Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Innepolitik

Frank Schneider: muss säi Kapp rullen? 

Frank Schneider: muss säi Kapp rullen?

gesicht gouf de Frank Schneider, fréiere lëtzebuerger Spioun, duerno Grënner vun der Sécherheetsfirma Sandstone.

Festgeholl gouf de Frank Schneider a Frankräich, heivir op der Grenz. De Sécherheetsdispositif géint seng Persoun war disproportionéiert.

Dem Frank Schneider säi Wunnsëtz ass a Frankräich. De Sëtz vu senger Gesellschaft ass zu Lëtzebuerg. Wann et also ëm d’Aarbecht goung, koum de Mann quasi all Dag an de Grand-Duché. Donieft geet säi Jong hei am Land an d’Schoul. De Mann ass vu Gebuert un Lëtzebuerger.

Gesicht gouf de Schneider vun den Amerikaner. Hie steet ënner Verdacht, an eng Affär vu Bedruch a Geldwäsch mat der Kryptowärung “OneCoin” verwéckelt ze sinn.

wort.lu

Wat säi Fall am Detail betrëfft, hunn ech bis ewell eng Trilogie vun Artikelen gemaach, ënner dem Titel: Een Dag aus dem Liewen vum Frank Schneider. Hei de link zu engem vun deenen dräihttps://bit.ly/3FLjfoR

Ass de Mann schëlleg? Dat muss d’Justiz erausfannen. Ma net egal wat fir eng! Hien huet kee Fiduz an den amerikanesche Justizsystem an hätt gären de Prozess zu Lëtzebuerg gemaach. Am Interview Ugangs Oktober huet hie wësse gedoen:

Ce qui est clair c’est que le Luxembourg pourrait – s’il le souhaite- m’avoir au Luxembourg selon une jurisprudence étroine de la Cour de Justice de l’Union Européenne. 

Il serait donc possible de me faire un procès au Luxembourg sur la base des accusations et des preuves fournies par les Etats-Unis. Ceci garantirait que je n’échappe à la justice mais également que en tant que citoyen de l’Union Européenne et du Luxembourg, j’aurais droit à un procès équitable ce qui ne serait certainement pas le cas aux Etat-Unis. La question est si le Luxembourg n’a pas une obligation d’agir ainsi. Ceci va être regardé en détail.

En indirekten Hëllefsruff op Lëtzebuerg also, dat seng Leit net un d’USA ausliwwert. Zanterhier spillt fir de Schneider d’Lidd kein Schwein ruft mich an, keine Sau interessiert sich für mich! Wat ass do lass?

am November konnt de Frank Schneider seng Prisongszell zu Nanzeg verloossen. Hien ass elo a senger Privatwunnecht, muss awer Foussfesselen unhalen, gëtt also permanent iwwerwaacht.

Revirement e leschte Mëttwoch, wéi op RTL d’Neiegkeet koum: No engem positiven Avis vun der Chambre de l’instruction huet d’Cour d’appel vun Nanzeg e Mëttwoch den Arrêt geholl, datt de fréiere Geheimdéngscht-Mataarbechter Frank Schneider kann un d’USA ausgeliwwert ginn. Wéi et an deem Arrêt, deen RTL virläit, heescht, géif d’Demande vun der amerikanescher Justiz-Verwaltung am Kader vun der OneCoin-Affär an der Form an am Fong de Krittären entspriechen, déi eng Ausliwwerung justifiéieren.

De Mann geet dogéint a Cassatioun, wou dann definitiv de Sak juristesch zougemaach gëtt. Hien däerf bis op Weideres a senger Wunnecht bleiwen, ma spiert wéi de Strang ëm säin Hals sech zouzitt! Zu Lëtzebuerg gëtt sech weider net gemuckst. Wär dat dann net e Fall fir den Ausseminister?

gouvernement.lu

Doropper ugeschwat, äntwert mir de Jean Asselborn, datt et sech ëm en Dossier handelt tëscht Amerika a Frankräich a verweist zugläich op d’séparation des pouvoirs, datt et sech also ëm eng Justiz-Fro handelt an datt d’Politik sech do net anzemëschen hätt. Wou de Mann Recht huet, huet hie Recht. Dat géing u sech bedeiten, datt d’Justiz sech misst auto-saiséieren. Mécht si dat? Bis ewell keng Echoen, déi an déi Richtung ginn!

as et domadder gedoen fir d’Politik? Huet de lëtzebuerger Staat sos keng Verflichtungen vis-à-vis vu senge Leit, vis-à-vis vun engem Lëtzebuerger deen am Ausland an der Bredouille ass? De Frank Schneider stellt jo och déi Fro: La question est si le Luxembourg n’a pas une obligation d’agir ainsi. Sécher! De Mann schwätzt pro domo. An nawell ass d’Fro berechtegt. Déi allerdéngs sos kee stellt!

Kee Regierungsmember, keen um Parquet, kee Journalist, keen Deputéierten. Et gesäit esou aus, wéi wann de Schneider schonn goudronéiert a geplëmmt wier, ier et lass geet. Wéi wann keen sech wéilt d’Patte verbrennen. Oder wéi wann et munchereen déit arrangéieren, wann de Mann wéinstens fir eng Zäit géing an d’USA geplënnert ginn.

Als Rappell: am Oktober zejoert hätt zu Lëtzebuerg sollen de SREL-Prozess an d’Verlängerung goen. Et konnt een dovunner ausgoen, datt déi dräi Ugekloten deen Amentméi ausgepaakt hätten ewéi dat am éischte Prozess de Fall war. Verschidde Leit hätten sech musse waarm undoen. Also léiwer de Mann op de Mound schéissen, respektiv an d’USA?

Datt e Staat Responsabilitéiten huet vis-à-vis vu senge Bierger huet eis zejoert d’Pandemie gewisen. Déi Leit déi am Ausland vum Confinement iwwerrascht goufen, goungen déi betraffe Länner extra mam Fliger sichen fir si Heem ze bréngen! An de monsieur Schneedär? Wéinstens eng Diskussioun hätt kënnen ufänken. Et handelt sech schliisslech ëm de fréiere Chef vum nationale Geheimdéngscht! Justiz a Politik mussen sech bewosst sinn, datt hei e geféierleche Präzedenzfall kéint geschafe ginn.

lessentiel.lu

Ugeholl, e Mann (Lëtzebuerger) schafft an der Entwécklungshëllef an der wäiter Friemt. Hien huet fir d’éischt am Land “x” geschafft, duerno am Land “y”. D’Land “x” léisst hien wéinst eventueller Korruptioun sichen, d’Land “y” hëlt hie fest. De Lëtzebuerger kënnt an de Prisong a soll un “x” ausgeliwwert ginn. Ënnerhëlt de Grand-Duché tatsächlech näischt? Iwwregens: Lëtzebuerg ass eng Finanzplaz, mat dausende Consultanten, déi an allen Härelänner vun dëser Welt aktiv sinn. Grad si sinn gréissere Korruptiounsvierwërf ausgesat!

“… an de JustizministÈre?…”

Et héiert een do net vill, wat net soll heeschen, datt iwwerhaapt näischt passéiert wier. Ma et leeft zanter Méint nom Heinrich Böll es muss etwas geschehen, es wird etwas geschehen! Mam Resultat, datt weider driwwer geschwat gëtt.

Wär dee Ministère net a sengem Recht, vun der Justiz mol eng Instruktioun ze froen? Domatter wär een mat engem Fouss dobannen! Wann een dat da wëll!

Et geet hei net nëmmen ëm d’Fro: wat fir Verflichtungen huet de Staat vis-à-vis vu senge Matbierger, ma och ëm d’Fro: wat fir Rechter datt hien huet. Rechter vun heiheem, Rechter déi op europäesch Jurisprudenz foussen. De lëtzebuerger Justizministère an déi europäesch Cour de Justice sinn um Kierchbierg souzesoen Noper! Ouni am secret des Dieux ze sinn, sinn ech mir sécher, datt vill Corridors-Gespréicher gelaf sinn. Et wier gutt, wann een sech no 9 Méint endlech géing a Beweegung setzen.

Sollt an den nächste Wochen a Méint déi amerikanesch Press sech fir de Fall OneCoin&Schneider interesséieren – wourunner ech kee Fatz zweiwelen- da kéint et Politiker a Parquet e Strapp ze séier goen. Esou gesinn, ass de franséische Verdikt vun e leschte Mëttwoch duerchaus positiv ze interpretéieren: den Drock op Lëtzebuerg gouf méi grouss. Ein Schuss vor den Bug, fir aus dem Darréischentomp erwecht ze ginn!

Related posts

1 Comment

  1. Jean

    Ziemlich komischer oder wenigstens seltsamer fall.
    Wenn Schneider in Luxemburg arbeitet und nur jenseits der grenze wohnt weil dort die miete billiger ist,kann man sich fragen was Frankreich eigentlich sur le fond mit der angelegenheit zu tun hat.
    Was von der us justiz in faellen wo es wahrscheinlich auch um politische verbindungen geht zu halten ist, wissen wir ja seit der affaere Assange.
    Wird hier nicht etwas zwischen Paris und Washington gemauschelt,auf kosten eines Luxemburger staatsbuergers?

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *