Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Divers

Mir ginn Lëtzebuerg net op – e Buch vu Fred Keup an Tom Weidig 

Mir ginn Lëtzebuerg net op – e Buch vu Fred Keup an Tom Weidig

                     

Allen zwee sinn se an der ADR, allen zwee setzen si sech an fir d’Lëtzebuerger Sprooch. Tom Weidig a Fred Keup hunn dozou e Buch geschriwwen, dat haut erauskoum ënner dem Titel: Mir gi Lëtzebuerg net op. Ronn 170 Säiten déck, mat engem historeschen Exkurs an déi lescht Joerhonnerten bis zu der Onofhängegkeet vu Lëtzebuerg oder vum klenge Grand-Duché esou wéi hien haut besteet.

Déi zwee Auteuren sin sech sécher: déi gemeinsam Lëtzebuerger Sprooch war e wichtegen, wann net dee wichtegste Facteur am Zesummeschweessen an Zesummenhalen vun der klenger Schong-Natioun. A grad esou gesinn si d’Geforen fir d’Zukunft: ëmmer manner Leit schwätzen déi e bësselche gelunge Sprooch, bedéngt duerch déi massiv Immigratioun! A wat geschitt duerno mam ‘Ländchen’?

Ech hunn mat Fred Keup an Tom Weidig en Interview iwwert hiert Buch gemaach. Si stellen iwwregens dräi Exemplairen gratis zur Verfügung. Déi éischt 3 Persounen, déi dëse Bäitrag op menger Facebook-Säit ‘liken’, kréien et heem geschéckt.

Vill Spaass beim Liesen vun dësem Interview.

Dir Hären. “Mir gi Lëtzebuerg net op » ass den Titel vun Ärem Buch. Dat héiert sech scho bal dramatesch un, besonnesch an dëse Krichszäiten an der Ukrain. Steet Lëtzebuerg ënner enger Zort Dauerbeschoss? Ass d’Zukunft vun eisem Land a Gefor?

 

Tom Weidig: Firwat huet d’Ukrain et fäerdeg bruecht fir zënter Wochen der illegaler a brutaler Invasioun vum Putin senger russescher Federatioun koordinéiert an heldenhaft ze widderstoen? Well se eng Natioun sënn mat ville Gemeinsamkeeten. Déi hunn et hinnen erlaabt un engem Strang ze zéien fir hir Fräiheet an Identitéit ze verdeedegen. Bei Multi-kulti wären se no e puer Stonnen ëmgefall an zu engem Vasallestaat vum autoritären Putin ginn!

Zu Lëtzebuerg ass genau de Géigendeel de Fall. Mir hunn zënter 70 Joer, Gott sei Dank, Fridden an all Joer hu mir e Mini-Dauerbeschoss dee net wierklech wéi deet: Et gëtt e bëssen eppes verluer. Déi Allegorie mam Fräsch passt do gutt: wann e Fräsch a gliddegt Waasser fält spréngt en direkt eraus, wann e Fräsch a Waasser gesat gëtt wat lues a lues méi waarm gëtt, dann mierkt en et net an bleift dran sëtzen bis et ze spéit ass.

Eist Buch wëll d’Lëtzebuerger e bësse waakreg rëselen an en Thema, dat absichtlech mat alle Mëttelen verhënnert gëtt, ustoussen. Mee och den Auslänner e neie Phänomen an Europa beschreiwen, wat zu Lëtzebuerg am beschten ze gesinn ass: d’Opléisungserscheinungen vun de Natiounen.

 

Fred Keup: D’Buch hëlleft de Leit fir Lëtzebuerg besser ze verstoen: d’Geschicht, déi aktuell Situatioun an déi aktuell Problemer, an och dat wat d’Zukunft bréngt. Mir ginn am Buch op de Fong vun de Problemer, an dat ass eppes wat et soss esou net wierklech gëtt well mir sinn normalwerweis gewinnt dass d’Problemer vun Politik an Medien an soss Acteuren just iwwerflächlech behandelt ginn. Dat ass och dat wat d’Buch wierklech extra mécht, et stinn net déi 08/15-Erklärungen oder Verklärungen dran déi mir zu Lëtzebuerg gewinnt sinn.

 

gk online: Bleiwe mir bei der « Natioun mat ville Gemeinsamkeeten ». Dir beschreift am Ufank vum Buch d’Wichtegkeet vun der lëtzebuerger Sprooch, u sech en däitsche Patois soen ech mol. An déi Sprooch wier déi dreiwend Kraaft gewiescht, fir en eegestännegt Land ze ginn. Haut awer si mir e Sammelsurium vun iwwer 100 Nationalitéiten, ronn d’Halschecht si Lëtzebuerger, schwätzen also am Prinzip d’lëtzebuerger Sprooch. Esou gesinn misst eis Gesellschaft scho längstens implodéiert sinn….

 

Fred Keup: D’Lëtzebuerger Sprooch ass sécherlech extrem wichteg gewiescht beim Opbau vun der Natioun. Net fir näischt gëtt jo och d’Joer 1839 als Onofhängegkeetsjoer ugesinn. 1839 hu mer déi haiteg belsch Provënz Lëtzebuerg verluer, mä vun deem Joer un hat Lëtzebuerg eng sproochlech Eenheet, war Lëtzebuerg een eesproochegt Land. All d’Lëtzebuerger hunn Lëtzebuergesch geschwat an d’Lëtzebuerger Sprooch war vun deem Ament un voll a senger Roll als Element vun der nationaler Identitéit.

Haut hunn mir Lëtzebuerger nach ëmmer Lëtzebuergesch als eis Sprooch. D’Auslänner hunn natierlech hier Sproochen.  Dass d’Gesellschaft trotz dem extrem héijen Auslännerundeel net implodéiert ass, huet wuel 3 Haaptgrënn: Éischtens eis gemeinsam Schoul, déi et fäerdeg bruecht huet déi d’Kanner vun den Immigranten gutt ze integréieren. Zweetens de Fakt dass Lëtzebuerg zwar vill Auslänner huet awer déi allermeescht vun hinnen aus dem selwechte westlechen, chrëschtleche Kulturraum kommen. An drëttens den héije Wuelstand, den héije Liewensstandard vu ville Lëtzebuerger. Geld hëlleft nun emol aner Problemer ze verdrängen.

Tom Weidig: Eise Wuelstand konnt entstoen well mir eng stabil Natioun mat ville Gemeinsamkeete gi sënn. Den Turbowuesstem léist d’Gemeinsamkeeten verschwannen mee d’Situatioun ass nach stabil well duerch den Turbowuesstem d’Land vill Suen huet fir déi laangfristeg Problemer kuerzfristeg ze verdecken. Mee esou e Kaartenhaus fält a sech zesummen wa mol e richteg staarke Wand kennt, also wann den Turbowuesstem stoppt an eng Kris kënnt. Dann sinn net méi genuch Suen do an et kënnt et zu Verdeelungskämpf tëschent Bevëlkerungsgruppen. Mee och wann et nach net zu enger wirtschaftlecher Implosioun kënnt, esou ass déi kulturell an identitär schonn am Gaang.

Dobäi gouf nach ni esou vill d’lëtzebuerger Sprooch geschwat ewéi grad haut! Mir simsen eis op Lëtzebuergesch, mir mailen, d’Couren fir eis Sprooch ze léieren, sinn extrem gutt besicht. Den Educatiounsministère huet dat nach rezent confirméiert, mä Dir loosst dat Argument net gëllen…

 

Tom Weidig:Nee, a mir erklären dat an engem ganze Kapitel mat ville Beispiller. Eis Sprooch gëtt just vill méi geschriwwen, mee nëmmen vu Lëtzebuerger! Si gëtt am Alldag awer emmer manner geschwat.

Fred Keup: Den Educatiounsminister street de Leit Sand an d’Aen. Et gëtt ëmmer gesot et géif esou vill Lëtzebuergesch geschwat ginn wéi nach ni, mä keen konnt mir awer bis haut déi Plaz nennen wou dat genee ass. Wou gëtt dann méi Lëtzebuergesch geschwat wéi virun 20 Joer? Zu Esch? Zu Mamer? An der Groussgaass? Um Fussball? An der Kierch? An den internationalen Schoulen? Gesi der, déi Ausso ass absurd. An wann grad emol 3% vun den Auslänner an Coursen ginn fir Lëtzebuergesch ze léieren dann ginn jo 97% net.

Da misste mir d’Auslänner zu ‘hirem Gléck’ zwéngen. Dir frot zum Beispill en Ëmdenken a Punkto Verwaltungen: d’Steiererklärung misst kënnen och op Lëtzebuergesch gemaach ginn….

Tom Weidig: An si zwéngen eis franséisch ze schwätzen? Ech sinn elo mol esou radikal a behaapten datt si éischter an der “Bringschuld” sinn wéi mir, déi mir an eiser Heemecht sinn. Nom Sproochegesetz vun 1984 gëtt kee gezwongen well d’Leit kënnen jo an där Sprooch geäntwert kréien an där se geschriwwen hunn. Mee et kann net sinn datt 2022 nach ëmmer munch Formularer, Pousteren a Websäiten exklusiv op franséisch sinn, zemools bei Administratiounen wéi der Krankekeese. De Wee2050 hat verlaangt datt et op mannst ëmmer an zwou vun eisen dräi administrativen Sprooche misst sinn, also wier däitsch a franséisch och ok. Dir gesitt mir sinn total moderat a wëlle net alles op Lëtzebuergesch. De Problem ass och net datt e puer Auslänner kee Lëtzebuergesch kënnen. Dat ass kee Problem. Mee den Turbowuesstem huet eis zu enger linguistescher Minoritéit gemaach wann een d’Frontalieren derbäi zielt. Duerfir ass e Stopp vum Turbowuesstem méi wichteg, wéi all Sproochepolitik.

Fred Keup: De Punkt ass jo haut deen heiten: Wann ech hautdesdaags Lëtzebuergesch schwätzen an engem Geschäft, oder an der Klinnik, oder soss op villen Plazen, dann froen sech d’Leit, déi do schaffen: Firwat schwätzt deen net Franséisch? Mir ginn als Land een Bild of wéi wann Franséisch hei eis Sprooch wier, Lëtzebuergesch an Däitsch ginn aus ëmmer méi Beräicher verdrängt. Dobäi ass d’Gesetz jo awer kloer: Mir hunn eng Landessprooch an 3 gläichberechtegt administrativ Sproochen, ma dann sollen déi och gläichberechtegt benotzt ginn.

Dir sidd allen Zwee aktiv an der ADR, Dir Här Keup sëtzt esouguer fir déi Partei an der Chamber. D’ADR ass déi Partei, déi sech am meeschten fir d’Lëtzebuerger Sprooch asetzt. Wann ech dann awer d’Resultater vun där Partei an de leschte Wahle kucken, kommen ech bal zur Konklusioun: deene meeschte Wieler ass d’Sprooch net esou wichteg, oder?

Fred Keup: D’Sprooch an d’Identitéit sinn de Leit ganz wichteg, mir haten 80% am Referendum géint d’Auslännerwahlrecht, an mir haten eng Rekordpetitioun fir eis Sprooch. Allerdéngs ass et een Thema dat an de Medien an an der Politik net erwënscht ass an entweder gëtt et do ignoréiert oder schéingeschwat. D’ADR huet oft eng Meenung déi d’Majoritéit vun de Leit deelt, an d’Politikwëssenschaftler vun der Uni soen mir hätten een Potential vun 20-25% bei de Wahlen. Et ass also villes méiglech.

Dir Här Weidig sidd aktiv an der Aktioun Lëtzebuergesch-Eis Sprooch. Hutt Dir dann net och d’Gefill, wéi wann ville Lëtzebuerger d’Sprooch zimmlech egal wier. Den Houfert deen zum Beispill d’Fransousen fir hir Kultur, fir hir Sprooch hunn, ass eis dacks friem…

Tom Weidig: Ech hunn éischter d’Gefill, datt vill Lëtzebuerger Angscht hunn hir Sprooch oppen ze verdeedegen, well se Angscht hunn an e gewëssenen Eck gestallt ze ginn. Mee bei der Rekordpetitioun iwwer d’Sprooch huet ee jo gesinn, wéi vill d’Leit op hir Sprooch halen. Si kréien och ëmmer méi an de Medien gesot, datt Lëtzebuergesch nëmmen eng Sprooch vu villen ass an datt Lëtzebuerg elo multi-kulti ass.

gk online: Dir schwätzt an Ärem Buch och déi lëtzebuerger ‘Leitkultur’ un. Also eis Sproch…a wat nach?


Tom Weidig: D’Haaptthees vum Buch ass jo datt een nëmmen eng stabil Natioun ka sinn wann et vill Gemeinsamkeeten ginn, also datt et eng Leetkultur gëtt. Eis Sprooch ass eng, mee et ginn och vill aner kulturell Gemeinsamkeeten. Do wär mol de gemeinsame Schoulsystem, wou ëmmer jiddwereen vum Jong vum Groussherzog bis d’Meedchen vum Drogenofhängegen an eng Klass gaangen ass. Dat schaaft gemeinsam Wäerter a Versteesdemech mee och gemeinsaamt Wëssen. Doduerch hu mir eis eppes ze erzielen, mir verstinn eis oder kennen zesummen e Lidd sangen. Dat ass virun allem extrem wichteg fir Kanner wou d’Elteren op Lëtzebuerg komm sinn, well se da wëssen wéi se sech integréiere kënnen a wat hir nei Heemecht ass. Eng gemeinsam Relioun an d’Monarchie sënn aner stabiliséierend an identitéitsstëftend Beispiller.

Esou wäit dat Gespréich mat deenen zwee Schrëftsteller. Déi beschte Meenung mécht een sech, wann een d’Buch ganz gelies huet. Et ass vun haut un an de Butteker…a wéi gesot, et sinn op dëser Websäit 3 Exemplairen gratis ze kréien

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *