Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Ëmwelt

Den SUV-Krich zu Paräis 

Den SUV-Krich zu Paräis
Photo by Sezgin Kaya: https://www.pexels.com/photo/white-mercedes-benz-glc-on-street-15296731/

Fir oder géint eng Bestrofung vun deenen Décken? Dat war d’Fro op déi d’Paräisser de 4. Februar an engem Vote ze äntweren haten. Mat “Décken” waren déi gemengt mam besser gefëllte Portmonni a mat engem méi décken Auto. Den SUV gehéiert an d’Verbannung, op d’mannst aus der franséischer Haaptstad eraus; a wann net, soll säi Meeschter wéinstens bestrooft ginn a fir eng Parkplaz méi deier bezuelen ewéi en normale Weenchen. Zanter dem 4. Februar si mir e Stéckelche méi gescheit ginn: et geet net ëm Verknaschtung a Klima, et geet ëm sozialen Näid!

Fir de Paräisser stellt sech am Prinzip esou eng Fro iwwerhaapt net. Hie mécht sech éischter Gedanken iwwer déi vill Stauen a senger Stad an iwwer déi massiv Presenz vu Raten, Symbol fir Verknaschtung. Den SUV ass him dobäi gréisstendeels egal. Dat huet sech och gewisen an der Participatioun um Vote: just 78000 Bierger haten hiert Kräizchen gemaach. Lächerlech! Ma dat nennt ee ‘partizipativ Demokratie’ an déi léisst een sech eppes kaschten. 400.000 Euro!

55 Prozent vun deenen 78.000 hu sech fir eng Bestrofung ausgeschwat, dat sinn ëmgerechent 5,7 Prozent vun der Gesamtwielerschaft.. Net déck, ma d’Anne Hidalgo setzt et duerch. Schliisslech huet sech d’Gemeng an där Fro alles aneschters ewéi neutral beholl gehat. De fréiere Minister Jean-François Copé weist an engem Kommentar am l’Express drop hin: …la municipalité annonçait clairement son opinion sur la question: le débat était réduit à quatre mots sur les affiches qui informaient de la consultation, “individuelles”, “lourdes”, “encombrantes”, “polluantes” et l’imaginaire qu’ils véhiculent: la voiture des riches.

An anere Wieder: d’Ekologisten an d’Gauche wëlle keen décken Auto méi a Paräis an also wëllen si och net méi deen, deen hanner dem Steierrad vun dem décken Auto sëtzt. Super Saach fir d’capitale de la France a fir hiere Commerce! Ma et kënnt nach besser. An dësem Fall huet déi intellektuell Mediocritéit nämlech voll zougeschloen.

Wéini ass en Auto en SUV? Et kënnt op d’Gewiicht un…gelungenerweis net op de Verbrauch vu Sprit. An do stellt sech elo eraus, datt den Elektro-Auto wéinst senger Batterie dacks esou schwéier ass, datt hien méi ewéi eng Kéier an d’Kategorie fält vum SUV; an datt deen nämmlechte Won vun där nämmlechter Mark mat Verbrennermotor méi liicht ass an also net an d’SUV-Kategorie gehéiert. An anere Wieder: den ëmweltfrëndleche Woon gëtt bestrooft, deen aneren net! De monde à l’envers. Wat awer zugläich de Beweis ass, datt et hei Hidalgo & Co net ëm d’Pollutioun goung, ma ëm deen, dee sech eng “voiture” ka leeschten an net nëmmen eng “bagnole”!

E flotte Fall wou d’Politik der Ideologie huet musse Plaz maachen. Dobäi ginn et zu Paräis genuch aner Problemer op déi de Jean-François Copé a senger Chronik hiweist: l’insalubrité illustrée par la prolifération des rats, les embouteillages chroniques qui accroissent la pollution, et une délinquance importante qui ne se voit opposer aucune police municipale armée. Paris outragé, Paris brisé, Paris martyrisé, mais Paris sans SUV! Quelle tristesse…

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *