Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Schnoken

gk online an Trauer! 

gk online an Trauer!

eleschten Donneschdeg hat ech en neien Text fäerdeg a wollt deen ofsécheren. Ma dat goung iergendwéi net! Op emol goung guer näischt méi. Gk online kabott! Well ech vun tuten a blosen keng Ahnung hunn, sinn ech op d’Sich gaangen no mengem Informatiker. Ma wäit a breet keen Dan d’Aversa do: net per sms, net um Whatsapp, net per mail! Et koum mir gelunge vir, well op dee Mann war Verlooss. Ma well meng Internetsäit kee finanzielle Enjeu huet, hunn ech gewaard bis an den Owend eran; du koum- wéi aus dem Näischt- eng sms: D’Aversa ass doud! Dat sinn där Noriichten, wou een sech schwéier deet, si 1. ze gleewen an 2. si mental ze verdauen.

den Dan war eigenlech de Papp vun dësem Site, esou wéi hien och den éischten Architekt wor vun der Internetsäit rtl.lu, grad ewéi vun rtl.fr oder och vun RTL Group. E puer Joer hunn den Dan an ech op Radio Lëtzebuerg de Feierowend presentéiert, hien als Animateur, ech als Journalist; mir hunn eis also gutt kann, och wa mir eis herno fir laang Joer aus den Aa verluer haten: den Dan war vun der Iddi iwwerzeegt, d’Land bräicht eng Persoun, déi och bereet ass, déi verschidden Aktualitéitssujeten aus enger anerer Siicht ze schreiwen, ze kommentéieren. Elo huet hie mech verlooss an ech fille mech och deementspriechend.

 

Den Dan war e virsiichtege Mënsch: kuerz viru sengem Doud hat hien eng Rei Passwieder aktualiséiert- och déi fir op de server- an hat si vergiess, iergendwou opzeschreiwen, eng Spuer dofunner ze hannerloossen. Den Doud kënnt eben dacks zu Momenter, wou am wéinegsten mat him ze rechnen ass. Et huet also 5 Deeg gedauert, bis d’Daten vum ‘ale’ Site erëmfonnt waren a konnten informatesch zesummegesat ginn.

 

De gk online ass prett fir eng zweet Versioun, ma ouni den Dan, ouni säin dréchnen Humor, ouni seng Gedold, mech an d’Geheimnisser vun der Informatik anzeféieren. Ech hunn a mengem Beruff  scho ville Leit mussen Aeddi soen, ech hätt awer nimols geduecht, dat och musse mam Dan ze maachen! An elo, wou’s Du net méi do bass, kënnt et leider och net zu engem Prozess, deen esou wichteg gewierscht wier fir de ganzen IT-Secteur. D’Virbereedungen doroper hunn all deng Kraaft gebraucht, deng Séil opgefriess! Maach et gutt, a wa mir eis erëmgesinn, dann iesse mir eng crème-flûte!

 

 

  

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *