Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Justiz

Fir den Ex-SREL-Mann André Kemmer tickt vun där anerer Woch un eng aner Auer! 

Fir den Ex-SREL-Mann André Kemmer tickt vun där anerer Woch un eng aner Auer!
Image par Michael de Pixabay

Scho vun der SREL-Affaire héieren? Warscheinlech. Ma scho laang näischt méi. Et goufen deemools vill Affer, zum Beispill an der Politik, virop mam Staatsminister Jean-Claude Juncker, deen als Regierungschef och de Ressort vum Geheimdéngscht a senge Kompetenzen hat. En anert Affer war de Polizist a SREL-Mann André Kemmer. Hie gouf vum Déngscht suspendéiert.

privat

Hien huet zum Trio infernal gehéiert, zesummen mam deemolege SREL-Chef Marco Mille a mam Franck Schneider, déi a reegelméissegen Ofstänn Rendez-Vous haten bei hirem Chef, also dem Staatsminister. Et gëtt sech verzielt, deen hätt si net ëmmer ganz eescht geholl, zum Beispill wéi si eng offiziell Reunioun zu Moskau hate mam russesche Geheimdéngscht a wou déi ouni ze zécken erzielt hunn, datt Russland fir d’éischt géif d’Krim attackéieren an duerno d’Ukrain. De Premier wier och an där enger oder anerer Reunioun net gutt drop gewiescht an hätt déi Dräi vernannt.

Aus där Ursaach wiere si frustréiert gewiescht an de Marco Mille hätt decidéiert gehat, op enger nächster Versammlung d’Gespréich mam Regierungschef mat enger spezieller Auer ze enregistréieren. Déi Versioun mécht awer kee Sënn. Et goung dem Mille drëm, de Premier mat enger Telefonsecoute ze confrontéieren; ëmmerhin wor an där Zäit d’Rumeur zirkuléiert, am Palais wier e Gespréich tëscht dem Grand-Duc an dem Staatsminister geheim opgeholl ginn.

De Franck Schneider – bis haut nach ëmmer gesicht vun der amerikanescher Justiz-soll déi Auer besuergt hunn. Den André Kemmer huet sech näischt aneschters virzewerfen ewéi datt hien dem Staatsminister vun där Auer verzielt huet; allerdéngs – wéi hien ëmmer präziséiert huet- zu engem Ablack wou d’Rumeur riskéiert huet, un d’Ëffentlechkeet ze kommen. De Mann ass den 11. Juni 2013 vum Déngscht suspendéiert ginn. 12 Joer! Eng laang Zäit!

privat

Domadder ass elo Schluss. D’Suspendéierung ass opgehuewen, de Mann däerf nees schaffe goen – esou wéi hien sech dat gewënscht hat. Dësen Dënschdeg trëtt hien  bei der Police un. D’Uniform wäert jo hoffentlech nach passen. Ma et heescht, hie kréich éischter eng Verwaltungsaarbecht.

Iwwregens gëtt et en Appell an där SREL-Affaire. Den D-day ass op de 4. Februar dat anert Joer festgesat. Just op engem Dag, also 3 Stonne maximum. An éischter Instanz waren déi Dräi fräi geschwat ginn, dorunner dierft sech a 7 Méint net vill änneren.  D’Rehabilitéierung vum André Kemmer weist allemol an déi Richtung.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *