Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Aussepolitik

An engem Joer d’Alice Weidel däitsch Bundeskanzlerin? 

An engem Joer d’Alice Weidel däitsch Bundeskanzlerin?
Wikipedia.org

D’Fro an der Iwwerschrëft as provokativ, ma duerchaus realistesch. Et hänkt alles dovunner of, wéi staark oder schwaach déi verschidde Parteien an dräi Woche gewielt ginn. Wat mol sécher ze si schéngt, ass datt d’CDU stäerkste Kraaft, an de Friedrich Merz Kanzler gëtt. Si brauch awer e Partner fir eng Koalitioun. Op d’mannst ee Partner! Sollten d’Sozialdemokraten an déi Gréng – déi Liberal hunn den Ablack keng gutt Aussiichten- éischter schwaach ofschneiden, wären d’Uniounsparteien op zwee Koalitionären ugewisen, fir déi néideg Majoritéit am Parlament ze kréien. Also nees eng Kéier eng Dräierkoalitioun. Dat sinn déi indirekt Nowéie vun enger sougenannter lieweger Demokratie mat esou vill Parteien wéi nëmme méiglech.

An et ass dovunner auszegoen, datt déi Koalitioun et kaum méi laang packt ewéi 12 Méint. Da kommen nees Neiwahlen an den däitsche Bierger wäert es dann definitiv saat sinn a massiv d’AfD wielen. Et kéim zu enger Regierung vun AfD mat CDU/CSU a mat der Alice Weidel als Bundeskanzlerin! Éisteräich huet gewise wéi et geet! Déi Gefor ass net vun der Hand ze weisen grad esou wéineg wéi de Risk vun enger Implosioun vun der CDU.

Dat wat dës Woch sech am Bundestag ofgespillt huet, ass just politique politicienne. Parteien werfen sech géigesäiteg vir, net Konsensfäeg ze sinn an d’Spill matzemaache vun de Rietsextremen. Dovunner hält de Wieler äusserst wéineg. D’Stammwielerschaft vun CDU an SPD wiesselt schonn zanter Joer aus Protest a Frust.eriwwer zu der AfD. Wuelverstanen, aus Protest! Si si glécklecherweis (nach) keng  (net all) Nationalsozialiste, well sos misste mer eis och am Grand-Duché Suerge maachen an den Ahnenpass vu viru 85 Joer op de Späicher siche goen.

 

Related posts

2 Comments

  1. Guido

    Ich verstehe nicht, wie man eine Partei des rechten Lagers mit den Nationalsozialisten gleichstellen kann. Diese waren erwiesenermassen, man brauch sich nur deren Parteiprogramm in den dreissiger Jahren durchzulesen, Sozialisten, also dem linken Lager zugehörig.
    Massnahmen wie das Verbot unerwünschter Medien, siehe Sputnick, RT, … , Schauprozesse von Widerrednern, confer Füllmich und Habig, Kontosperrungen von kritischen Journalisten wie Lipp und Röper, tausende automatisierte Busgelder ohne Einspruchsrecht wegen Majestätsbeleidigungen von Politikern, eine weisungsgebundene Justiz und Aufmärsche gegen Rechts mit einer nahezu straffreien Antifa zeigen bedenkliche Parallelen zu vergangenen Zeiten.
    Damit will ich nicht die AfD schönschreiben, denn auch das sind Politiker und wir wissen nicht wie diese mit Macht umgehen werden.

  2. Phil

    Überall wird gerufen Demokratie, Demokratie. Dass sich aber ein Herr Scholz, Habeck und besonders lautstark ein Herr Merz gegen eine Koalition mit der AfD (zweitstärkste Kraft im Bundestag) wehren und damit Millionen von Bundesbürgern quasi politisch mundtot machen, ist ein eigenmächtiger Eingriff in die von ihnen beschworene Meinungsfreiheit…. sprich extrem undemokratisch!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *