Den enfant-roi ass nach méi domm ginn am Liesen! Dat ass op d’mannst d’Resultat vun enger weiderer Etude déi nees esou iwwerflësseg war ewéi moies um 6 Auer 52 e Krapp am Hals. De Minister Claude Meisch reagéiert gewalteg a stellt an Aussiicht, d’Restriktiounen fir de Smartphone an der Schoul nach eemol ze verstäerken. Boah! Bass du geckeg? De Jëngeli an d’Modi däerfen am Lycée net méi mam Butztelefon spillen? Da lafen si séier an d’Klassenzëmmer, huelen ënnert der Bänk Enid Blyton, Karl May, Jim Knopf asw eraus a liesen sech d’Ae wond!
Nicht verzagen. Claude Meisch fragen. E klenge Verbuet a scho kritt d’Educatiounswiesen Loft, frësch Loft. Wien et gleeft ass selwer schold! Sécher. Dat elektronescht Geschier ass faszinant fir d’Jugend, hëlt vill Zäit ewech déi dann fir aner Saache feelt. Ech streiden dat guer net of, stellen awer d’Fro, ob net endlech misst dorunner geduecht ginn, fir den Inhalt vun de Couren an deenen eenzelne Fächer opzefrëschen, grad hautdesdaags, wou an all Stot geschwënn e Kai am Asaz ass?! Wann de Schüler sech foutéiert, kann dat eng Reaktioun sinn op e Schoulprogramm deen einfach net matrappt, jo och eng Reaktioun op e Professer, deem säin Unterrecht sténklangweileg ass.
Am MEN sinn se sech net der Revolutioun bewosst, déi déi kënschtlech Intelligenz och a grad fir d’Schoulwiesen bedeit.

Eng Allgemengbildung kann ni schueden, ma Honnerte Säiten einfach auswenneg léieren, dréit net onbedéngt zum Intellekt bäi; am Géigendeel! Et klaut engem och Zäit, fir sos eppes Gescheites ze maachen!
Ënner dem Schoulpersonal hält sech d’Begeeschterung fir Smartphone a Co a Grenzen. Déi Eeler fäerten, datt si mam neie Geméchels iwwerfuerdert sinn, an déi méi jonk sinn sech bewosst, datt si mam Kai eng signifikativ Erausfuerderung kréien. Si mussen sech op hier Unterrechtsstonnen ganz aneschters virbereeden wéi bis ewell. Dobäi ass eist Schoulwiesen gutt opgestallt fir déi nei Welt.
Op ee Schoulmeeschter kommen 8,2 Schüler, ee vun de beschte Scoren an der Europäescher Unioun; méi ewéi 40 Prozent vun de lëtzebuerger Professeren hu manner ewéi 35 Joer- déi europäesch Moyenne läit bei 19,6 Prozent! D’Ufangsgehalt läit bei ronn 82.000 Euro d’Joer. Dat héiert sech dach alles gutt un an nawell geet et net duer fir een deementspriechend Resultat op der PISA-Leeder ze erreechen. Ass de Schüler net genuch motivéiert, ass et d’Schoulpersonal oder sinn et di Zwee parallel?
Estland zum Beispill huet zejoert decidéiert, voll op déi kënschtlech Intelligenz ze setzen. De lëtzebuerger Schoulministère misst fir dee Fall eng ganz schaarf Kéier huelen! D’Informatik ass keng Gefor, ma eng Chance am Enseignement. Allerdéngs misst déi nämmlecht Decisioun geholl ginn ewéi an Däitschland no der Foussball-Weltmeeschterschaft: nei Iddien brauchen en neie Kapp. Trainerwiessel!
E Claude Meisch deen et a senger Reaktioun just fäerdeg bréngt, den Elteren e groussen Deel vun der Schold zouzeschousteren, huet sech selwer d’rout Kaart gezunn a gehéiert an d’Pensioun, a mat him eng Rei Conseilleren déi souwisou an de leschte Joer ze vill Spillraum am Ministère kruten.
Esou oder esou kënnt e Paradigmewiessel op eis duer. Let it happen!