Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Europa

An elo d’Europawahlen, mam Thema Migratioun a Sécherheet! 

An elo d’Europawahlen, mam Thema Migratioun a Sécherheet!
Photo by Doruk Aksel Anıl: https://www.pexels.com/photo/tents-in-a-refugee-camp-15861730/

 

D’Gemengewahlen zu Lëtzebuerg si gepackt, grad esou d’Nationalwahlen. Eng vun de Konklusiounen: d’Land ass méi no riets gerutscht, d’ADR gouf gestäerkt. Déi Partei déi sech virun iwwer 30 Joer eng éischte Kéier opgestallt hat fir Rentegerechtegkeet ze kréien tëscht dem privaten an dem ëffentleche System, gëtt vun den Observateure gären an den extreemen Eck gestallt. Si wär souzesoen eis Rietsextreem, eis Rassisten, eis Faschisten!

An Däitschland jot ee Politmonitor deen aneren mam geseente Brout fir eng riets AFD, déi neierdéngs zweetstäerkste politesch Kraaft wier. Och alles Nationalsozialisten, Drecksäck? Fakt ass, datt dee rietse Bord massiv vun der Populatioun ënnerstëtzt gëtt, an zwar vu Skandinavien erof an Italien, vu Frankräich eriwwer an Däitschland. Elo schonn ass gewosst, datt bei den nächste Wahlen – zu Lëtzebuerg esou gutt wéi an der Friemt- de Sujet Migratioun wäert dominéieren.

“…D’Europawahlen an 8 Méint hunn zu Lampedusa ugefaangen…”

Bild von Jim Black auf Pixabay

Am September koumen op där klenger italieenescher Insel Lampedusa iwwer 10.000 Flüchtlingen un, eng Insel mat enger Fläch vun 20 Quadratkilometer a mat 6000 Awunner. Normal ass déi Situatioun also net! Si erënnert mech un de Flüchtlingsstroum an de Joren 2015/2016. Deemools hat an Däitschland eng eeler Fra hiert ganzt Liewe quasi eleng an der Gewan verbruecht a wor an engem Siess vun engem Container-Duerf agepiercht ginn mat 700 Flüchtlingen. Si gouf domadder net eens an hat sech iwwer d’Flüchtlingen opgereegt.

Am Plaz datt d’Press Versteesdemech fir déi eeler Madamm gewisen hätt, koum deen éiwege Saz: “Dieser Schooss ist fruchtbar noch”, souzesoen als Erënnerung, datt de Virus vum Faschismus an eis all dra sëtzt an datt et net vill brauch fir hie wakereg ze maachen. Mat där éischter Migratiounskris gouf an Däitschland ëmmer méi dacks den Term vu “Lügenpresse” benotzt: d’Vollek huet sech falsch verstane gefillt, am Stach gelooss an déi Press ass haut ze domm ze mierken, datt ausgerechent si de Rietsextreemen an d’Kaarte spillt.

Bei wäitem net jiddereen dee stramm riets wielt, ass och tatsächlech vun deem Virus befall. Dacks fillt de Bierger sech a sengem Land net méi ewéi op der eegener Mëscht. Beispill Schweden. Wochen virun de leschte Nationalwahlen war déi ëffentlech Sauna zu Stockholm praktesch eidel, virun allem ware keng Männer do. An enger Sauna – besonnesch an de skandinavesche Länner- weist een sech an Adams-Kostüm, also och de Mann mat sengem Schwinzeli.

An déi Männer goufe vun der muslimescher Communautéit reegelméisseg verbal agresséiert, well d’Skandinavier nun emol an der Sauna hiert beschte Stéck weisen, och vis-à-vis vun de moslimesche Fraen. Resultat: d’Schwede bloufen doheem an haten hier Revanche an der Wahlkabinn geholl, ouni datt de Schwanz onbedéngt no rieds ausgeschloen hätt.

Et ass ee Beispill vu villen, wou de Bierger sech net méi wuel fillt. Alles Fascho? Quatsch! Ma d’Press wëll et besser wëssen, trëtt op als Moralpriedeger a vergësst dobäi, dem Vollek nozelauschteren. Kee Wonner, datt d’Zuel vun den Abonnementer zeréckgeet grad esou wéi d’Vertrauen vum Lieser a ‘seng’ Zeitung!

“Natierlech verzielen déi Rieds-Extreem vill Kabes!…”

Esou hat de Front National schonn 1978 op sengen Affichen geschriwwen: ” 1 million de chômeurs, c’est 1 million d’immigrés de trop“. Op déi Manéier gouf am Feier gestëppelt fir de Bierger Angscht ze maachen. Iwwerall do wou déi national-populistesch Parteien (mat) un der Muecht sinn, hunn si versot.

Bild von Gerd Altmann auf Pixabay

D’Italienerin Giorgia Meloni hat strikt Kontrollen op de Grenze versprach, esou guer e Barrage vu Schëffer um Mier mam Resultat, datt haut nach méi Flüchtlingen an der Stiwwelnatioun ukommen ewéi virdrun! Wuelverstanen: si kommen do un, bleiwen awer net laang. Italien gouf zejoert just 7610 Persounen den Asyl-Statut, an Däitschland waren et der bal 41.000! (L’Express)

Och a Groussbritannien huet sech zanter dem Brexit d’Zuel vun der illegaler Immigratioun verduebelt! Dat wat nationalistesch Vertrieder verstoppen: Regulatioune fir d’Immigratioun op nationalem Plang daachen all näischt, si musse schonn op europäeschem Plang geholl ginn. An do ass et tatsächlech wou et net klappt, net weiderkënnt.

Datt d’AfD an Däitschland den Ament an de Meenungsëmfroen esou héich läit – op nationalem Plang zweetstäerkste Kraaft, a verschiddene Bundesländer esou guer Leader-, erféiert, an esou ass et och geduecht! Den Narrativ: déi grouss Parteien hate Joer laang Zäit an hunn näischt fäerdeg bruecht. Dann drécke mir si elo an den Eck a wielen extreem. Dovunner hält ee wat ee wëll, ma et ass d’Realitéit!

An deementspriechend huet sech déi politesch Sprooch zu Berlin scho fatzeg geännert. De Kanzler Olaf Scholz seet an Tëschenzäit Sätz ewéi wir müssen schneller abschieben, op Lëtzebuergesch: mir mussen d’Flüchtlinge méi séier lassginn an hie kritt dobäi vun der Ëffentlechkeet an d’Hänn geklappt. Wann viru Joer eng Privatpersoun eppes Änleches op de Facebook gesat huet, war hien net méi gutt fir heeschen ze goen!

Iwwer 2000 Migranten haten Enn Oktober zu Lëtzebuerg hir Demande fir de Flüchtlingsstatut agereecht. Dat ass Rekord an domadder gëtt dat klengt Land och net méi eens. D’Strukture sinn iwwerfëllt, ëmmer méi dacks gesäit een dës Leit mat enger Plastiksbaatsch ënner enger Bréck campéieren, reegelméisseg och am Agank vu Privatresidenzen.

Dat suergt fir Onrou! An da kënnt (berechtegt) Kritik aus dem Vollek un d’Adress vun der Regierung, virop vum (Ex)Ausseminister Jean Asselborn:

Alles falsch an deem Post? Alles fascho? Esou Aussoen deiten éischter op Frust hin verbonne mat Protest. Dat kann duerchaus geféierlech ginn. Muss et awer net, virausgesat d’Politik – an domadder mengen ech déi grouss traditionell Parteien- hëlt dës Suergen aus dem Vollek méi eescht ewéi si dat déi lescht 10 Joer gemaach huet.

De Sujet “Sécherheet” huet schonn an de Kommunal- an an den Nationalwahlen matgewierkt a wäert d’Europawahle dominéieren. Et ass an der Haaptsaach un der CSV do entgéintzesteieren. Grad si huet et ënner de klassesche Parteien ëmmer nees thematiséiert an also muss si an den nächste Méint mat Propose kommen. Am Koalitiounspabeier gëtt nees de Platzverweis ugekënnegt an och d’comparution directe.

Am Juni heescht der CSV hire gréisste Konkurrent net méi Blo-Rout Gréng, ma ADR! Virun engem Mount huet d’Land fir e Regierungswiessel gestëmmt. Eleng déi Gréng sinn ewechgefuer ewéi Kluckendreck, wéi wann een sech ënner der Wielerschaft d’Wuert ginn hätt: ewech mat den Ekologisten, dann ass Gambia net méi méiglech. Aus där nämmlechter Iwwerleeung wäerten eng Partie Wieler a leschter Sekonn decidéiert hunn, hiert Kräiz dach léiwer ënner d’CSV ze maachen ewéi bei d’ADR. Et ass net gesot, datt dee Reflex sech bei den Europawahlen widderhëlt!

Bild von 5529919 auf Pixabay

Deenen enge ginn déi vill Heescherten -besonnesch an der Haaptstad- just op den Nerv, déi aner maachen sech Gedanken ëm d’Sécherheet. Munchmol huet et och eppes mat Jalousie ze dinn, wou de Bierger sech benodeelegt fillt vis-à-vis vun den Hëllefe fir Flüchtlingen. Dobäi ass grad e Land ewéi Lëtzebuerg op Immigratioun ugewisen.

Bannent 10 Joer ass d’Populatioun ëm bal 26 Prozent geklommen, ronn 15 mol méi séier ewéi den Duerchschnëtt an der Europäescher Unioun. An dat wäert net ofhuelen, well an der Tëschenzäit sinn 20,5% vun den Awunner iwwer 60 Joer al (136.000 vu 661.000). An engem Land ewéi Frankräich läit dee Prozentsaz geschwë bei 30 Prozent. Déi autochton Populatioun an Däitschland fänkt och un zeréckzegoen. Also mussen Auslänner eran an d’Land!

D’Migratiounskris huet mol nach net richteg ugefaangen. Eleng an Afrika -esou gëtt geschat- wären 220 Millioune Leit bereet, de Wee erop op den ale Kontinent ze maachen. Do fillt sech de Bierger dach iwwerdubbert, wéi wann hien d’Kontroll iwwer d’Situatioun verluer hätt. Immigratioun jo, awer on demand! D’Land brauch Steemetzer? Da loosse mir der e puer aus dem Balkan kommen. Aide-soigant si gefrot an net do? Da ruffe mir der aus dem Maghreb.

Dat ass d’Wonschvirstellung vu ville Lëtzebuerger an déi setzt viraus, datt d’Europäesch Unioun nees Recht an Uerdnung op hire Bausse-Grenzen hierstellt. Op deem Punkt hunn d’Populisten alles ze gewannen an d’Politik villes ze verléieren!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *