Recent Posts

Post Categories

De Selfist Xavier Bettel 
De Xavier Bettel ass e Phenomeen fir sech. Hie schwätzt mat de Leit wéi wann hien mat hinnen alleguer an...
TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 
D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech,...
D’Elektrescht steet ënner Stroum 
Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei...
Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...

Blog Post

Schnoken

Deelt den Tram dat nämmlecht Lous wéi 5000 Busser? 

Deelt den Tram dat nämmlecht Lous wéi 5000 Busser?

Ech sinn déi lescht Wochen regelméisseg iwwer de Kierchbierg gefuer. Kuerz no 7 Auer moies souzen am Tram 0 bis 1 Passagéier. Kuerz virun hallwer 8 waren et der eng Bäkkeschdosen. Duerno woren esou vill Leit am Tram, datt ech se net méi konnt zielen. Géint 10 Auer dunn war den Tram bal nees esou eidel, wéi dräi Stonne virdrun. Grad wéi bei de Busser! A Stousszäiten strubbelvoll, Sardinebécksen, duerno verléieren sech just e puer Pensionéierter an där vill ze grousser Blechekutsch!Ma kee weess, wéi sech den Tram wäert entweckelen. Wann noom éischte Mount gesot gouf, et hätten 17.000 Leit den Tram benotzt, muss en dat relativéieren: déi meescht Benotzer maache jo en aller-retour, also 17.000 gedeelt duerch 2 ass gläich 8500, oder? Um Kierchbierg stéiert  mech den Tram absolutt net…ech bleiwe skeptesch, wann hie bis duerch d’Alstaad kutschéiert, mä, dat sooten der scho vill viru 25 Joer, wéi d’Iddi vum Tram opkomm war! An haut? Kee wëll de Rendezvous verpassen, wann Bausche Fränz nees eng nei Tramstatioun aweit; da soll hien net eleng op d’Foto,schliisslech hat et jo eng breet parlamentaresch Majoritéit fir de moderne Jangeli ginn….a schliisslech- hoppla!Bal vergiess!- si gläich Wahlen….

Image Credits: luxtram.lu

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *