Recent Posts

Post Categories

Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...
Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...

Blog Post

Gesellschaft

Klimbim vu Fraenorganisatiounen 

Klimbim vu Fraenorganisatiounen
Image par bess.hamiti@gmail.com de Pixabay

Verschidde Fraen krute Schaum virun de Mond. Si reegen sech op wéinst enger Reklamm fir alkoholfräie Béier mat ze vill Stereotyppen, am Genre: de Mann gëtt mat Muskele gewisen, d’Fra mat Lëppestëft a gefierfte Fangerneel. U sech ginn ech deenen Damme Recht: d’Fra gëtt ëmmer nach reegelméisseg als Objet vun der Begier vermaart, wouduerjer de Mann automatesch an d’Roll gedréckt gëtt, permanent als spatzen Hunn op der Juegd no neie Pëllen ze sinn. Mä Hand op d’Häerz: et ass e Schiki-Miki-Problem, op d’mannst am Verglach mat der Situatioun vun de Fraen am Iran. Do awer, zanter Joren, Schweigen der Lämmer!

Hei kuerz d’Geschicht vun enger emanzipéierter Influencerin am Iran, am Alter tëscht Meedchen a jonker Fra. Si huet sech an de Videoen op de soziale Medien ouni Kappbedeckung gewisen. Een handfeste Skandal an deem Land. Dobäi sinn d’Hoer och nach blond gefierft. Frevel! Gotteslästerung! D’Mullah sinn ausser sech. An d’Fra weist sech an deene verschiddenste Kleeder, mol an engem laange Rack, mol an enger weiter Box; si fierft sech d’Guckelcher an d’Lëpsen, si fiert mam Pinsel iwwer d’Fangerneel.

Kuerz: si setzt sech an fir Saachen – weiblecht Geméchels?- déi vum Mullah-Regimm verbuede sinn  an déi mir zu Lëtzebuerg als Sexismus an d’Verbannung schécken. D’Mullah hunn net laang gezéckt: d’Meedchen krut vun hannen eng Kugel an de Kapp geschoss.

Ech wëll mech net an d’ligne éditoriale vun de Fraenorganisatiounen amëschen – a scho guer net als Vertrieder vum Penis-Geschlecht-, mä ech fannen et blamabel- an do bleiwen ech nach héiflech- iwwer banal Biller vu Béier hierzefalen, grad zu engem Ablack wou d’Liewen vun dausende Fraen am Iran um Spill steet. Ma d’Haaptsaach ass, et gëtt iwwer ee geschwat; esou gesinn huet de Béierproduzent gewonnen: eng herrlech Reklamm fir eng Publicitéit!

Related posts

1 Comment

  1. Mario Dichter

    Léiwen Här Kaiser, de gréissten Deel vun eiser „Aktualitéit“ besteet just nach aus enger Zort Satir. Och deen hei „Problem“ schéngt an déi Kategorie ze faalen, och a besonnesch wann een sech de Logo vun der Associatioun „JIF“ ukuckt, déi sech jo der Ausso uschléisst, dass rout gefierfte Fangerneel sterotyp wieren. De Logo weist nämlech eng (Kommuniste)-Fauscht mat…tadaa…rout gefierfte Fangerneel.😂 An deem Sënn, e schéinen Owend a bleiwe mer weiderhin lëschteg!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *