Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Innepolitik

Duerch Hyperventiléierung Suen zur Fënster erausgepucht? 

Duerch Hyperventiléierung Suen zur Fënster erausgepucht?
Image par Nattanan Kanchanaprat de Pixabay

natierlech sinn ech an där privilegéierter Situatioun, politesch Momenter kënnen ze kommentéieren, ouni och nëmmen dat Geréngst domatter ze dinn ze hunn. Derbäi kënnt, datt een duerno méi gescheit ass ewéi virdrun. Et soll also net als Iwwerhieflechkeet eriwwer kommen, wann ech hei eng Partie Decisiounen vun der Regierung am Kampf géint de Virus kritiséieren.

Ma wat goung d’Gesondheetsministesch un, um Ufank vun der Pandemie déi presüméiert Covid 19-Patienten an d’centres médicaux ze schécken? War et just fir d’Generalisten an hirem Cabinet ze schützen? Op alle Fall goung bal keen dohinner, aus Angscht vun enger Infektioun. Méi wéi eemol krut ech an deem Kontext d’Wuert vu Virus-Schleider ze héieren. Ähnlech Iwwerleeung fir d’CSA (centres de soins avancés), déi als Lazarett en éischter ofschreckend Bild waren. Firwat gläich 4 Stéck opriichten an net mol mat engem ufänken? Esou Ariichtungen si jo fir Noutfäll geduecht an deementspriechend séier opzestellen.

Den absolutten Flop riskéiert allerdéngs de “flächendeckenden Testing” ze ginn! De Bierger mécht net méi mat. Den Test kënnt wuel ze spéit. An enger Zäit wou d’Zuel vun den Nei-Infektiounen massiv zeréckgeet, gesinn d’Leit de Sënn dovunner net méi an. Ofgesinn dovunner, datt den Test schonn direkt um Ufank net onëmstridde war, weist de Bierger elo säi ras-le-bol. D’Fro sief erlaabt: firwat eng Commande erausginn -ouni avis de marché- vu gläich 1,6 Milliounen där Tester?! Et hätt ee jo kënnen mat enger hallwer Millioun ufänken mat der Méiglechkeet, spéiderhinn nozebestellen. Et hätt ee just de Kontrakt mussen deementspriechend formuléieren.

den Aussoen no vun der Gesondheetsministesch kascht déi ganz Aktioun – wuel éischter “Net-Aktioun”- eppes Klengs manner ewéi 40 Milliounen Euro. Et koum een also esou just laanscht d’Obligatioun fir e Gesetz ze schreiwen. Besteet d’Méiglechkeet aus deem Kontrakt erauszeklammen? Wann net, si wuel gutt 30 Milliounen Euro an de Sand gesat!

“…et kascht, wat et kascht!…”

…sot um Ufank vum “Krich” géint de Corona de Staatsminister Xavier Bettel. Rassürant Wieder fir dem Bierger ze soen: d’Gesondheet huet kee Präis. Wann déi Ausso virun 3 Méint richteg war, wär et elo allerdéngs un der Zäit, eng Vollbremsung ze maachen. D’Viruskris kascht eis ‘ la peau des fesses’, den Aasch ewech, d’Land ass fir 10 Joer op d’mannst verschëld, d’Europäesch Unioun fir Joerzéngten! Et gëtt also héich Zäit, all Ausgab zweemol ze iwwerleeën!

Souwisou ginn d’Sécherheetsmoossnamen

Image par Patrick Behn de Pixabay

net méi esou eescht geholl, och net – a villäicht grad esou gutt- net méi vu staatlecher Säit. Beispill:d’Manifestatioun géint de Rassismus e Samschdeg. Virun der amerikanescher Ambassade hu sech eng 1500 Leit gedréckt, kee social distancing, eng Partie vun den Demonstranten ouni Mask. Dobäi wär et tatsächlech schummeswäert gewierscht, wann zu Lëtzebuerg keng esou Manifestatioun gewierscht wär! Ech ginn allerdéngs ze bedenken, datt e puer Deeg virdrun, wéi bedeitend manner Leit fir hir Grondrechter demonstréiere goungen, de mot d’ordre nach e komplett anere war!

Zeréck also an d’Normalitéit, an de Spideeler, den Altersheimer, de Geschäfter, jo och op de Spillplazen an zeréck och an d’Normalitéit vun der Politik. An dat ka just bedeiten, datt d’Fënster mussen zougemaach ginn, fir datt d’Suen net eraus geblose ginn: alles, wat mir elo “onnëtz” ausginn, muss spéider grad esou “onnëtz” zeréck bezuelt ginn!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *