Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Satir

Christian Kmiotek retörns 

Christian Kmiotek retörns

Viru ronn 4 Joer huet sech de Christian als Co-President vun der grénger Partei zeréckgezunn, quasi op deem Dag wou hien seng 60 Käerzen ausgeblosen huet. Zanterhier kacht hien politesch éischter op klenger Flämmchen. 4 Joer huet een ze soen näischt vum geléierte Sozialpedagog héieren, ma dat huet sech an de leschten Deeg dramatesch geännert. I’ll be back sot sech de Kmio, deen all d’Leit mat senger Langweil terminéiert. Elo Back to the roots. De Christian geet zeréck an d’Schauspillerei. De Mann huet d’Roll vu sengem Liewe fonnt: hie spillt e Strummert. An d’Saach ass gutt ugelaf, well déi néideg Publicity ass garantéiert.

De Gréngen – deen eigentlech no eegener Definitioun dee bessere Bloen ass- wor duerch d’Stad gepilgert, Becher am Grapp fir Suen ze heeschen. Duerno goung hien bei déi Gestiwwelt op de Police-Bureau fir sech selwer unzekloen. Schliisslech ass d’Heeschen zu Dikrech, Ettelbréck, Diddeleng an an der Haaptstad verbueden. Dat mam Gobelet geet do guer net….et sief e Riichter géif mam Hummer zu enger anerer Konklusioun kommen.

Endlech eng Roll wéi him op de Läif geschriwwen: e Gréngen an der Roll vum Affer! Sech un de Makadamm upechen, dat war fréier! Geplot sinn elo virun allem d’Polizisten. Ma si hu jo sos näischt ze dinn, sos hätt jo den Henri Kox zu senge Ministerzäiten net kënnen de Kommissariat op der Gare zoumaachen, oder? Si hu gutt Zäit, den Ex-Politiker Stonne laang ze verhéieren, hien a Ketten ze leeën, Waterboarding ze praktizéieren…déi biergerlech Regierungskoalitioun kuckt do nämlech net ëm, fackelt net laang fir Strummerte lass ze ginn.

Anonym krut hie schonn e Schreiwes a seng fiicht Prisongszell duerchgestallt. Mir wësse wou’s Du wunns! Seng gréng Parteikolleege sinn net onbedéngt begeeschtert vu senger Aktioun an et gëtt nees an d’Flilleke geklappt: de Fundi-Flillek géint de Realo-Flillek. Tatsächlech ass et esou, datt d’Polizisten sech veraarscht virkommen. D’Aktioun vum Kmio ass e Fake op Staatskäschten….de Riichter kann et duerchaus änlech gesinn.

Esou ass ebe jidderee Visionär op seng Manéier!

Related posts

2 Comments

  1. Jean

    De kmio as eben en all rounder dee seng visite kart och nach mat iwer 60 well kompleteieren.
    Sozialpedagog,charge de cours,akteur wann och meescht a niewerollen,politiker,gemengeconseiller,parteipresident…
    Lo kennt op seng aal deeg och nach heeschert a vlaicht souguer prisonneier dozou…obwuel ech net gleewen dat eis geriichter him des freed um leschte punkt machen.

  2. Frank Bertemes

    Scho bal amusant, wann dee Mann als “bloe Gréngen” mat deierer Liederjackett a properëm wäissem Hiem, deemno gutt gekleed, sech reng provokativ fir ze Heeschen presentéiert huet -fir sech duerno och nach selwer unzekloen…Datt sou Aktiounen de Realo-Gréngen (Fundiën gëtt et scho laang keng méi!) net onbedingt gefalen, ass kee Wonner. Sënnvoll ass zumindest awer, datt déi Gréng domat hiert soziaalpolitëscht ageschlofend Profil kënne schäerfen – dat si déi lescht Joren wuel realpolitësch “vergiess” haten…An deem Sënn huet déi total iwwerraschend an duerfir awer flott Sponti – _Aktioun vum Här Kmiotek trotzdem ee gewësse Reiz….

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *