Recent Posts

Post Categories

D’Justiz ass kee politeschen Acteur! 
Zanter enger Woch ass de John Petry a senger neier Fonctioun als Staatsprocureur. Hien huet domadder d’Successioun vun der Martine...
3 Joer Krich an der Ukrain: och am Westen net ëmmer déi ganz Wouerecht 
Et ass evident, datt de Russ bei sech doheem net déi ganz Wouerecht iwwer de Krich erzielt kritt. A wéi...
Frank Bertemes: Krisenfall Demokratie 
„Eine Stimme ruft aus dem Chaos: Lächle! Denn es könnte schlimmer kommen… Ich lächelte… Und es kam schlimmer!“ Dieses Zitat...
An engem Joer d’Alice Weidel däitsch Bundeskanzlerin? 
D’Fro an der Iwwerschrëft as provokativ, ma duerchaus realistesch. Et hänkt alles dovunner of, wéi staark oder schwaach déi verschidde...

Blog Post

Ëmwelt

Paul Heinen: D’Limitte vun der grénger Energietransitioun 

Paul Heinen: D’Limitte vun der grénger Energietransitioun
Bild von Alexander Antropov auf Pixabay

 

déi aktuell Lëtzebuerger Energiepolitik refuséiert all Formen vu konventionellen Energien, dat heescht esouwuel fossiller, ewéi nuklearer Natur. Als eenzeg méiglech Alternativ bleift also e System deen zu 100 Prozent op regenerativen Energien baséiert.

Fir d’Objektiver vun der Klimaneutralitéit anzehalen, misst den honnertprozentegen Ausbau vu regenerativen Energien bis spéitstens d’Joer 2050 realiséiert sinn. Associatiounen ewéi zum Beispill Eurosolar fuerderen esouguer d’Erreechen vun dësem Zil bis zum Joer 2030. Fir de Fall, wou dëst weder Hypokrisie, nach politeschen respektiv kommerziellen Opportunismus ass, stellt sech ëmmer nach eng konkret Fro :  Wéi en héijen Ausbau vu regenerativen Energien ass a wéi engem Zäitraum physikalesch, technesch a wirtschaftlech iwwerhaapt méiglech respektiv sënnvoll ?

Et gëtt eng ganz Rei vu Facteuren déi en Afloss op den Ausbau kënnen hunn, ewéi zum Beispill de Flächeverbrauch, d’Variabilitéit vun de Leeschtungen, d‘Käschten, de Ressourcëverbrauch, d’zäitlech Ëmsetzungsméiglechkeeten, zukünfteg verännert Rahmenbedingungen, …asw.

Déi opgezielten Aspekter ginn hei graff illustréiert.

Fakt ass :  Regenerativ Energië si manner konzentréiert ewéi konventionell Energieproduktiounen a musse mat relativ vill Opwand der Ëmwelt entzu ginn. Dofir gi relativ grouss Fläche verbraucht.

D‘Biomass liwwert vun der Gréisstenuerdnung hier duerchschnëttlech 0,02 bis 0,03 Gigawattstonnen pro ha, wann een op engem Hektar vun enger Produktioun ausgeet vun zum Beispill ronn 4.000 m3 Biogas, oder ronn 7 Tonnen Brennholz, oder och nach ronn 1.300 bis 4.000 Liter Agrokraaftstoffer. Eise gesamte Lëtzebuerger Energieverbrauch kéint ee sech also bildlech virstellen als eng zesummenhängend landwirtschaftlech Fläch mat verschiddenen Zorten vun Energieplanzen an der Gréisstenuerdnung vu ronn 20.000 Km2. Lëtzebuerg huet en Territoire vun 2.586 Km2. D’Biomass ka sech also nëmmen a wéineg besidelte Gebidder an engem gewësse Mooss entwéckelen wou et wéineg Flächekonkurrenz zu anere Notzungen gëtt. Dës Fläche si gréisstendeels fir d’Biodiversitéit verluer.

D‘Waasserkraaft ass grad ewéi d‘Biomass steierbar (an der Limitt vun adequate Nidderschlagsverhältnësser, déi och zäitlech variéiere kënnen) a profitéiert dovun, datt d’Natur se an enger gewësser konzentréierter Form un de Waasserleef zur Verfügung stellt, mä se ass ugewisen op eng gewëssen Topographie an Hydrologie, an ass op ville Plaze schon ausgereizt.

Bild von Albrecht Fietz auf Pixabay

D‘Solarenergie ass manner flächenintensiv ewéi d’Biomass, mä brauch ëmmer nach wesentlech méi Raum ewéi konventionell Energien mat engem Flächebedarf vun ongeféier 1,4 bis 1,7 ha pro installéiert Megawatt am Fall vu Fräiflächenanlagen. Wann ee bei enger saisonaler Späicherung vun dëser volatiller Leeschtung ronn d’Hallschent vun der initialer Energie verléiert, da kann ee sech eise gesamte Lëtzebuerger Energieverbrauch also bildlech virstellen als eng zesummenhängend PV-Fräiflächenanlag  an der Gréisstenuerdnung vu ronn 1.600 Km2. Dës Fläch kann deelweis nach landwirtschaftlech mobiliséiert ginn, mä mat der affichéierter Gréisstenuerdnung misst trotzdem eng considerabel Fläch technesch iwwerformt ginn. Zum Vergläich: Konventionell Kraaftwierker kritt een op deem Niveau op 1 bis 2 Km2 ënner. E Facteur 1.000 also.

Wann een egal wéi esou vill Fräifläche brauch, da kéint een sech och emol provokativ froen, fir wat mer eis eigentlech „emmerdéieren“ fir d’Panneauen op esou onzougänglech, dacks schlecht exploitéierbar an dowéinst deier Plazen ze leeën ewéi d‘Daachflächen, déi insgesamt vläicht nëmmen ca. 50 Km2 ausmaachen, also nëmmen e klenge Brochdeel duerstellen vun deem wat gebraucht géif.

D‘Anlagefläch ass bei der Wandenergie méi reduzéiert ewéi bei der Solarenergie, mä ëmmer nach e Facteur 10 bis 100 méi héich ewéi bei konventionelle Kraaftwierker. Wéinst dem géigesäitege Wandschied brauch ee bei zesummenhängende Wandparken awer virun allem e groussen Territoire fir genügend Ofstänn tëschent den Anlagen ze hunn: mat enger duerchschnëttlech produzéierter Wandleeschtung an der Gréisstenuerdnung vun ongeféier 1 bis 2 Megawatt pro Km2 (zesummenhängende Wandpark) a mat de Prozessverloschter bei enger saisonaler Späicherung kann ee sech de gesamte Lëtzebuerger Energieverbrauch also bildlech virstellen als en zesummenhängende Wandpark an der Gréisstenuerdnung vu ronn 8.000 Km2 (mat vun der Gréisstenuerdnung hier ronn 16.000 vergläichbaren industrielle Wandanlagen wéi se aktuell opgeriicht ginn).

Nieft dem Flächeverbrauch gëtt et eng weider Limitt fir déi net steierbar Solar- a Wandenergie, an zwar d’Schwankungen vun der geliwwerter Leeschtung. Ouni saisonal Späicher, déi di net brauchbar Leeschtungen missten erausfilteren — mä fir déi et op engem industrielle Niveau an zu adequate Präisser leider keng realistesch erkennbar physikalesch Perspektiv gëtt — ass de méiglechen Undeel op e klenge Brochdeel vum Verbrauch begrenzt, well et och keng nennenswäert geographesch Ausgläichseffekter gëtt (cf. Windenergie in Deutschland und Europa, VGB Powertech).

Betribswirtschaftlech a vollekswirtschaftlech Käschten stelle natierlech och praktesch Limitten duer, déi nees zeréckzeféieren sinn op d‘physikalesch Limitten wéinst engersäits der klenger Energiedicht an anerersäits de Leeschtungsschwankungen vu wiederofhängege Stroumquellen, Schwankungen déi jo opwänneg Technologien noutwendeg maachen, déi haut an de Präisser nach guer net dra sinn, well et se gréisstendeels ganz einfach net gëtt : Ausbau vu Stroumnetzer (technesch machbar, mä bréngt nees en zousätzleche Rohstoffverbrauch an Ëmweltimpakter), Smartgrid (net existent, ass ënner anerem ofhängeg vun der Digitaliséierung, déi selwer nees ofhängeg ass vum Verbrauch vu kritesche Rohstoffer), saisonal Späicherequipementer (eng gewalteg Kapazitéit wier noutwendeg, déi haut inexistent ass ; héich Späicherverloschter mussen duerch eng zousätzlech Produktioun kompenséiert ginn). Dobäi däerf ee net vergiessen, datt Investitiounen a fix Betribskäschte vu konventionelle Kraaftwierker an dësem System weider bestoe bleiwen, well se jo zu 100% als Backup gebraucht ginn.

Fir all d’Amateure vun enger grénger Energietransitioun kann ee natierlech elo folgende Constat maachen : eng Welt déi zu 100% op regenerativen Energien baséiert, ass selbstverständlech méiglech. Et ass nämlech déi Welt, déi bis viru ronn 150 Joer existéiert huet.

Dobäi ass déi eigentlech Fro awer déi heiten :  Wéi geséich dat aus an enger Welt, déi industrialiséiert ass, déi digitaliséiert ass, eng Welt mat enger gewësser Populatiounszuel, mat engem Gesellschaftsmodell deen op dem Prinzip vum Wuesstem berout, mat gewësse minimale soziale Standarden, mat engem Recht op Schoulbildung a fräier Beruffswiel fir all Mënschen, an enger Welt, wou d‘Mënschen sech an engem gewësse Radius wëllen deplacéieren, wou d’Mënschen eng gewësse mëttel Liewenserwaardung hunn op der Basis vun enger gewësser medezinescher Grondversuergung, an sou weider an sou fort…

Op der Sich no der Äntwert op dës Fro ass et sënnvoll fir sech an e méi globale Kontext ze setzen. Dat kann ee mat folgender Grafik iwwer de weltwäiten Energieverbrauch maachen :

Hei gesäit ee nieft der „100-Prozent-Welt“ aus där mer säit 1850 erausgewuess sinn nach Folgendes :

Den Energieverbrauch ass säit der „100-Prozent-erneierbar-Energie-Welt“ ëm ronn 2.000 Prozent geklomm.

Bis haut gouf et an der Mënschheetsgeschicht nach ni eng global Energietransitioun :  All „nei“ Energieform gouf just op déi vu virdrun dropgetesselt, ouni déi vu virdrun ze ersetzen.

Aktuell liwwere fossil Energien zesummen 137.237 TWh vun insgesamt 160.764 TWh, also en Undeel vun 85,4%.

Aktuell liwweren d’Wand- a Solarenergie als deklaréiert Haaptpilieren vun der Energiewend 2.105 TWh respektiv 1.323 TWh, dat heescht Undeeler vun 1,3% respektiv 0,8% (Nota :  hei ginn déi reell Wäerter no der Wierkungsgradmethod gewisen, an anere Statistiken ginn déi net fossil Energien mat engem Facteur 2,5 bis 3 multiplizéiert fir eng vergläichbar fossil Energie duerzestellen no der Substitutiounsmethod ; dobäi kommen dann fir Wand, Solar, Waasserkraaft, Nuklear asw. statistesch méi héich Undeeler eraus).

Wat gesäit ee nach ?

Säit dem Ufank vun der grénger Energiewend gouf mat enormen Investissementer eng wierklech impressionnant installéiert Leeschtung vu Wand a Solar opgebaut. Et ass awer kee Geheimnis, datt och nach weider a fossil Energien investéiert gouf. Mat dem Ënnerscheed, datt hei knapp 43.000 TWh zousätzlech dobäi eraus koumen, dat heescht mat vergläichbaren Investissementer huet ee bei fossillen Energien en Zouwuess deen iwwer 12-mol méi héich ausfält ewéi bei Wand a Solar. Dat huet natierlech nees eppes mat der physikalescher Contrainte vun der Energiedensitéit an der Notzbarkeet ze dinn, déi zu de Limitte féiert déi Ugangs genannt goufen.

Dat eenzegt wat een also bis elo an der Praxis a puncto „Energietransitioun“ ka noweisen, dat ass den Ëmstand, datt ee Wand a Solar an engem relativ bescheidenen Ausmooss kann installéieren, ënner der Konditioun, datt een am Iwwerfloss vu fossillen Energië schwëmmt, ugefaangen bei de Biergbauaktivitéiten a beim Raffinage vun de Rohstoffer déi ee fir d’Transitioun brauch, duerno d’Metallurgie an divers chemesch Prozesser bei der Weiderveraarbechtung vun de Baumaterialien, dann déi weltwäit Transportlogistik fir Materialien a Baukomponenten, bis hin zu dem Chantier wou d’Wand- a Solaranlagen opgeriicht ginn. Den energeeteschen Iwwerfloss vum Pëtrol ass d’Grondviraussetzung fir dass d‘wirtschaftlech Globaliséierung iwwerhaapt entstoe konnt — eng Globaliséierung, déi den industriellen Ausbau vu Wand- a Solarenergie vun der Biergbauaktivitéit bis zum Chantier eréischt méiglech gemaach huet.

Wéi entwéckelen sech déi „Erneierbar“ bei verännerte Rahmebedingungen, wou d’fossil Energie net méi am Iwwerfloss zur Verfügung steet ?

Kann den Ausbau esou weidergoen, wann déi enorm Biergbaumaschinnen net ewéi haut mat Pëtrol, mä nach just exklusiv mat Wand- a Solarenergie musse beweegt ginn ? Wann d’Metallurgie an divers chemesch Prozesser exklusiv op nohalteger Waasserstoffbasis oflafe mussen ? Wann déi weltwäit Transportlogistik kee Pëtrol méi zur Verfügung huet ? Wann d’Baumaschinnen um Chantier nach just op Wand- a Solarbasis ugedriwwe ginn ?

Wëssenschaftler ewéi den Olivier Vidal warnen, datt déi gréng Transitioun an de nächste Joerzéngten méi Metaller verbrauche wäert, ewéi déi gesamt weltwäit Metallproduktioun säit der Antikitéit bis haut. An och rezent Rapporte vun der Internationaler Energie Agence IEA weisen op dësen héije Verbrauch vu kritesche Rohstoffer hinn. Konkret Beispill Koffer :  an de nächste Joren gëtt bei der grénger Transitioun den aktuelle Kofferverbrauch ëm e Villfaches multiplizéiert, mir stinn awer elo kuerz virum weltwäite Peak vun der Kofferproduktioun, an d’Erschléisse vu neie grousse Minnen brauch duerchschnëttlech iwwer 16 Joer. D’ëffentlech Akzeptanz ka natierlech och eng Limitt fir d‘Biergbauaktivitéiten sinn, wéinst der Envergure vun de quasi irreversibelen Ëmweltimpakter.

Bild von Nikki Wyatt auf Pixabay

Wéinst der klenger Energiedicht ass also eng weider staark Limitt de noutwendege Ressourcëverbrauch,  woubäi d’Konzentratioun vu Metaller am Gestengs no den Donnéeën vun der IEA ëmmer weider ofhëlt, well déi méi produktiv Sitte natierlech als Éischt exploitéiert goufen. Mir wäerten op dësem Wee also ëmmer méi Energie opwenne mussen, fir u Material ze kommen dat mer brauchen, fir en Energiesystem opzebauen, deen ëmmer méi materialintensiv gëtt – wat e Paradox.

Kann een dee Moment ëmmer nach dovunner ausgoen, datt den Ausbau kéint séier viru gedriwwe ginn ?

Mat dësem Wëssen am Hannerkapp an op der Basis vun den Zuelen aus der Grafik hei driwwer kann een dann eng weider Informatioun zéien, fir déi ee keen sophistiquéierten Energiemodell brauch, mä et ass eng „Rechegeschicht“ op der Basis vun de Grondrechenaarten aus der Primärschoul :

Wann ee weess, datt no gängege Prognosen mam weltwäite Wuesstem de globalen Energieverbrauch an de nächsten dräi Joerzéngten vun der Gréisstenuerdnung hier nach ongeféier en Hallwen bis een Prozent pro Joer wiisst, an et hëlt ee nach weider un, datt engersäits d’Waasserkraaft vläicht nach ëm ongeféier 50% ausgebaut ka ginn an anerersäits „Other renewables“ an „Biofuels“ (net nohalteg !) nach mat engem optimistesche Facteur 10 kéinte multiplizéiert ginn, da bräicht ee mat der gemëttelter Ausbaugeschwindegkeet vu Wand a Solar aus de leschte fënnef Joer nach insgesamt iwwer 300 Joer bis datt d’konventionell Energien ersat wieren.

Mat anere Wierder, fir d’Klimaneutralitéit a manner ewéi 30 Joer bis zum Zäithorizont 2050 ze erreechen, misst d‘Ausbaugeschwindegkeet vu Wand a Solar am weltwäiten Duerchschnëtt nach méi ewéi verzéngfacht ginn. Dat ass kee Narrativ, mä brutal Mathematik.

Bild von Annette auf Pixabay

An domat wiere mer dann bei enger weiderer Limitt ukomm, déi nach net erwäänt gouf, nämlech der Zäit. An et schléisst sech och de Krees mat virdru genannte Limitten, déi sech aus der klenger Energiedicht erginn, an zwar d’Limitte vun den Investissementer déi ee muss zäitlech stemmen a notamment och d’Limitte vun de verfügbare Rohstoffer. Wann een effektiv gesäit, datt zum engen Wand a Solar haut weltwäit bei ronn 2% Undeel sinn, datt deemno nach quasi de gesamte weltwäiten Wand- a Solarpark vun elo un misst opgebaut ginn, an datt zum aneren mat der Lafzäit vu ronn 25 Joer déi ganz Matière an den Anlage gebonne bleift, d.h. keng nennenswäert Méiglechkeete fir Recycling, da misste bis zum Zäithorizont vun der Klimaneutralitéit quasi all noutwendeg Rohstoffer aus dem Buedem geholl ginn. Do stellt sech d’Fro vu Stocken, awer virun allem och vu Fluxen vu Matière première, an doriwwer eraus natierlech och déi enorm irreversibel Ëmweltschied duerch déi weltwäit Biergbauaktivitéiten.

Et stellt sech och d’Fro vun der technescher a wirtschaftlecher Ëmsetzbarkeet. Kënne mer bis 2050 eng duerchschnëttlech zéngfach Ausbaugeschwindegkeet duerchhalen, wa mat dëser héijer Demande d’Rohstoffpräisser klammen, a wa gläichzäiteg progressiv déi fossil Energiebasis ofgebaut gëtt, déi bis elo déi héich Produktivitéit an Effizienz an alle Beräicher vum gesamte Prozess vun der Minn bis zum Chantier garantéiert huet an d’Grondviraussetzung war vun der Globaliséierung a vun internationale Liwwerketten.

Ech si mer net 100% sécher, ob d’ëffentlech Diskussioun all déi genannten Aspekter a Limitten um Radar huet. Wann een zum Beispill dëse Summer all déi Jubel-Reportagen an de Print- an audiovisuelle Medien iwwer verschidde Wandprojeten verfollegt huet, da gesäit een, datt op alle Fall zu Lëtzebuerg eng méi kritesch journalistesch Approche an deem Beräich net onbedéngt d‘Reegel ass. Warscheinlech fënnt dowéinst och d’Politk kee Wee aus dem aktuelle Narrativ eraus.

Et fënnt ee natierlech eng Rei Etüden, déi aussoen, datt 100% regenerativ Enegien net nëmmen an der virindustrieller, mä och an der aktueller Welt méiglech sinn. Bei der Bewäertung vun esou Etüden brauch een emol guer net an d’Polemik eranzeklammen, déi et zum Beispill aktuell an Däitschland gëtt mat interessegesteierten a mat der Politik verbandelten Instituter, Stëftungen an ONGen. Et brauch ee sech just op reng wëssenschaftlech Fakten ze baséieren, wann een esou Expertise liest.

Dobäi sollt ee bei Aussoen aus der Wëssenschaft ëmmer d’Aarbechtshypotheese ganz genee kucken a sech dobäi ganz pragmatesch mat gesondem Mënscheverstand froen, ewéi warscheinlech et ass, datt dës Aarbechtshypotheesen antrieden, oder och net − an der Kenntnes vun de Limitten, déi hei driwwer graff opgezielt goufen.

Esou si mer am Summerlach d’lescht Joer mat enger Etüd vun der Stanford University an de Medien konfrontéiert ginn, déi eis versprécht, datt ee mat enger Investitiouns-Zomm vu 14 Milliarden Euro zu Lëtzebuerg eng komplett gréng Energietransitioun ka realiséieren.

Ganz einfache Plausibilitéits-Check :  Wann een dëse Montant op d’Zuel vun de Lëtzebuerger Haushälter ventiléiert, da kënnt een op eng Gréisstenuerdnung vu ronn 50.000 Euro pro Stot. Bei engem zukünftegen 1 Millioun-Awunnerstaat wieren et da graff 30.000 Euro pro Stot. Jiddereen, dee scho mol en Devis fir eng Wäermepompel ugefrot huet, weess wat ee fir dës Zomm kritt. An där Zomm ass awer nach net d’energeetesch Sanéierung vum Haus mat abegraff. Wann een iwwer den Tellerrand vun de private Stéit erauskuckt, dann huet een fir dee Budget natierlech och nach keng eenzeg Wandanlag opgeriicht (mir bräichten Dausende vun Anlagen), kee Solarpanneau (mir bräichten honnerte vun Quadratkilometer Fräiflächenanlagen), keen Ausbau vun de Stroumnetzer, keng Ëmstrukturéierung vun de Stroumnetzer mat Smartgrid, keng Batterie-Kuerzzäitspäicher, keng Elektrolys Anlagen, kee Waasserstoffnetz, keng saisonal Energiespäicher, keng Backup-Gaskraaftwierker, keng Elektromobilitéit, keng Elektrifizéierung vun industrielle Prozesser, an sou weider an sou fort… Hänke mer also méi realistesch léiwer mol nach eng Null hanner deen annoncéierte Budget a vergiesse mer net, datt et jo net mat enger eemoleger Investitioun gedoen ass, wann een déi relativ kuerz Lafzäiten vu ville vun dësen Equipementer bedenkt.

Domat net genuch :  No der Stanford-Etüd bräicht ee just 7% vun eiser 2.586 Km2 grousser Landesfläch ze mobiliséieren fir déi dofir noutwendeg Infrastrukturen opzeriichten. Mat de konkreten Zuelen, déi am Ufank vum Text fir e Mix Wand/Solar/Biomass genannt goufen, ka jo jiddereen esou Aussoen elo vläicht besser anuerdnen.

Wéi een Undeel Biomass, Wand a Solar wier dann elo opportun ?

Bei der Biomass gëtt mëttlerweil allgemeng erkannt, datt een dës wéineg nohalteg Energieform par rapport zu haut nach éischter misst reduzéieren (am Lëtzebuerger PNEC gëtt hei zwar ëmmer nach op eng gewësse politesch Clientèle Récksiicht geholl).

Bei Wand a Solar ass den Drock vun der betreffender Industrie an der grénger Finanz héich, mä wann een et reng vun de Fakten hier kuckt, da gesäit ee Folgendes :

A puncto Versuergungssécherheet bréngen dës zwou Energieformen ganz einfach näischt, well déi an der Praxis festgestallte geséchert Leeschtung och europawäit gekuckt quasi Null ass. Et brauch een also quasi 100% Backup Kraaftwierker, egal wéi héich den Ausbauniveau vu Wand a Solar ass (cf. Windenergie in Deutschland und Europa, VGB Powertech). Dofir geet och déi dacks formuléiert Fro „Kuck der léiwer op en AKW oder op eng Wandanlag“ (an der Realitéit éischter dausenden vu Wandanlagen) hoerschaarf géint d’Realitéit, well déi konventionell Kraaftwierker global gesinn wéinst der Netzstabilitéit bleiwen. An deem Kontext eng Fro :  Gëtt de franséischen AKW-Park éieren méi sécher, wann e wéinst enger verstäerkter Wandstroumproduktioun manner produzéiert an doduerch manner Revenuen huet ? Et wier vläicht derwäert fir emol doriwwer nozedenken.

A puncto Wirtschaftlechkeet a Bezuelbarkeet vun der Energie :  Aus dem Punkt vu virdrun geet ervir, datt déi konventionell Kraaftwierker net kënnen ersat ginn, egal wéi vill Wand- a Solaranlagen opgeriicht ginn. De System gëtt also mat all Wand- a Solaranlag déi dobäi kënnt vollekswirtschaftlech méi deier. D’Käschte gi mam lafenden Ausbau esouguer iwwerproportional an d’Luucht, well de System ëmmer méi opwenneg gëtt mat dem Ausbau an der Ëmstrukturéierung vum Stroumnetz, mat Equipementer fir Smartgrid, mat Kuerzzäitspäicher, mat saisonale Späicherequipementer… asw. Dobäi kënnt déi beschriwwe Problematik, op wéi eng Manéier regenerativ Energien sech zukünfteg iwwerhaapt nach weiderentwéckelen bei verännerte Rahmebedingungen, wou d’fossil Energie net méi am Iwwerfloss zur Verfügung steet fir d’Biergbauaktivitéiten, fir d’Rohstoffveraarbechtung, fir déi weltwäit Transportlogistik, fir d’Baumaschinnen um Chantier, …asw.

Kann een dee Moment ewéi an den aktuellen Zenarien ëmmer nach dovunner ausgoen, datt den Ausbau ka séier viru gedriwwe ginn an dat zu ëmmer méi nidderege Käschten ?

A puncto Klimaschutz gesäit een an der Praxis, datt den CO2 Gehalt vum Stroum an de verschiddenen europäesche Länner relativ wéineg ofhängeg ass vum Ausbauniveau vu Wand a Solar, mä datt den CO2 Gehalt staark gekoppelt ass un de Mix vun de steierbare Kraaftwierker. Obwuel zum Beispill Däitschland mat déi héchsten Densitéit vu Wand a Solar huet, gehéiert et mat iwwer 400 gCO2 pro KWh zu den europäesche Schlussliichter, wärend Länner ewéi Norwegen, Schweden, Schwäiz oder Frankräich mat engem Mix aus Waasserkraaft a Nuklear bei ronn 50 gCO2/KWh oder manner leien. Wat den Undeel vu Wand a Solar méi héich ass, wat d’Amplitude vun de Leeschtungsschwankungen an déi betreffend Gradienten méi héich sinn, esou datt mat ëmmer méi flexibelen, fossille Kraaftwierker muss gepuffert ginn. Dofir läit zum Beispill den Undeel vu Gasstroum a Länner ewéi Däitschland oder Spuenien méi héich ewéi a Schweden oder Frankräich.

A puncto „Ofhängegkeeten“ :  Aus dem Punkt vu virdrun geet ervir, datt Länner ewéi Däitschland oder Spuenien, déi sech mat engem héijen Undeel vu Wand a Solar méi ofhängeg vum Wieder maachen, sech automatesch och méi ofhängeg vum Gas maachen. Bei dës Ofhängegkeet kënnt an engem globale Kontext fir d’Ëmsetzung vun der grénger Energiewend an Europa elo nach eng zousätzlech Ofhängegkeet dobäi, nämlech d’Ofhängegkeet vu kritesche Rohstoffer. A rezente Rapporte vun der IEA gesäit een, datt d’geographesch Konzentratioun vu kritesche Rohstoffer méi héich ass ewéi déi vu Pëtrol a Gas. Méi Wand a Solar fir geopolitesch méi onofhängeg ze ginn, ass also eng vun den „Onwourechten“ déi haut an der ëffentlecher Diskussioun zirkuléieren.

A puncto Ëmweltverdréiglechkeet, misst een de Leit emol erklären, wat flächendeckend iwwer 200 Meter héich Industrieanlagen oder PV-Fräiflächenanlagen mat Ëmweltschutz ze dinn hunn. D’Impakter op d’natierlech a mënschlech Ëmwelt kann een an all Ëmweltverdréiglechkeetsprüfung am Kontext vu Geneemegungsprozeduren noliesen. Dowéinst gesinn de neie PNEC an déi zukünfteg Gesetzgebungen jo warscheinlech vir, fir dës Prozeduren ze vereinfachen, oder ewéi bei „Repowering“ ganz einfach déi haut noutwendeg Ëmweltetüden carrement ofzeschafen. Mat all Wandpark oder PV-Fräiflächenanlag gëtt d’Natur weider industriell iwwerformt.

De beschriwwenen héije Materialverbrauch huet fir eis nach keng direkt sichtbar Konsequenzen. Bei der Ëmsetzung vun der grénger Transitioun entstinn awer an aneren Deeler vun der Welt wéinst dësem Materialverbrauch irreversibel Ëmweltimpakter a sanitär Impakter an engem bis elo nach net gekannte Moossstaf.

Objektiv Konklusioun a puncto „Undeeler“, déi erstaunlecherweis diametral opposéiert ass zum gängege Narrativ :  Wat den Undeel vu Wand a Solar méi héich ass, wat d’kontraproduktiv Effekter méi wuessen.

An den aktuelle Walprogrammer gesäit een, datt grouss Deeler vun der Politik sech léiwer op kuerzfristeg Ersatzhandlunge konzentréieren, déi dem Wieler zwar e gutt Gewësse vermëttele sollen a vun deenen ee sech dee Moment gutt Walresultater erhofft, déi awer iwwer déi gängeg Walecheancen eraus relativ wéineg Sënn maachen.

Alternativ Piste goufen op dëser Plaz schonn an enger Analys vum „Etat des lieux Klima an Energie 2021“ ugeschwat, déi den 15. Mee 2022 hei online goung (https://guykaiser.lu/paul-heinen-kritesch-lektur-vun-der-bestandsopnam-klima-an-energie-2021/).

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *