Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg?
Bild von Mohamed Hassan auf Pixabay

No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och am Zesummenhang vun deenen international hefteg debattéierte „Pandemieverträg“ deet sech scheinbar eppes op politeschem Niveau – och hei am Ländchen. Nodeem divers kritesch Artikelen zu deem Sujet publizéiert goufen an eis politesch Klass sech schwéiere Virwërf ausgesat gesinn huet, schéngt elo Beweegung am Dossier ugesot ze sinn – ‘t  gouf och déck Zäit!

Zumindest déi Gréng, déi ob erliddener, graver Wahlkonsequenzen elo um Virowend vun deene kommenden Europawalen erwächt sinn, hunn dem Auteur vun dësen Zeilen op seng Nofro hi follgend Äntwert zougemailt:

—– Message transféré —–
Date:Wed, 17 Apr 2024 10:10:57 +0200
De:greng@greng.lu
Pour:frabert@pt.lu
Objet:RE: Ee Lieserbréif

Gudde Moien Här Bertemes,

déi gréng ware wärend der Covid-Pandemie an der Regierung an domadder och, zesumme mat der Chamber, un den Decisioune bedeelegt, déi geholl goufen fir d’Krankheet anzedämmen. Dat war keng einfach Aufgab a mir hu probéiert déi bescht Decisiounen ze huelen mat deem Wëssen, dat ons deemols zur Verfügung stoung.

Wa mer elo op dës Decisiounen zeréckkucken, mam Wëssen dat zanterhir zum Coronavirus dobäikoum, da gesi mer effektiv, dass net all Mesure onbedingt sënnvoll war.

déi gréng Partei fuerdert dofir, dass eng onofhängeg Opaarbechtung vun den Decisiounen soll gemaach ginn, fir dass dës

Resultater an e Pandemie- oder Santé-publiques-Gesetz kënnen afléissen.

An der Annex fannt der eise Communiqué vum 27. Mäerz dozou.

Mat beschte Gréiss

___________________________

déi gréng

secrétariat du parti

Dann hei och nach d’Äntwert:

Bonjour,

MERCI fir Är Reaktioun, déi intressant ass.

Ech hoffen, datt eng offiziell Demarche am Kader vun enger Enquête-Kommissioun als Suite vun där deelweis héchst dramatescher Entwécklung an der Konsequenz vun där “Pandemie” stattfënnt – an zwar esou séier wéi méiglech.

‘t schéngt mir als Wieler, dee perséinlech an diverse Beiträg  reagéiert huet a  sech (wéi anerer och) sou munches als “béisen” NET-(mRNA) – Geimpften huet misse bidde loossen, an deem Kontext wichteg, datt och mol (Impf-) kritesch Experten aus Wëssenschaft a Medezin gehéiert ginn, dat géif jiddefalls an esou ee Gremium , deen dir jo elo endlech fuerdert, dragehéieren, sou datt och ENDLECH mol ee kontradiktoreschen Debat ka gefouert ginn an alles ouni iergendeen Afloss op den Dësch kënnt.

Firwat gouf sou vill Zäit verluer an esou vill Parzeläin an eiser Gesellschaft zerbrach, huet dat misse sinn? Sou vill Widderstänn aus diverser Richtung vun Ufank un, wat sech alles just nach gesteigert huet, hätt dach vill éischter vun de Parteie missten opgegraff ginn an dat, fir een anstännegen, enger liberaler Demokratie würdegen, besonnesch awer  objektiven Debat an duerchaus eeschtem Zesummenhang z’erlaben, deen dann och net zu enger evidenter Spléckung vun der Gesellschaft gefouert hätt – déi  WEEM eigentlech genotzt huet?

Dir riskéiert als Partei ee weideren elektoralen Echec an den Europa-Walen, wou net fir näischt 13 Lëschten untrieden…

An nach eppes: Ee Pandemie-Gesetz nom Diktat vun der WHO ass iwwregens och absolut inakzeptabel, wëssend, wat do alles hanner de Kulissen ofleeft. Déi Zäit wou ech an der GAP mol nach politesch aktiv war, wär och hei eng direkt gréng politesch Reaktioun  ganz kloer een absolutte Must gewiescht an duerfir war ech besonnesch vum Verhale vun där haiteger grénger Partei total enttäuscht bis erféiert – an ech sécherlech net eleng (cf. Äert Walresultat, dat an der Konsequenz och an dësem Kontext däitlech ze siche war…)

Egal wéi: Affaire à  suivre deemno, absolut!

Mat beschte Gréiss,

Frank Bertemes

An hei nach de link zum Communiqué vun déi Gréng:

Communiqué+déi+Gréng+2024 copie

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *