Meteolux kann elo schonn d’Warnung erausschécken: den Hierscht gëtt waarm! Net well Péitruss a Sonn et esou gutt mat eis géinge mengen, ma wéinst Diskussiounen tëscht Regierung, Patronat a Salariat iwwer d’Zukunft vum Rentesystem. Schonn am Wirtschafts- a Sozialrot goungen d’Meenungen esou wäit auserneen, datt Gewerkschaften a Patronen hu musse getrennten Avisen erausginn. Eigentlech näischt Neits ënnert dëser Sonn!
D’Gewerkschafte sinn därmoosse vum abléckleche System ageholl, datt si am Léifsten näischt wéilten änneren. Esou weisen si nees eng Kéier drop hin, datt d’Pensiounskeess déi riseg Zomm vu 27 Milliarden Euro an der Reserve huet. Domadder kann de System 45 Méint iwwerliewen, och wa keen eenzege Cent méi déit erakommen. A well d’Leit jo awer weider schaffen an also cotiséieren, kann een sech liicht ausmolen, datt d’Pensiounen zu Lëtzebuerg nach iwwer Joerzéngten ofgeséchert sinn.
Wat soll also deen Alarmismus, froen sech d’Gewerkschaften an erënneren drun, datt bis ewell all nei Etude iwwer eise Pensiounssystem nieft der Plaque loung an d’Zukunft ze vill schwaarz gemoolt hätt. D’Rentemauer war eng Terminologie déi vun der CSV an d’Welt gesat gi war an esou gëtt de Staatsminister Jean-Claude Juncker aus senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun am Joer 1997 zitéiert: « A well dat alles esou kënnt – well dat alles mat Sécherheet esou kënnt, renne mir mat Karacho an eng Rentemauer. Déi Rentemauer waart op eis den 1. Januar 2015. Déi Rentemauer waart op eis an 20 Joer. »
Keng Mauer a Siicht, mol keng Maierchen. An nawell soll elo iwwer eventuell Ännerungen nogeduecht ginn mam Argument, mir géingen op Puff liewen?! Déi Kéier koum den Impuls vum Staatsminister Bettel, dee virun 2 Joer dem Wirtschafts- a Sozialrot d’Missioun mat op de Wee gouf, doriwwer nozedenken an duerno ze maachen an ze donken
D’Regierung huet an der Tëschenzäit gewiesselt, zanter engem Joer kuschelen déi Schwaarz an déi Blo matenaner, zwou Parteien deenen nogesot gëtt, dem Patronat méi nozestoen. Dobäi kennen d’Syndikater ganz genee d’Virléift vum Premier Luc Frieden fir den angelsächsege Rentesystem, deen op der Kapitalisatioun opgebaut ass. Du häss gären eng uerdentlech Rent? Da maach eppes derfir, spuer, an zwar méi wéi et bis dato de Fall ass! Bei de Syndikater rullen sech d’Zéiwenneel no uewen, all d’Signaler stinn op Rout!
Do héiert fir si de Spaass op: Um éischte Pilier gëtt iwwerhaapt net gefréckelt. Nix! Nada Niente! Kënnt guer net an d’Tut! Wann et tatsächlech sollt zum D-Day fir den abléckleche Regimm kommen, bräicht ee just e puert butzeg Ännerungen an de Parameter ze maachen; an dat kéint dann ënner anerem eng Hausse si vun de Cotisatiounen.
Bei esou Gedanken ass et um Patronat fir all d’Sécherungen duerchbrennen ze loossen! Och wann et sech nëmme sollt ëm eng liicht Hausse handelen, wär et eng zousätzlech Belaaschtung fir Salariat, Patronat an och fir de Staat, dee souwisou scho muss déif an d’Täsch gräifen! Solution de facilité! soen d’Patronen. Bis heihinner an kee Schrack weider
,,,,”Pro a Contra”
Ee vun. de Virdeeler vum éischte Pilier besteet fir d’Syndikater doranner, datt d’Pensiounenreegelméisseg un d’Präisdeierecht ugepasst kënne ginn . Donieft, d’Mindestrent: La pension minimum par exemple est un élément inhérent au système par répartition et constitue un acquis social important, et impensable dans un régime privé ! De même, la reconnaissance des périodes d’études ou des périodes de l’éducation d’un enfant par exemple ne serait possible dans un régime privé. Esou Virdeeler riskéieren mat enger Reform ze verschwannen; dobäi goung an den Aen vun de Gewerkschaften schonn d’Reform vun 2012 ze wäit!
D’Gewerkschaften weisen an hirem Avis doropper hin, datt de schaffende Bierger scho virun enger Dose Joer hat musse Mëllech ginn. Verschlechtert sech d’Situatioun am Pensiounsdëppen, fält nämlech de Réajustement un den Index aus a grad esou de sougenannten 13. Mount. Dat kann duerchaus vill Geld ausmaachen, eng weider Verschlechterung kënnt awer fir d’Salariatssäit net a Fro: Cette réforme de 2012 est déjà allée loin, trop loin, en matière de réduction des prestations du système d’assurance pension. Domadder ass eigentlech alles gesot.
Eng zousätzlech Reform kéint jo just geduecht sinn, datt ablécklech Virdeeler op de Leescht geholl ginn. Dobäi wär et e Märchen, datt déi Pensiounen am Privatsecteur esou héich wieren …force est de constater que des pensions au-delà de 7 000, voire 8 000 euros sont rarissimes dans le régime général et ne représentent que respectivement 1,1% et 0,14% de l’ensemble des pensions de vieillesse (anticipées) en décembre 2022 Wien hätt dat geduecht? Zu Lëtzebuerg gëtt sech wuel all ze gären mam Ausland verglach an et bretzt een sech mat senger Rent déi zwar bedeitend méi héich ass ewéi zum Beispill déi a Frankräich, ouni sech awer anzegestoen, datt een Äppel mat Biere vergläicht! D’Aarmut klëmmt och am Grand-Duché a besonnesch ënner de “Renndéier”:”…le taux de pauvreté des retraités a sensiblement augmenté au Luxembourg en passant de 3,9% en 2011 à 10,4% en 2022 – soit plus qu’un doublement du risque de pauvreté auprès des retraités.” An dofir misst d’Mindestrent- déi den Ablack bei net grad 2250 Euro/Mount läit – onbedéngt eropgesat ginn.
D’Reform – wann. et dann eng gëtt- sollt net doranner leien, fir d’Ausgabe méi kleng ze halen. Ganz am Géigendeel. D’Säit vun den Einname sollt eropgesat ginn, a schonn nëmmen eng winzeg Hausse vun de Cotisatiounen géing duergoen, eng Zäit kamoud iwwer d’Ronnen ze kommen. Op d’mannst misst doriwwer kënne geschwat ginn, iergeren sech d’Gewerkschaften, déi domadder kloer ze verstoe ginn, datt d’Patronat näischt vun esou enger Hausse wëll wëssen.
Tëscht Hummer an Amboss! Eis Renten a Pensiounen si wuel héich a ginn munchmol trotzdeem net duer. D’Dépensen wäerte souwisou an d’Luucht goen, an zwar vu sech aus: déi Persounen déi iwwer 60 Joer al sinn, maachen den Ament net grad 22 Prozent vun de Résidenten aus; a 25 Joer kommen si op 30 Prozent an a 50 Joer op 37 Prozent vun der Populatioun. Méi fréi oder méi spéit geet d’Rechnung net méi op, warnt bekanntlech d’Patronat, an d’Gewerkschaften dréien de Spiiss ganz einfach ëm:
Or, n’est-il pas complètement évident que, plus un groupe de personnes représente une partie importante de la population, plus ce groupe est en position de bénéficier de la valeur ajoutée créée dans cette économie ? Gemengt ass d’Generatioun vun de baby boomers, eng Generatioun déi op d’Welt gesat gi war, well hir Elteren 10 Joer nom Krich rëm Loscht a Courage haten, un d’Grënnung vun enger Familljen ze denken Et goufen deementspriechend vill Puppelcher gebuer, d’Kabesfelder ware voll mat hinnen. Dës Leit kommen an d’Joer a si huelen elo hir Pensioun. D’Schäiner kréien Flilleken, d’Réserve am Fonds de compensatioun geet zeréck-
Grad dës Generatioun huet awer vill geleescht, mengen d’Syndikater, ënner anerem huet si massiv an d’Pensiounskeess cotiséiert an hätt elo gären déi nämmlecht Leeschtung vun der Generatioun. hannendrun..
Wann et wierklech sollt esou schlëmm kommen, datt d’Reserven a Gefor wieren – esou wéi d’Patronat dat zanter 2 Joerzéngte prophezeit-, da géing d’Welt och nach net ënnergoen: d’Gewerkschaftssäit bréngt eng ganz liicht Hausse vun de Cotisatiounen an d’Spill: keng 24 Prozent méi, ma 27, also 9 Prozent fir den Ugestellten, fir de Patron an 9 fir de Staat.Eng Hausse deemno vun engem Prozent!
Dat misst dach ze packe sinn! An d’Patronen sollten sech net ze vill de Batti stellen. Am Grand-Duché kéimen si am europäesche Verglach extreem gutt ewech, wat d’Lounniewekäschten ubelaangt:
Ma nach ass et net esou wäit! Ier d’Cotisatiounen eropgesat ginn, bleiwen nach eng ganz Partie aner Schrauwen un deene ka gedréit ginn.
Do wär zum Beispill den Deplafonnement vun de Cotisatiounen. Ass et net eng Topegkeet, datt alles wat iwwer 5-mol de Mindestloun läit, net “a Rechnung” gestallt gëtt? Am Joer 2022 loungen am Privatsecteur 5 Prozent vun de Leit doriwwer -iwwregens ginn et och där Paien am ëffentleche Secteur-, a si hätten 676 Milliounen zousätzlech an d’Keess gespullt. Breet Schëllere musse méi droen?! Déi nämmlecht Iwwerleeung huet an der Zäit fir d’Gratificatiounen – och Bonus genannt- gegollen.
Oder et kéint een eng contribution solidarité généralisée aféieren. Cette CSG pourrait être conçue d’une manière similaire à la contribution à l’assurance dépendance (CADEP) pour les ménages. La CSG serait prélevée sur base de l’ensemble des revenus bruts (salariaux, capitaux, de pension, etc.), tout en instaurant un abattement qui permet de rendre cette contribution progressive. Oder eng majoration d’impôt pour financement des pensions. Oder d’Verméigenssteier. Oder nach d’Cotisatiounsperioden erweideren, wéi zum Beispill d’Aarbecht wärend de Schoulvakanzen. Donieft sollte Jugendlecher déi sech de Luxus vun enger année sabbatique wärend hirem Studium geleescht hunn, d’Méiglechkeet vun engem rachat kréien…
Et bestinn also duerchaus eng ganz Rëtsch Moossnamen, déi kéinte geholl ginn, wäit éier un eng Hausse vun de Cotisatiounen oder un eng Hausse vum Pensiounsalter misst geduecht ginn! Souwisou wär dat mam Pensiounsalter just e Schauermärchen, mengen d’Gewerkschaften: wann d’Leit nämlech méi laang schaffe ginn, bezuelen si net nëmme méi laang hir Cotisatiounen, ma si kréien spéider eng méi héich Pensioun! Also muss méi ausbezuelt ginn: Null von Null geht auf!.
D’Iwwerleeunge vun de Syndikater si villäicht net ëmmer richteg bis op de leschten Dibbelchen, ma wien huet schonn déi ganz Wouerecht fir sech gepacht? Interessant sinn si allemol! D’Salariatssäit mécht dem Patronat de Virworf, net mat sech schwätzen ze loossen- wëll heeschen: eng Hausse vun de Cotisatiounen ass vu fir eran ausgeschloss- a si äntwert mat der nämmlechter Cartouche: eng Diskussioun iwwer den éischte Pilier vum Rentesystem ass Tabu, Gotteslästerung. D’Fanger ewech oder mir ginn op d’Strooss!
Esou gesinn, hunn zwee getrennten Avisen Sënn gemaach. Jidder Säit hat d’Geleeënheet, hir Waffen ze weisen esou ewéi op der Rouder Plaz zu Moskau: d’Truppe konnten opmarschéieren, Panzer an SS-20-Rakéiten defiléieren, duerno zeréck a Kasär a Schapp geschéckt.
Am Hierscht fänkt d’Tripartite un, oder sollt ech soen: de Rentendësch, wou jiddereen probéiert de beschte Maufel mat Kaffisboun fir sech ze ergatteren? Et ass dovunner auszegoen, datt deen Ament d’Paraventen ëmfalen, datt deen Ee probéiert, deem aneren seng Sandbuerg platt ze trëppelen..A wann da jiddereen sech eng bluddeg Nues geholl huet, bleift jo ëmmer nach Zäit, verstänneg matenaner ëmzegoen. Um Rentendësch soll schliisslech keen hongereg opstoen.