Recent Posts

Post Categories

Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...
Thierry Simonelli: Luxemburgs Front gegen den Rechtspopulismus 
                                       ...

Blog Post

Divers

Kuddelmuddel am Journalisteverband! 

Kuddelmuddel am Journalisteverband!
Image par M. Maggs de Pixabay

mir Journalisten sinn Champion am schoulmeeschteren. Alles wësse mir besser ewéi déi aner. Ma mir wëssen net mat eis selwer ëmzegoen! Fréier goufen et dräi Journalistenassociatiounen am Land, eng lénks-, eng rietslasteg an eng dertëscht; also eng fir d’Tageblatt, eng fir d’Wort an eng fir Journalisten, déi sech eng méi neutral Beruffsvertriedung gewënscht hunn. 3 Associatiounen fir e Land ewéi Lëtzebuerg, dat wor dach ze vill dees Gudden. Et goufen och munnechmol kokass Situatiounen, wou déi eng oder aner Associatioun sech net gemuckst huet, wann ee vun de Kolleegen a beruffleche Schwieregkeete wor. Dem Journalist säin eenzege Feeler wor, am falsche Media mat der falscher politescher couleur ze schaffen!

Image par Shutterbug75 de Pixabay

Grouss war deemno d’Freed – an deementspriechend d’Erwaaardungen- wéi et virun 3 Joer housch: déi dräi Verbänn fusionnéieren an nennen sech: association luxembourgeoise des journalistes professionnels. L’Union fait la force! Eriwwer woren d’Zäiten, wou e Journalist ironesch säi Glas Campari eidel gedronk huet mat de Wieder: “Ei! Schonn erëm e Roude fort!” (Ëmgedréit goung och mat engem picon-bière) Tatsächlech kann een eenzege Verband seng Leit  besser vertrieden an méi staark optrieden- och vis-à-vis vun der Politik. Mä, ass dat wierklech esou?

ech wor op d’Internetsäit vun der ALJP luussen http://journalist.lu Do deet sech net esou vill, eigentlech näischt. Op der “HOME”-Säit geet Rieds vun enger Generalversammlong, déi an der Zukunft soll sinn….am Oktober  2017!!

Neue Statuten der ALJP

Die geplante Fusion der drei Journalistenverbände ALJ, UJL und SJ-L bedingt neue Statuten, die hier einsehbar sind. Diese neuen Statuten sollen am 24. Oktober 2017 offiziell verabschiedet werden

D’Zukunft läit also hei an der Vergaangenheet! Ënner “Über uns” fënnt een de Comité an och d’Statuten, d’Säit vum Bilan awer ass komplett plakeg, grad wéi wann glaat a guer näischt geschafft gi wier. An der Rubrik “Nachrichten” – eigentlech déi wichtegst fir Journalisten- ass dee rezentsten Text vum 14. November zejoert, an deen näechsten geet zeréck op de 15. Mee 2018!

vir déi lescht Generalversammlung war eng Bäckeschdosen Membere physesch präsent; Asaz gesäit aneschters aus, mä d’Journalisten si jo sos genuch op de Been. Allerdéngs, am registre du commerce et des sociétés gëtt et just eng eenzeg trace, datéiert op den 1. Mäerz 2018! 2019 ass näischt bäikomm, keng Zeil iwwer d’Generalversammlong vun deem Joer. Weider feelen d’Lëscht vun de Memberen an de Bilan. De comite ass och net komplett. Gewielt goufen 13 Leit, op der Websäit fënnt een just d’NImm vun 3!

Virun allem awer gouf et bis dato keng offiziell Publikatioun vum finanziellen apport vun deene verschiddenen Associatiounen! Besonnesch déi lénkslasteg ALJ hat virun der Fusioun nawell eng gutt gefëllte Krichskeess! 5 Méint no der Fusioun hätt dat mussen an den RCS stoe kommen! Wéivill Comiteessëtzungen goufen et bannent 12 Méint? War de Quorum erfëllt? Wou sin d’procès-verballen?

Image par PublicDomainPictures de Pixabay

Och ech sinn kee Pobeiertiger, sinn éischter fir déi méi kreativ Aarbecht. Dat do ass schonn e bësselche vill non-chalence! Ma “wat muss sinn, dat muss sinn”! An der Politik géing e soen: hei gëtt et e strukturelle Probleem. Et geet mir net drëm, iergendeen an d’Pan ze klaken, ma e bësselchen Asaaz däerf een sech scho wënschen, oder? Schliisslech sollt mat der Fusioun en neien Ulaf geholl ginn.

Dem Journalist säi Liewen ass op eng Manéier vill méi einfach ginn (digital Vernetzung) an op déi aner Manéier vill méi komplizéiert. Do ass eng staark an engagéiert Vertriedung extreem wichteg! Dëse Méindeg ass Generalversammlung. Et wir ubruecht, wann dee relativ jonke Verband seng intern Situatioun géing klären! Et géing Sënn maachen, eng weider AG virzegesinn: déi ablacklech Equipe – där hiert Mandat eigentlech scho virun 2 Méint opgehalen huet- hätt Zäit, déi verschidde Ponkten ze klären, an dann an aller Transparenz d’décharge ze froen.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *