De Jemp war ëmmer e brave Bierger. Hien huet seng Steiere bezuelt, hat keng Scholden an hat ëmmer eng kleng Reserve Schäiner am Portmonni, fir dass e sech net misst blaméieren, wann d’Kaart mol net funktionéiert. Mee mat der Zäit gouf et knapps am Portmonni. Mënze ware nëmme nerveg, an d’Kaart war esou praktesch, dass de Jemp sech ëmmer méi drop verlooss huet.
Esou ass et dann och komm, dass hie säi Geld net méi gesinn huet – et war just nach eng Zuel um Bildschierm. D’Pai gouf digital iwwerwisen, d’Rechnunge goufen automatesch ofgebucht, a Paidag war net méi de Moment, wou hien eng Rei frësch Schéiner an d’Hand gedréckt krut, mee just nach e klenge Pling um Handy: “Virement reçu.” Dat huet hie berouegt. Dat heescht, et leeft jo alles gutt.
Mee dann, enges Daags, wéi de Jemp sech e Kaffi am Supermarché kafe wollt, sot d’Caissière mat engem bedauerleche Bléck:
„Är Kaart gouf refuséiert.“
De Jemp huet gelaacht. Eng technesch Pann, näischt Neies. Hien huet d’Kaart nach eng Kéier un de kontaktlosen Terminal gehalen. Näischt. Eng aner Kaart. Näischt. Den Handy mat Apple-Pay, och dout…
D’Leit hannert him hu geblosen an d‘Ae verdréint, an d’Caissière huet hie mat engem Bléck ugekuckt, dee se normalerweis just fir d’Clienten an der Rentner-Kees reservéiert: „Mäin Här, mir kennen dat all, mä et hëlleft näischt. Probéiert et mol mat Boergeld“.
Boergeld? De Jemp huet a seng Täsch gegraff, mee hien hätt et direkt kënne besser wëssen: Keen eenzegen Cent. Wéini hat hien déi lescht Kéier eng Mënz an der Hand? Wéini hat hie säi leschte Billjee ausginn? Et koum him vir wéi an enger anerer Zäit, wéi en an e Café gaange war a mat engem ugerappten 100-Frang-Schäin eng Taass Kaffi bezuelt hat.
Mee haut, elo, war alles just nach Plastik. An de Plastik huet net funktionéiert.

“Ech verstinn dat net,” huet de Jemp gesot , “ech hunn dach Suen um Kont?”
„Dat kann ech Iech net soen,” sot d’Caissière. „Vläicht e Problem mam System. Probéiert et méi spéit nach eng Kéier.”
Méi spéit? An der Tëschenzäit stoung de Jemp do mat engem Kaffi, deen net him gehéiert huet. An ouni Suen.
Hien huet de Kaffi missten zeréckloossen, an ass dohinner gaangen, wou ee kéint Hëllef kréien. Bei de gudden ale Bankomat. Dee war bestëmmt och méi gedëlleg wéi eng Caissière. Mee och hei: “Transaktioun net méiglech.”
De Jemp huet säin Handy erausgeholl, wollt d’Bank-App opmaachen. Mee fir sech anzeloggen, huet een eng SMS gebraucht. D’SMS koum awer net.
Vun engem Moment op deen aneren hat de Jemp keen Zougang méi zu sengem eegene Geld. Oder hat hien iwwerhaapt nach eppes? Hie konnt et net beweise, well seng Sue just nach digital als Ziffer an engem Computer existéiert hunn – an haut hat de System decidéiert, net méi matzespillen.
Op eemol war hie kee Client méi, kee Bierger mat engem Bankkonto, kee Konsument mat enger funktionéierender Kaart. Hie war just nach een ouni Suen.
Mee de Jemp wollt net esou einfach opginn. Hien erënnert sech un eng aner Bank, e puer Stroossen ewech, mat engem Bankomat, vläicht géif dee jo goen!
Hien huet sech getommelt, krut schonn Otemnout, wéi hien d’Bank vu wäitem gesinn huet – just fir dann ze mierken, dass den Automat an dausend Stécker gesprengt war. E puer rout-wäiss Afspärbänner hunn am Wand geflattert. E Schëld un der Mauer huet drëchen erkläert:
„Dëse Bankomat gouf vu Kriminelle gesprengt. Mir bieden ëm Äert Versteesdemech fir d’Onannehmlechkeeten.“
De Jemp stoung do, an huet op d’Reschter vum Automat gekuckt. Da nees op seng Kaart. Da rëm op den Automat.
Säi Mo huet gegrommelt. Säi Kaffi stoung nach ëmmer – mëttlerweil kal – bei der Kees am Supermarché. Säi Portmonni war eidel.
Lues a lues ass him kloer ginn: Dat hei war net just eng kleng technesch Pann.
De Kaartejemp war gebiischt. A fir d’éischt a sengem Liewen huet hie sech gefrot, ob d’Zukunft wierklech esou fortschrëttlech ass, wéi se ëmmer gesot hunn.
Ernesto Fluni
Ee flotten Text mat absolut zoutreffend, bedenklechem Inhalt. Der Lescht stounge mir an engem Geschäft wou och grad eng Pann mam Bancomat war. Mir hunn dunn eebe bor bezuelt an du hunn ech der Madamm am Geschäft gesot, datt dat hei jo wuel ee wonnerbart Beispil vun deem wär, wann et sou wäit kéim, wéi verschidde Länner (cf. Schweden) et haut scho praktizéieren, et eebe kee Borgeld méi géif ginn! Flott wann am Supermarché mol no enger Häckeraktioun oder genereller Stroumpann Masse vu Leit an de Keese stéingen, ouni ee Sou (mengt natierlech Cent) an der Täsch….