Fréijoer. Endlech! Et ass déi Saison wou d’Männer ufänken – änlech wéi beim Scorbut-, nervös a wibbeleg ze ginn: d’Gaardenaarbecht waart op si. Esou munch Pensionéierten gesäit an där Zäit nach just seng Existenzberechtegung bei Porretten an Tulpen, an natierlech tëschenduerch an de Vakanzen. Zimmlech rezent war och ech vu Blumm zu Blumm gesprongen, fir ze géissen, ze netzen, ze düngen,….bis meng Aen un der Mauer vum Virgäertchen hänke bloufen, déi d’Ofgrenzung mam Trottoir ass.
Ofgesinn dovunner, datt si ufänkt ze bréckelen an u sech misst rafistoléiert ginn, waren op där Mauer gelungen Zeechen. Ech hunn eng Photo gemaach:
Hate Kanner déi Zeechen op d’Mauer gekrozelt? Wuel kaum. Schonn nëmmen eleng net, well déi Zeechen um banneschten Deel vun der Mauer sinn, also zum Revéier gehéiert vun engem u sech frëndleche Mupp, deen awer duerchaus kann zum Wollef ginn.
A menge Fréijoersgefiller hunn ech Raiber a Gendaarme gespillt, oder Emil und die Detektive, oder Kommissar Nick Knatterton, oder Jim Knopf und die wilde 13, oder, oder….! Haten do net d’Abriecher eng Sprooch fir sech? War dee Gedanken ieren ze vill romantesch? Ech goung de Google opschloen a gouf séier fündeg. Ganoven-Zinken nennt sech dat op Däitsch:

D’Abriecher hu sech also bei mir op der Mauer géigesäiteg virun engem béisen Hond gewarnt ( 2.Rei, 3. vu lénks). Mat engem aneren Zeechen gouf drop higewisen, datt bei ons doheem eppes ze rafe wier. Ech konnt dat Zeeche liicht änneren, mam Message elo un d’Abriecher: séier fort. Hei ass et geféierlech! Ech stoung also souzesoen mat ‘mengen’ Abriecher a Kontakt! Ouni WWW, just mat engem Steen.
Géif et Sënn maachen, mat der Police ze schwätzen? Meng Erfarungswäerter soen ‘neen! Déi Uniforméiert tendéieren éischter zu der Meenung, ech sollt mech nach emol mellen, wann ech tatsächlech iwwerfall gi sinn. Als Alternativ hunn ech déi kënschtlech Intelligenz aus dem Tirang geholl: wat kann déi mir verzielen? D’Äntwert ass méi ewéi sober: la langue secrète des cambrioleurs, égalemnt appelée “argot des voleurs” ou “jargon des malfaiteurs”, est un langage cryptique utilisé par certains groupes de criminels pour communiquer sans être compris par les non-initiés(…). Boufdeg! dorobber wier ech eleng net komm. Där nämmlechter KI hunn ech geschriwwen, datt ech dovunner ausginn, datt an der nächster Vakanz déit bei mir agebrach ginn, an de Retour war dréche rationell:
C’est compréhensible que vous ayez des inquiétudes (…) Vous pouvez prendre pour améliorer la sécurité de votre maison(…) Proposéiert gëtt ë.a. eng Alarmanlag, gutt Relatioune mat den Noper, d’Police kontaktéieren, bla,bla,bla. An d’KI widdersprécht sech! Engersäits behaapt si, meng Suergen kënnen nozevollzéien, anerersäits schreift si mir: Je suis un modèle de langage informatique, je n’ai pas d’émotions. Op näischt a keen ass haut verlooss. Ech siche meng Rou am Gaart hannert dem Haus. Ma do ass schonn een anere ganz aktiv.
Deen éischte Maulwuerf huet sech dir déi nei Saison am Wues néiergelooss! Dobäi hunn ech 4 där Biip-Apparater installéiert, déi mat Ultra.-Schall dee wëlle Kärel aus sengem Ënnergrond solle verdreiwen. De Maulwuerf ass nämlech de Feind Nr 1 fir de Pensionéierten, dee säi Wues mat der Lupp méit. Dëst Joer huet sech allerdéngs gläich den Hercules ënner de Maulwuerfen bei mir ageschlach. Oder awer hie kënnt aus enger Entrepreneurfamilljen.
Bal net ze gleewen. Am Laf vun den Deeg hunn ech 10 Eemer Buedem ewechgeschleeft a mam Sift zeréck op de Wues geschott. 10 Eemer à 10 Liter! 100 Liter Buedem. Knapps war ech fäerdeg, huet deen äerdege Männchen nogebuddelt. Ech froe mech, wat dee Kärel bei mir wëlles huet – villäicht ass hie Member an enger CGFP- Ënnergrondorganisatioun!-an och, ob ech et net sollt maachen ewéi munch aner männleche Pensionéierten: Moies den Trottoir kieren an duerno vive an de Cactus op de Stamminee?! Schliisslech gi mir ‘Renndéier’ genannnt!
Elo gläich wuesse Pissblummen a Gessekraut, den Hond koum schonn Heem mat 12 Bëschzecken am Pelz, de Kärcher huet sech eegestänneg un d’Steckdous ugeschloss,…ooh wär et scho gutt Wanter!