemin-de-fer-rails-de-train-4081992/

Am franséische Staatsbudget vum anere Joer ass e Kredit virgesinn vu 700 Milliounen Euro. Déi Suen gi benotzt eleng fir d’Zënsen vun der SNCF hirer Schold ze blechen, eng Schold déi an der Tëschenzäit houfreg 35 Milliarden erreecht huet. Déi Suen bezilt de Staat. Ma de Staat, c’est moi. Also all Steierzueler! Wär et do net ubruecht, wann déi 287.000 SNCF-Mataarbechter géingen e bësselche méi lues trëppelen? Ma keng Spuer vun Anstand!

Am Summer kruten si eng Spezialprimm wéinst den olympesche Spiller. Déi Primm huet 50 Milliounen € kascht. Elo hätten si gären en neie Bonus, mat der Begrënnung: wärend de Spiller wier alles gutt verlaf, d’Eisebinner hätte korrekt geschafft. An engem Betrib dee Gewënn mécht, ass esou eng Fuerderung duerchaus normal, am Fall vun der SNCF awer héiert et sech un ewéi en Hoon! De Geck gemaach mam Steierzueler!

Et kascht, wat et kascht. A Frankräich ça coûte ce que ça coûte. Tatsächlech! De Staat hält sech dorunner an zwar u sos näischt. Dowéinst e Staatsdefizit vun iwwer 3000 Milliarden €, an d’Syndikater maachen dat Spillche mat an hypothekéieren d’Zukunft vun nächste Generatiounen!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *