Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Innepolitik

Greenwashing/Greenbashing 

Greenwashing/Greenbashing
Image par martinnlp90 de Pixabay

d’Chambre des  fonctionnaires et employés publics huet sech am Laaf vun de Joer mam Wand gedréit a sech besonnesch op “Gréng” erausgefiizt. Ëmsou méi pinkeleg observéiert si d’Regierungspolitik, wat mat Ëmwelt ze doen huet. Esou och, wat Analyse an Avis ugeet iwwer de Staatsbudget. An deem deierste Gesetz vum Joer gëtt schliisslech ënnerstrach, datt de Kampf géint de Klimawandelwiessel eng vun de Prioritéite wier. Dat héiert d’Chamber vun de Fonktionnaire gären a si huet direkt déi deemenstpriechend Investissementer nogesicht, also d’Mécken, enfin d’Suen, déi an d’Ëmwelt gebottert ginn. “Elle en déduit que 70% des investissements annoncés concernent uniquement le développement de l‘infrastructure des transports en commun.Jo,jo, mir loossen eis Zuch an Tram eppes kaschten. Ob et eppes bréngt, bleiwt ofzewaarden, ma et ass erlaabt, skeptesch ze sinn.

an d’chamber vun den fonctionnaires et employés publics setzt nach eng drop! Déi zweet Moossnahm géint d’Ophëtzen vum Klima gëllt fir d’Finanzplaaz, där hir gëllen Zäiten wuel eriwwer sinn an déi och soll op “Gréng” schalten. Am Avis heescht et:”La chambre décrypte l’hypocrisie des mesures qualifiées de ‘finance durable’ au vu de leurs objectifs de maximisation des profits, incompatibles avec la protection de l’environnement!” Baufdeg! Do steet d’Regierung nawell zimmlech plakeg do. Chance fir déi Gréng, datt si op deem Plang näischt opweises hunn!

Dobäi ass et der Chamber ganz eescht gemengt a kënnt mat der Warnung:”…met en garde contre le déploiement de la 5G et de l’électromobilité en évoquant la nécessité d’appliquer le principe de précaution et de procéder à des études d’impact environnemental et sociales préalables…”, wat wuel esou vill heescht ewéi: de bescht duerchduechtene Klimapak fousst op kengen Analysen, op kenge Statistiken. Et fiert een einfach mol drop lass, – natiirlech mam ëffentlechen Transport- ouni ze wëssen, wou datt een ukënnt. Ma kënnt net souwisou eng Etude vun der UNI-Lëtzebuerg zu der Konklusioun, datt eis Gesellschaft ëmmer méi individualiséiert gëtt, an datt den ekologesche Konservatismus deen dorauser entsteet, net onbedéngt sozial muss sinn?!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *