Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Summergedanken 

Summergedanken

Zeitenwende, nennt een dat wuel. Am Joer 1893 wor de Grand-Duché mat enger enormer Dréchent geplot. Vill Véi war agaangen. An et goufen katastrophal vill Harespelen. Et muss wierklech schro gewiescht sinn, well d’Regierung huet 50 Zantim ausginn fir jidder Nascht, dat de Bierger op bestëmmte Plazen gefouert huet, wou et dann zerstéiert gouf. A wéi et Enn vum Hierscht wor, hat de Staat fir déi pickeg Déieren Primmen am Total vu 7000 Frang bezuelt. Also waren no Adam Riese 14.000 Näschter zerstéiert ginn. Enorm! Eng Plo vun eiser Här gewollt? Haut géing een éischter soen, eng Plo wou d’Natur Revanche hëlt op de Mënsch.

Photo de David Hablützel: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/photographie-en-gros-plan-de-guepe-veste-jaune-gravide-928967/

Haut schwätzt een net méi vu Véi, an all Déier -also och eng Harespel an eng Bëschzeck- spillt nom Gesetz vum Hellegen Darwin eng Roll am Natur-Theater. Ech hunn zwar an de leschte Wochen eng Partie Lieserbréiwer an der Press gelies wouranner sech iwwer déi vill Harespelen opgereegt gëtt, ma keen kéim haut méi op d’Iddi, en Opruff ze maachen fir den allgemengen Hallali op déi lästeg Déiercher. Dat sprengt de Kader vun der political correctness! Jiddereen ass haut gebieden, säin Antihistaminik a seng Kortison-Pëllen derbei ze hunn fir de Fall, wou ee gepickt gëtt an en allergesche Schock mécht.

Dat Denken geet munchmol extreem wäit. Virun 3 Joer wor ech an engem Fachhandel fir e Produit géint den Holzwuerm ze kafen. Mäin Daachstull huet 100 Joer a muss reegelméisseg gesprëtzt ginn. Natierlech handelt et sech dobäi ëm Gëft. Ech krut vum Vendeur gesot, datt et dat net méi gëtt. Dat wär verbueden. Dann awer wéinstens e Bio-Gëft? Neen, leider guer näischt. De Scharpantchen däerf sech freeën. E Millioune-Geschäft! Glécklecherweis gëtt et Amazon.

Fréier goung den traditionelle Lëtzebuerger Sonndes op Besuch bei eng aner Famill.

Photo de ArtHouse Studio: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/etre-assis-piece-cheminee-cheveux-longs-4641208/

Et huet een sech gefreet op e Sonndesbrot mat um Enn enger Quetschen-Drëpp am Kaffi a bei enger gudder Zigar. Wann een am Wanter dann an dat Haus eragoung, sot een aus Manéierlechkeet: Dir hutt et gutt waarm bei Iech! An der Iwwersetzung: Merci fir Är Aarbecht, fir den Uewen esou gutt gefëllt ze hunn. Haut ass et just de Contraire.

Schonn wäit viru Klimawandel an elo virum Krich an der Ukrain koum ëmmer méi d’Moud op, d’Heizung ze soen guer net opzedréien, de Besuch an der Keelt ze empfänken. Wien wëllt et schonn gemitterlech waarm hunn doheem? Warmduscher! A wann een dann wëll e Luef ausschwätzen, am Genre: all Respekt! Dir hutt et herrlech kal!, da kënnt een och net gutt un domadder, warscheinlech well beim vis-à-vis de Verdacht opkënnt, et géing een den Uz mat him dreiwen. Déi falsch Wieder zum falschen Ablack!

Dem Mënsch ass et hautdesdaags ni ze kal, ausser am Summer. Dosende pushen um Handy, zig Météo alerten kënnen net ieren: d’Hëtzt ass bal net méi auszehalen. An also lafen d’Klimatisatiounen op Héichtouren. Dobäi wär grad elo, 4 Méint virum Putin-Wanter, Energie-Spueren ugesot. Ma awer dach net zu Lëtzebuerg! An och net beim groussen Noper, wou vill geschnësst awer wéineg decidéiert gëtt!

Ausgerechent Spuenien huet an dësen Deeg de Wee gewisen. D’Klimmen ginn erofgesat, oder besser eropgesat. An den ëffentleche Gebaier, mä awer och an de Geschäftshaiser, an de Kino an Theater däerf d’Temperatur  am Summer net ënner 27 Grad erofgeblose ginn. Wat duebele Sënn mécht.

Wann et nämlech baussen op der Strooss 40 Grad sinn an et wot een sech an e Geschäft eran, riskéiert een e Kälteschock. Vu 40 Grad erof op 15! Dausende Leit erkalen sech, maachen eng Bronchite. Dausende Leit feelen esou op der Aarbecht, belaaschten d’Krankekeess. De wirtschaftlechen Impakt ass enorm! Vum Energeteschen net ze schwätzen.

Ech war gëschter an der Groussgaass. Iwwerall ass d’Klimatisatioun gelaf. An enger Partie Geschäfter op eng verstänneg Manéier. An aneren Alaska! Dacks beschwéieren sech d’Vendeuren selwer: si missten d’Temperatur esou niddereg halen. Si selwer géingen dobäi och fréieren an si hätten net d’Recht, sech méi waarm unzedoen!

Den absolutte Clou bei der Saach ass, datt quasi all d’Geschäfter hir Dir grouss op hunn. Si loossen also d’Hëtzt vu baussen erakommen fir se do ze killsen. Iergendwéi- schéngt et mir- war et Zäit ginn fir dee Putin-Wanter!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *