Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesondheet

Covid-19: nom Booster, de Booster…an nach emool de Booster 

Covid-19: nom Booster, de Booster…an nach emool de Booster
Photo de cottonbro: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/homme-gens-femme-jeune-3951628/

Ech sinn iwwer 60 Joer al an hätt mech also kënnen am August fir d’Zweet boostere loossen. Ech soen der Regierung Merci fir d’Invitatioun, ma ech hunn net matgemaach. Et gi fir mech dofir verschidde Grënn: engersäits sinn d’Experten – besonnesch an eisen Nopeschlänner – ënnert sech zerstridden an zugläich awer och guer net mat der Politik averstanen, anerersäits huet déi nämmlecht Politik eng sachlech Diskussioun refuséiert iwwer déi eventuell Niewewierkungen vun den eenzelen Impfstoffer bis ewell. A schliisslech kënnt jo elo am Oktober en neie Vaccin op de Maart dee méi geziilt op déi nei Varianten orientéiert ass! Also ass an dësem Fall ofwaarden besser ewéi antizipéieren.

De Gesondheetsminister ‘Karli’ an Däitschland schéngt bal wéi vun alle gudde Geeschter verlooss ze sinn a schwätzt dovunner, sech an Zukunft all dräi Méint nei buusteren ze loossen. E ‘booster’ ass jo näischt aneschters ewéi eng zousätzlech Dosis, als Verstäerkung fir déi Vaccinatioune virdrun. A well de Virus sech ëmmer nees zu neie Variante verännert, muss doropper reagéiert ginn. Héiert sech also logesch un, ma d’Wëssenschaftler streiden sech mat der Politik. Wéi soll dat iwwerhaapt an der Praxis funktionéieren: all dräi Méint Millioune Leit an Däitschland ze picken?!

Den däitsche Virolog Kekulé war nach virun engem Joer den absolutten TV-Star. Haut awer gëtt hien vun der Press royalement ignoréiert. De Mann kommunikéiert neierdéngs via säin eegene Poadcast a weist sech immens skeptesch vis-à-vis vun der Zouloossung vum leschte Vaccin https://bit.ly/3e4l48E Et goufen net genuch wëssenschaftlech Daten an esou wier bei der Zouloossung vum Impfstoff enger Partie Virologen de Mond opstoe bliwwen. Hie fënnt et och katastrophal, datt et sech ëm eng Standardzouloossung handelt, datt an anere Wieder de Vaccin net all Joer muss nei iwwerpréift ginn.

Kekulé, deen neie Schwurbler? A firwat gouf kee groussen Titel an der lëtzebuerger Press gemaach, wéi d’Weltgesondheetsorganisatioun viru ronn engem Mount de Message eraus gouf: mir hunn d’Pandemie esou wäit gepackt?

Photo de cottonbro: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/femme-signe-mise-en-garde-texte-3951615/

Ech stoung vun Ufank un hannert der Wëssenschaft a war fir d’Impfung. Dobäi war kloer, datt de Vaccin de Mënsch net dogéint schützt, de Covid nawell ze erwëschen, ma de Verlaf vun der Krankheet sollt bedeitend manner schlëmm sinn. Op déi Manéier entwéckelt sech och d’Pandemie aneschters wéi ouni Impfung. Ourworldindata huet eng interessant Etude gemaach.

Wéi gëtt den taux de mortalité wéinst dem Covid-19 duerch d’Impfung beaflosst? Wann d’Medien mat der Iwwerschrëft kommen – esou ewéi dat méi wéi eng Kéier de Fall war-, datt d’Halschecht vun de Covid-Doudegen geimpft war, kann een dorausser awer eng 1 zu 1-Konklusioun zéien iwwer d’Effikassitéit vum Vaccin. D’Plattform hëlt d’Beispill vun enger Uertschaft mat 60 Awunner. 10 Persounen sinn um Covid gestuerwen a vun deene war d’Halschecht vaccinéiert an déi aner net. Eng Zeitung kéint also duerchaus an deem Sënn den Titel maachen.

Ma deen Titel seet iwwerhaapt näischt aus iwwer d’Wierkung vum Impfstoff. Et muss een zugläich wëssen, wéi vill Leit net gestuerwe sinn, wéivill Persounen aus dëser Populatioun geimpft waren a wéi vill net? E bësselche Logik:

  • En Duerf mat 60 Awunner
  • Am Ganzen 10 Doudeger: 5 Vaccinéierter a 5 Net-Vaccinéierter.
  • 10 Persounen an deem Duerf waren net geimpft. Mat 5 Doudeger kënnt een also op eng Stierflechkeetsquot vun 50 Prozent!
  • 50 Persounen waren geimpft. Déi 5 Doudeger op hirer Säit maachen 10 Prozent aus!

Also misst den Titel an de Medien richteg heeschen: den taux de mortalité bei de Geimpften ass 5 mol manner héich ewéi bei deenen, déi sech net hu picke gelooss.

Our world in data huet eng ganz Partie Länner als Beispill ugefouert. Ech gräifen hei just op d’Schwäiz zeréck. An deem Land si ronn 70 Prozent vun der Bevëlkerung geimpft:

 

 

De Prozentsaz vun den Doudesfäll war bedeitend méi héich an der Populatioun vun den net vaccinéierte Leit. Am Schlëmmsten war d’Situatioun de leschte Chrëschtdag, duerno huet de Prozentsaz vun de Vaccinéierten zougeholl ( 1x, 2x oder 3x), d’Pandemie goung zeréck, also och bei den Net-Geimpften. Déi Graphik weist däitlech d’Effikassitéit vum Vaccin! Mat der aktueller Omikron-Variant déi éischter schwaach ass, mécht esou eng Analyse kee Sënn méi.

Et geet mir net drëm, d’Impfen in globo a Fro ze stellen. Grad esou wéineg d’Zuel vun den Doudegen. RTL hat um Sujet vun den eventuellen Niewewierkungen e Reportage gemaach, deen der Santé an der Madamm Lenert wuel an de Krom gepasst huet: et ginn an der Europäescher Unioun keng 25.000 ma knapp 11.000 Verdachtsfäll wou eng gewësse Warscheinlechkeet besteet, datt déi Persounen un de Suitten vun der Vaccinatioun gestuerwe sinn. Wat seet déi Zuel aus, besonnesch am Verglach zu enger anerer Zuel? Wäit iwwer eng Millioun Leit hunn d’Welt mat oder wéinst Covid verlooss!

Photo de Dustin Tray: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/panneau-routier-sans-issue-1469196/

An dach! D’Iwwerstierflechkeet loung zu Lëtzebuerg am Joer 2020 bei 5,8 Prozent.https://bit.ly/3BFMzNr 326 Persounen woren an deem Joer méi gestuerwen ewéi 2019. 100 Joer virdrun loung se mat der spuenescher Gripp bei 22 Prozent. E gewaltegen Ënnerscheed! Et muss een natierlech derbäi setzen, datt déi medezinesch Versuergung deemools net di nämmlecht war ewéi haut an datt d’Leit nom 1. Weltkrich zimmlech ausgehéngert waren.

D’Graphik weist: de Vaccin ass effikass, d’Pandemie goung zeréck. Sech am August schonn nees sprëtzen ze loossen wär allerdéngs iwwerdriwwe gewiescht. Schliisslech huet d’Regierung all d’Restriktiounen opgehuewen, och d’Droen vun der Mask ass nach just beim Dokter oder am Spidol obligatoresch. Den däitsche Kanzler Olaf Scholz – dee schonn ni eppes ze vill seet- schwätzt vun Akzeptanz an Transparenz, wat bedeit: geplangte Moossnamen kommunikéieren an explizéieren. Dem Bierger weisen, datt d’Politik e Plang parat huet fir de Fall, wou d’Infektiounen nees zouhuelen; e Plang fir ganz séier ze reagéieren, aneschters ewéi virun 2 Joer wéi een vum Virus iwwerrascht gi war.

Grad un där Transparenz feelt et mir hei am Land. Sachlech Diskussiounen sinn ënnert dëser Regierung éischter Mangelware! Kritesch Ausernanersetzung gëtt et net, am anere Fall gëtt een vun engem Dokter vun de Mediewëssenschaften zum Schwurbeler deklaréiert. Aneschters d’Sträitkultur a Frankräich. Den Historiker a Philosoph Marcel Gauchet huet zum Beispill geschriwwen: ” Les décisions, pendant cette crise, ont été rendues de manière souvent incompréhensible pour les citoyens. L’Etat a présenté son pire visage, soit une étroitesse bureaucratique, un modèle tatillon, autoritaire, voire persécuteur, sans se montrer efficace pour autant(…) L’attestation dérogatoire de déplacement restera comme un chef-d’oeuvre dans les annales de la folie bureaucratique.(…) Avec l’Allemagne, nous ne jouons plus dans la même catégorie. La vulnérabilité de notre système économique est apparue de manière criante, tandis que celui de l’Allemagne et ses choix industriels se sont révélés payants”.

Dovunner ofgesinn, datt och den däitsche Modell seng Schwächte gewisen huet – a grad elo am russesche Krich géint d’Ukrain an och an der diplomatescher Ausernanersetzung mat China wéinst Taiwan-, esou kritesch Aussoen vis-à-vis vun der Politik vermësst een zu Lëtzebuerg. Bei eis ass alles okidoki. A wann net, dann huet d’Natioun jo ëmmer nach d’Paulette.

Ma och vun där Madamm héiert een an der Lescht net méi vill bis guer näischt iwwer de Covid. An der sozialistescher Partei lafen Diskussiounen, si net eleng als Spëtzekandidatin fir déi nächst Chamberwahlen untrieden ze loossen. Dat wär fir si eng Schonggréisst driwwer. Am Gespréich als hire Co-Pilot ass de Minister Fayot. Mat enger Pandemie wënnt een also 3 Joer duerno kee Blummendëppen!

D’Paulette Lenert war e leschte Samschdeg am Background op Radio Lëtzebuerg. Si huet als Vizepremierministesch iwwer d’Energiekris geschwat, iwwer de Klima – net deen an der Koalitioun-, si huet eis Konsumgewunnechten hannerfrot a widderholl, datt d’LSAP op eng Steierreform pocht. Also iwwer een Themeberäich dee méi breetgefächert ass ewéi e butzege Virus. Si huet op déi Manéier eng éischte Kéier iwwer Politik geschwat, net iwwer Pandemie, huet sech méi exposéiert an zugläich verletzlech gemaach. D’Commentairen op rtl.lu confirméieren dat, an et héiert een, datt d’AMMD (Associatioun vun Dokter an Zänndokter) am gaangen ass, d’Messer ze schläifen an op si bei der nächster Kéier waart.

 

Related posts

7 Comments

  1. Frank Bertemes

    Endlech mol fänken d’Leit u méi kritësch z’iwwerleeën, ier se sech picke loossen. Fir mech perséinlech koum vun Ufank un ni eng “Impfung” a Fro, well mir éischtens mäi Kierper a meng Gesondheet wichteg sinn a well zweetens den Débat ëm Covid 19 bal vun Ufank un hefteg war – dat huet mech direkt stutzeg gemaach! Ëmmer méi ginn déi Wëssenschaftler confirméiert, déi kritësch waren a sech bei Politik a Press direkt diskalifizéiert hunn – iwwerhaapt kee Commentaire zuer “Objektivitéit” an där Diskussioun, méi een Aarmut huet nach kee gesinn an eiser “Demokratur”. Dat confirméiert iwwregens de “great reset”, deen de Klaus Schwab vum Weltwirtschaftsforum mam Thierry Malleret sans gêne an hirem Buch “COVID-19:Der große Umbruch” ukënnegen – COVID 19 als Mëttel zum Zweck deemno. Deen Text ass iwwregens offiziell als Buch als ” Fassung 1.0″ vum “World Economic Forum” mat Copyright 2020 publizéiert ginn – deemno alles anescht wéi eng “Verschwörungstheorie”. Ech si jiddefalls ganz frou, datt ech net “geimpft” sinn a mech net un deem Feldversuch vun deenen neien mRNA-Impstoffer-däitlech een Experiment, wat esou nach ni do war- bedeelegt hunn. Ech hu scho laang net mol eng minimal Erkältung gehat, praktizéieren awer scho säit Joren eng efficace Prophylax mat Vitamin D3/K2, Vitamin C a Combinatioun mat Zénk am Hierscht/Wanter. All Dag gréngen Téi , eng ofwiesslungsräich Ernärung (meng Fra ass Expertin en matière Qualitéit) a vill Beweegung an der frëscher Loft – ni ee Problème. Natierlech kann ech krank ginn, mä ech fäerten dat net – Aangscht a Panik si völleg derniewt, waren awer am Kontext vun där “Pandemie” – déi jo laut WHO guer keng méi ass- ee wertvollt Instrument d’Leit ze manipuléieren a kleng ze kréien – mat nohalteger Wierkung, wéi mir jo wëssen – a fir de KRANK ze maachen! Ech hu selwer gemierkt, wéi een zuer “persona non-grata” ka mutéieren, wann ee sech der Däiwel NET “impfe” gelooss huet a wéi ee séier ignoréiert ka ginn, mä soit, “iss mir egal” …Ech si besonnësch enttäuscht, wéi d’Tageblatt do reagéiert huet, de Muck Huss, de Bas Schagen an och den Här Kaiser an anerer kënnen do ee Liddche sangen. Wéi steet et tatsächkech ëm d’ Meenungsfräiheet? Den Här Kaiser, dee jo fir eng Impfung ass – an dat ass all Mënsch säi gutt Recht a seng perséinlech Décisioun, dat mol däitlech betount – huet op sengem Site jiddefalls och kritësch Téin zougelooss an dat alles alles huet inhaltlech mat “Conspiratioun” oder “Geschwurbel” guer näischt ze doen-mä wéi séier gëtt ee grad an deen Eck gedréckt, wann ee vun “Transatlantëschem Bündnis”, Bilderberger oder (eeben) dem Welwirtschaftsforum sech erdreist, kritësch Téin ze äusseren. Mä loosse mir eis berouegen: glécklerweis soll d’Wierkung vun deenen diversen “Impfstoffer” (sou déi neist Erkenntnisser vu Wëssenschaftler) scho sou séier “verpufft” sinn, datt vill Niewewierkungen net konnten optauchen. Pech fir all déi, déi leider “Wierkung “verpasst kritt hunn a méi oder manner schlëmm vun eeben deene Niewewierkunge getraff goufen , déi awer vu verantwortlecher Säit als “Kollateralschied” betruecht goufen-mä där waren et der leider net wéineg! Egal wéi, et kann ee gespaant op déi nächst puer Méint sinn a wat do sou passéiert. Fakt ass, datt Covid politësch opgrond vu Krich, Inflatioun an der ominéiser Energiproblematik zum “No Topic” soll ginn – “und das wäre gut so”. Noch Fragen Kienzle? Nein, Hauser!
    Oder awer? Dat soll jidderee mat sech selwer ausmaachen!

    1. Guy Kaiser

      Mernci Här Bertemes. Wat d’Impfung ugeet, sinn ech am gaangen, meng Menung eventuell ze revidéieren. Ech hunn ze vill héieren iwwer Nierwewierkungen an och d’Dokteren fänken unn, méi kritesch ze schwäzen…wann och ‘hinter vorgehaltener Hand’. Allgemeng awer hu mir d’Debattekultur verlooss a sinn an enger Empörungskultur….

  2. Frank Bertemes

    Als “Dessert” nach een Zitat vun deem Neo-Faschist aus décker däitscher Nazi-Famill Klaus Schwab: “…In jedem Fall wird in der Zeit nach der Pandemie die persönliche Gesundheit und das Wohlbefinden der Menschen eine viel höhere Priorität in der Gesellschaft haben, weshalb der freigelassene Flaschengeist der technischen Überwachung auch nicht wieder zurück in die Flasche gesteckt werden wird.”
    Wëll heeschen: Well mir jo all esou “gesondheetsbewosst” gi sinn, loosse mir eis all déi kommend an offiziell well ugekënnegt mRNA – Impfstoffer asprëtzen – mat agebautem “Iwwerwaachungschip” a soss nach aner “Wierkstoffer” – Il fallait le dire….Mä mir follege jo esou gutt!

  3. Mario Dichter

    Léiwen Här Kaiser,
    ech wëll op dëser Plaatz nët weider op déi ominéis “Impfungen” agoën, ma ët wonnert méch dach awer, dass och Dir als kritischen Zäitgenossen op d’Täschespillertricks vun eisen Propagandisten erafaalt. De soug. Vaccination Status huet näischt mat “geimpft” oder “nët geimpft” ze din, mä ass just eng Saach vun Definitioun. Als “geimpft” gëlt nämléch just deen, deen och “geboostert” (waat en dämlécht Wuert) ass, spréch, als “einfach” oder “zweefach” Gepickten gëlt een als “Ongeimpft”. Domat kritt d’Our Word in Data-Statistik wuel eng nei Nues, gelle? LG

  4. Gilbert

    “praktizéieren awer scho säit Joren eng efficace Prophylax mat Vitamin D3/K2, Vitamin C a Combinatioun mat Zénk am Hierscht/Wanter.”

    Genau dat huelen ech och, zousätzlech nach Cystus Téi. De Quercetin ass och ganz effikasse géint de Covid, souguer d´WHO huet am Ufank vun der Pandemie een Traitement mat Quercetin a Vitamin C recommandéiert. 

    “WHO COVID-19 Research Database
    Ascorbic acid is a crucial vitamin necessary for the correct functioning of the immune system. It plays a role in stress response and has shown promising results when administered to the critically ill. Quercetin is a well-known flavonoid whose antiviral properties have been investigated in numerous studies.
    We present the current evidence for the use of vitamin C and quercetin both for prophylaxis in high-risk populations and for the treatment of COVID-19 patients as an adjunct to promising pharmacological agents such as Remdesivir or convalescent plasma.”

    Wat elo d´Effikassitéit respektiv d´Niewewierkunge vum Covid 19 Vaccin betrëfft sou géif ech Iech emol folgend Artikele recommandéieren:

    1. rubikon.news  Fassadendemokratie  Vertuscher im Staatsauftrag

    2. francesoir.fr  sur la vaccination c´est la transparence qui doit prévaloir

    Op adrreports.eu kann een och all gemellten Niewewierkung vun den eenzele Covid-Vaccinen nokucken. Dat fënnt een ënner C wéi Covid 19 – do fënnt ee ganz interessant Statistiken, ënnert “line listing” kann ee sech Excel respektiv PDF Dateien eroflueden. Do kann een déi verschidden Alterskategorien, Geschlecht asw. auswielen an sech d´Niewewierkungen detailléiert ukucken. Ech fäerten awer ganz, da maache vill leit ee grousse Bou em des Impfung.

     Op Francesoir fënnt een och een Artikel iwwer d´Medien “Les médias ne font plus de l´information, mais de la communication”. Hei ee klengen Extrait:

    “Par ailleurs, la crise du Covid-19, martèle-t-elle, est une redite du scénario joué lors de la grippe H1-N1. Une crise qui s’était traduite par un échec cuisant de la vaccination contre la maladie. Interrogée par une Commission d’enquête parlementaire sur les commandes excessives de vaccins, Roselyne Bachelot, alors ministre de la Santé, avait alors exprimé deux regrets : ne pas avoir assez fait peur aux Français et ne pas avoir assez verrouillé Internet, relate Corinne Lalo. C’est pourquoi lors de la crise du Covid, nous faisons face à « une censure organisée et décomplexée, avec l’aide des fact-checkers », souligne-t-elle.”

     
     

  5. Gilles

    Grafik beweist dass d’Impfung wierkt ? Ech soen an mengen och ouni Impfung wieren et net méih Doudeger gin, well den Virus um Enn war. Mat der Impfung sin et éischter méih Doudeger. Besonnesch erschreckend ass d’Iwerstierwlechkéet bei den Kanner ab der Impfung fir Kanner, Grafik nozeliesen bei Euromomo.

    Könnt der iech nach all erenneren wéi unisono gesot gouf, all Doudegen ass éen Doudegen zevill. Bei der Impfung schéint dat net ze gellen. Fir mech ass bei der Impfung zemols all Kand dat stierwt (ouni en Risiko gehat ze hun bei Covid) éen Kand zevill.

    An dann stung Géschter an der Zeitung no denen vun iwer 60 können elo och d’Kanner hieren Booster kréien. Sorry, mée déi hun se net méih all, souwuel d’Regierung, wéi Doktoren (déi dat promouvéieren) wéi d’Elteren.

  6. Jean

    Covid war eng super sach fir 2 kategorien:
    -natierlech eng retsch entreprisen an der pharma industie dei mat engem mediocren vaccin super profiter machen
    -etlech faschistoid journalisten wei den onseilegen dhiraj aus dem t dei hirer profilneurose kenne fraie laf loossen

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *