Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Gesellschaft

Prozess Lunghi: La presse merdique 

Prozess Lunghi: La presse merdique
gkonline

Am Journalismus gëtt et e permanent Spannungsverhältnis, besonnesch wat de Beräich Politik betrëfft: wéi no loossen ech de Politiker u mech erukommen, wéi wäit maachen ech dat eventuellt politescht “Spillche” mat ouni mech selwer ze zappen? D’Verhältnis ‘Politiker – Journalist’ däerf op kee Fall ze no sinn, well sos eng kritesch Astellung a Bewäertung net méi méiglech ass. Wat fir de Volet Politik wouer ass gëllt allerdéngs och fir anerer, wéi de Sport oder d’Kultur. Domadder si mir bei der CAUSA LUNGHI.

Wéi esou dacks am klenge Lëtzebuerg huet déi ganz Geschicht vill ze di mat Verfilzungen a mat Jalousien. Ech hat schonn an engem viregten Artikel dorobber higewisen https://bit.ly/3Mtiw2v. a wëll mech haut op de Rollewiessel an der Press konzentréieren, wou de Journalist net méi passiven Observateur ass, ma selwer kräfteg matréiert, vum Mitwisser zum Mittäter gëtt. Also Aktivismus am Plaz vu Journalismus.

Am Paperjam huet zum Beispill d’France Clarinval en Artikel geschriwwen mam Titel: Le Mudam perd un très grand directeur artistique. Si lueft den Enrico Lunghi fir seng artistesch Aarbecht, wat duerchaus hiert journalistescht Recht ass. An engem Papier vum 7. November 2016 mam Titel: Le départ de Lunghi, pour quoi?Le rôle et les responsabilités kënnt si ënner anerem zu dëser Feststellung:

gkonline

D’Madamm – déi et berufflech bei RTL probéiert hat- wosst also 7 Joer virum Prozess, datt et sech hei ëm montéiert Biller gehandelt hätt, déi geschnidden, respektiv verstümmelt gi wieren oder esou guer verfälscht. Och dat kann ech engem Commentateur nach gutt halen, deen näischt aneschters mécht ewéi seng Meenung an Iwwerzeegung duerzeleeën. Ma wéi gesot, zu Lëtzebuerg kennt ee sech, et ass ee sech schonn emol iwwer de Wee gelaf, et huet een deen een oder aneren Interview matenee gemaach…

An esou huet d’Journalistin direkt den Dag nom Reportage op der Televisioun dem Här Lunghi deen heite Mail gemaach

gkonline

E Mount drop koum eng Zort Communiqué eraus am Numm vun der AICA, eng Associatioun vun de Konschtkritiker. Déi Zeile goufe geschriwwen op Initiative vun der nämmlechter Journalistin, an den Här Direkter gouf ëm säin Avis gefrot…..

gkonline

Sech op d’Säit stelle vun enger Persoun déi ëffentlech an der Kritik steet, dat ass déi eng Saach; déi aner: objektiv, sachlech a virun allem onbefaange kommentéieren. Ech iwwerloossen et menge Lieser, sech selwer en Urteel dorausser ze maachen.

Am Lëtzebuerger Wort wor d’Marie-Laure Rolland – Cheftaine fir d’Kultur- ganz aktiv fir d’Causa Lunghi.  Engersäits mat enger recherchéierter Chronologie vun den Evenementer, anerersäits vill Artikele mam Ënnertoun: eng populistesch TV-Sendung huet dem MUDAM-Direkter d’Genéck kascht. Dat huet si och esou dem Lunghi an engem Mail geschriwwen…

gkonline

a mat der Madamm Gaeng – d’Fra vum Lunghi- war si duerch d’Land gezunn an huet op offizielle Soiréeën Promotioun fir där hier Bicher iwwer di ganz Geschicht gemaach. Journalistesch Distanz also um GEO-Dräieck!

gkonline

Iwwregens Bicher déi nach wäerten e penaalt Nospill kréien. D’Gaeng ass ugeklot op Recel wéinst violation du secret de l’instruction. Dat ass net näischt, do stinn haart Prisongsstrofen drop!

Hiren deemolege Chefredakter am Wort war de Jean-Lou Siweck. Dee Mann hat den 19. November d’Erleuchtung krut mat der Feststellung: Die Sendung entsprach eindeutig nicht der Wahrheit. Dee Reportage (am Nol) war fir hien eine ausgeklügelte Manipulation. Also nach esou een Haruspex!

Et pour la petite histoire. Dem Här Siweck seng Fra war d’riets Hand vum Enrico Lunghi!

“…Mediatesch Verbassenheet! Firwat?…”

Et ass duerchaus normal, datt d’Press sech fir de Fall Lunghi interesséiert huet. D’Manéier wéi si dat gemaach huet, däerf awer grad esou hannerfrot ginn. Ze soe kee Pressevertrieder war op d’Iddi komm, déi betraffen Ekipp bei RTL ze kontaktéieren, där hire  Standpunkt ze lauschteren. Do si mir dann am däischtere Kapitel vun der Jalousie a vum Revanchismus.

D’Jalousie besteet schonn ënner de Journalisten aus deene verschiddene Medienhaiser, well d’Peien bei RTL besser sinn ewéi bei deenen aneren. Wuelverstanen: si sinn net iwwerbezuelt, ma déi aner sin ënnerbezuelt! An déi geschriwwe Press huet zanter 2 Joerzéngten ëmmer méi Schwieregkeeten, de Pabeier bezuelt ze kréien. Op deem Punkt huet de fréiere CEO vun RTL, den Alain Berwick am Prozess kee Blat virun de Mond geholl.

Esou huet hie virum Riichter drun erënnert, datt hien an der Zäit dem Alwin Sold -demols Direkter vun Editpress- d’Remark gemaach hat: wann d’Lektorat ënner 10 Prozent fält, dauert et net méi laang bis de Kanaldeckel an d’Luucht flitt an och, datt RTL a Gespréicher war fir de Radio Essentiel opzekafen. Esou Aussoen héieren sech natierlech un ewéi eng Krichserklärung, an dat huet no Revanche gejaut!

Nämmlecht Gei fir de Jean-Lou Siweck dee wosst, datt hien net méi fir laang hätt als Chefredakter am Wort, ëmsou méi wou och hei den Alain Berwick a Verhandlunge war, fir d’Zeitung opzekafen. All Geleeënheet gouf genotzt fir zeréckzeschéissen. An d’Affär Lunghi war esou eng Geleeënheet!

Dat alles huet den Alain Berwick am Prozess duergeluecht, explizéiert, an de Kontext gesat. Dat alles gouf vun der Press net rapportéiert. Déi eng hunn et net verstanen, déi aner hu genéiert op d’Nuesespëtzt vun de Schong geluusst. Wéi de Rideau vum Prozess sollt zougezu ginn, hat de fréieren RTL-Chef sech d’lescht Wuert gefrot. Hien huet hannert sech gekuckt, do wou déi verschidde Journaliste souzen an huet haart an däitlech vu  la presse merdique geschwat.

Viru mam Jabel! Et ginn nach aner Hannergrënn!

Datt de Jo Kox dem Enrico Lunghi an der Catherine Gaeng och eng Zort “Bäileedsmail” mécht, ass iergendwéi normal. Hie war déi Zäit Mataarbechter am Kulturministère….

Et schued allerdéngs näischt ze wëssen, datt hien eng kleng Roll ze spille krut an engem Film vum Donato Rotunno…

An dee Rotunno ass de Liewensofschnëttpartner vun enger Caroline Mart bei RTL. Och hien huet sech iwwer d’Geschicht Lunghi an de soziale Medie gemellt an eng Petitioun zu senge Gonschten ënnerschriwwen

gkonline

Esouguer d’ALIA (autorité luxembourgeoise indépendante de l’audiovisuel) hat gemengt, mussen hire Verwaltungs-Tëmpchen z’ënnerbriechen an där hiren iwwerfläissegen Direkter Romain Kohn – op d’mannst wann et ëm RTL goung-, sot um Radio 100,7…

gkonline

Also nach een, deen e gewëssent Bauchgefill hat, dat him sot, datt do eppes faul wier, datt een endlech op RTL -wou hie selwer ultrakuerz geschafft hat- kéint klappen. An där ALIA souz déi Zäit als Vertrieder vun der Kinoszen iwwregens och de Rotunno. Dem Romain Kohn säi Mandat als ALIA-Direkter gouf e Joer drop net verlängert.

Keen huet sech genéiert, jiddereen hat d’Wouerecht fir sech gepacht. Den Interview war manipuléiert, eng Sauerei. A basta! Dobäi ass et journalistesch absolutt ze vertrieden, an esou een Interview schneiden ze goen. Wat mécht et fir e Sënn, e “blanc” vun 30 Sekonnen ze weisen, wou iwwerhaapt näischt geschitt, wou keen ze gesinn ass? An esou niewebäi: déi zwou Versiounen – integral a geschnidden- konnt een sech op der Internetsäit ukucken.

Ma wéi gesot, d’Geleeënheet war ze schéin, um Plateau zervéiert an esou huet een d’Deontologie zu Graf gedroen. De Reportage war mat Sécherheet net nom Gusto vu jidderengem. Fir deen een oder anere gouf de MUDAM-Direkter ze vill an den Eck gedréckt; grad dat awer muss heiansdo sinn, och wann et onmanéierlech wierkt an den Interviewpartner nervlech duerchrëselt.

De Marc Thoma ass deen mam “Fierschterprozess”. Zwee Joerzéngten huet hien sech virun de Geriichter geplot, fir déi journalistesch Fräiheeten an Zement gegoss ze kréien. A sengem Verdikt am Joer 2001 koum dat Europäescht Geriicht vun de Mënscherechter zu der Konklusioun, datt d’Press hier Roll als “Wuechthond”  (Chien de garde) muss kënne spillen. Si nennt dat: un rôle indispensable!

D’Press muss deemno vun Zäit zu Zäit uschloen, billen ewéi en Hond. De Journalist muss sech kënnen an aller Fräiheet ausdrécken an op deem Punkt woren déi Europäesch Riichter an absolutter Unanimitéit ( 7 Riichter aus 7 verschiddene Länner!) bei wäitem méi mëtschgieweg ewéi dee klenge lëtzebuerger Medienzirkus:

arrêt Thoma contre le Luxembourg

Iwwerdreiwen a provozéieren! De Pressemënsch soll roueg mol kënne schockéieren….

gkonline- arrêt Thoma contre le Luxembourg

Vis-à-vis vu Politiker kann de Journalist besonnesch kritesch sinn, schliisslech sinn si et déi eng Gesellschaft féieren a vun der Press deementspriechend sollen iwwerwaacht ginn; an déi nämmlecht Kategorie tässelt d’Geriicht vun de Mënscherechter iwwregens och d’Fonctionären…

arrêt Thoma contre le Luxembourg

De Verdikt ass 22 Joer al, ma gëllt haut méi wéi jee. Den Arrêt gouf zu internationaler Jurisprudenz! Datt ausgerechent Journalisten hier eege Fräiheet géngen mat Féiss trëppelen, domadder war wierklech net ze rechnen!

Related posts

2 Comments

  1. Roland Houtsch

    Guy, ech bewonneren, wéi s Du Dech nach kanns iwwer eis Journalisten opreegen. Fir vun enger Press ze schwätzen, géing jo eng Féierung vun de Journalisten duerch intelligent a kompetent Chefredakteren an Zeitungsdirektere bedeiten mat duerchduechter kloerer editorialer Linn. Amplaz hu mer en Ego-Karnaval, deen null Ënnerscheed zu der “Informatioun” vu soziale Medien erkenne léisst.

    1. Guy Kaiser

      Salut Roland! Ma du weess, datt et och emol aner Zäite gouf. Och iwwer d’Entwécklung a mengem eegene fréieren ‘Haus’ sinn ech erféiert!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *