De Xavier Bettel ass Éierestaatsminister.
De Xavier Bettel ass Ausseminister.
De Mann steet also am Déngscht vum Vollek. Huet hien domadder kee Recht op Privatliewen? Kann hien ouni Weideres wärend engem klenge Maufel gestéiert, verbal aggresséiert ginn? Et schéngt ës! Wann et ëm Mënscherechter, ëm Génocide geet, ass alles erlaabt.
De Collectif deianer.com setzt sech an géint de Vëlkermord un de Palästinenser a fir e palästinensesche Staat. Héiert sech éierbar un, mä huet een domadder e Fräischäin fir alles?
Si geheien dem DP-Politiker fir, sech net genuch géint de Génocide anzesetzen. Déi Meenung kann een deelen oder och net. Dat asss de Virdeel vun engem fräie Land. Et kann een och fir seng Meenung op d’Strooss goen. An dësem Fall goungen d’Aktivisten an e Restaurant, wou den Ausseminister mat e puer Parteikolleegen um Mëttesdësch souz. De Mann huet sech mussen e puer Frechheeten ulauschteren. Zum Beispill, datt hien e Krichsverbriecher wier.
D’Madamm Gabrielle Antar -selwer Aktivistin- baséiert sech an hirem Rechfertegungsschreiwes op d’Verfassung. Rights enshrined in the constitution are the most important rights because they are the highest form of legal protection in a country. Gebongt! Ma d’Privatsphäre ass grad esou vun der Konstitutioun geschützt: Toute personne a droit au respect de sa vie privée (Art. 20).An hei huet et sech ëm e Privatiessen gehandelt, net ëm e Gala-Dinner, wou den Här Bettel als Minister a Funktioun gewiescht wär.
D’Madamm Antar ass politesch Directrice vum nationale Fraerot a si setzt sech an fir d’Ofdreiwung-Entscheedungsfräiheet an d’Verfassung festgeschriwwen ze kréien. This is precisely why feminist organizations and the left are pushing to include abortion rights in the constitution — to make them untouchable. Ma gëllt net och op dësem Punkt d’Meenungsfräiheet? Toute personne a droit à la liberté de pensée, de conscience et de religion (Art.14). Oder ass dat just d’Fräiheet fir eng Meenung?