Recent Posts

Post Categories

Ernesto Fluni: Sucht euch eine Version aus – Politik braucht Klarheit 
Heute stehe ich vor Ihnen mit zwei Optionen – so, wie wir es in der Politik oft erleben: eine seriöse...
Fraen am Afghanistan: Kufft d’Schmull! 
D’Taliban mussen en extremen Haass op d’Fraen hunn. Oder awer si hunn e fatzege Mannerwäertegkeetskomplex vis-à-vis vum anere Geschlecht. Genee...
Frank Bertemes: EU-Wertegemeinschaft? 
Ich glaube nicht, dass diejenigen recht haben, die meinen, Politik besteht darin, zwischen schwarz und weiß zu wählen. Man muss...
Skorbut ënner de Piraten: eng nei Chance fir Jugendpolitik 
D’Politik ass e raut Geschäft, ma och an der Mediewelt ass net alles Happy Diwwi. Déi zwee zesummegewierfelt ass wéi...

Blog Post

Kultur

“Operatioun Pauly”: kee Cent a kee Su vum Filmfong. D’Unioun vun de Resistenzler weess, firwat! 

“Operatioun Pauly”: kee Cent a kee Su vum Filmfong. D’Unioun vun de Resistenzler weess, firwat!
Image par Terry Papoulias de Pixabay

Dem Marc Thoma säi leschte Film “Operatioun Pauly” leeft an de Kinoen zu Lëtzebuerg. Hie leeft esou guer excellent: bal iwwerall ass hien op der éischter Plaz wat d’Zuel vun de Spectateuren ugeet. Doriwwer freet sech de Regisseur an doriwwer freet sech am meeschten d’UNIOUN vun de Resistenzler. Den Direkter vum Filmfong Guy Daleiden war nämlech der Meenung, esou ee Sujet wou 4 Prisonéier – dorënner 2 Lëtzebuerger- aus engem KZ fortgelaf woren, géing 80 Joer nom Enn vum Krich keng Bisamrat méi interesséieren! Mat där Argumentatioun gouf et kee Cent als Finanzsprëtz vum FF. Souzesoen eng Krichserklärung un d’Resistenzler-Familljen, déi als UNIOUN de Projet vum Marc Thoma esou gutt si konnten, finanziell ënnerstëtzt hunn.

Elo wou de Film an de Kinoen ugelaf ass, huet d’Unioun op deen Hon aus dem Filmfong reagéiert. Hei hiert Schreiwes:

Image par Mediamodifier de Pixabay

 

Opklärung

Virun zwee Joer hu mir decidéiert fir zesumme mam Marc Thoma déi aussergewéinlech Flucht vum Nicolas Wolff an dem Pierre Schaul aus engem Niewelager vum KZ Buchenwald ze verfilmen.

Mir, d’Unioun asbl., sinn als Produzent vum Film „Operatioun Pauly“ beim Filmfong virstelleg ginn, fir als Asbl. via carte blanche déi kleng, mee maximal méiglech Ënnerstëtzung vun 22.500€ unzefroen.

Nodeems den Direkter vum Filmfong Guy Gustave Daleiden eis gefrot huet, wien dann de Regisseur wier, war eis séier kloer, dass hien eis Demande géif ofweisen. Dat huet hien och duerchblécke gelooss mam Argument, déi Geschicht géif no 80 Joer kee méi interesséieren.

Trotzdeem hu mir dunn déi vum Filmfong virgeschriwwe schrëftlech administrativ Prozedur vun enger Demande „carte blanche“ gemaach a kruten e knappen negative Bescheed.

Et muss een awer wëssen, dass eise Regisseur Marc Thoma beim Filmfong eng „persona non grata“ ass, et pour cause: Als fréieren investigative Journalist hat hien zesumme mat Kolleegen aus der geschriwwener Press enquêtéiert an erausfonnt, dass net alles koscher beim Filmfong géif lafen.

En Audit an d‘Cour des comptes hunn dat och festgestallt an eng Rëtsch Irregularitéiten dokumentéiert. Och nozeliesen ënnert „reporter.lu „a „guykaiser.lu“.

Wat den Artikel am Lëtzebuerger Wort vum 21.9.2024 aus der Fieder vum Marc Thill ugeet, an deem kloer eng falsch Informatioun dra steet, muss ee wëssen, dass dësen Här zënter Jore vu senger Positioun am Wort profitéiert, fir stänneg de Filmfong an den Himmel ze luewen. Vu Kritik keng Spuer. Objektive Journalismus gesäit anescht aus!

De Comité vun der Unioun vun de Lëtzebuerger Resistenzorganisatiounen huet d’Pflicht, d’Saache richteg duerzestellen an hir Memberen opzeklären, wéi d‘Verflechtungen hei zu Lëtzebuerg fonctionéieren.

Den Här Thill an den Här Daleiden solle wëssen, dass mir als Nofollger vun de Lëtzebuerger Resistenzler net esou schnell bei sou duerchsichtegen a béiswëllegen Aktiounen ëmfalen, ganz am Géigendeel.

Fir d’Unioun vun de Lëtzebuerger Resistenzorganisatiounen A.s.b.l.

De Comité

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *