Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Divers

De Marc Thoma zu Betzder: Solaranlag a Beton contra Bësch a Beem 

De Marc Thoma zu Betzder: Solaranlag a Beton contra Bësch a Beem
Marc Thoma

 

D’Titelbild seet schonn munches aus. Do gëtt Reklamm gemaach: d’Gemeng Betzder ass besuergt ëm d’Natur, ëm d’Biodiversitéit. Ma direkt hannendrun läit e grousse Koup Beem, net wäit ewech rullt eng schwéier Maschinn fir d’Stämm ze seeën an ze transportéieren.

Marc Thoma

 

Alles muss ewech! An et handelt sech ëm en Areal vun e puer Hektar. Dat wäert dach wuel e gudde Grond hunn, villäicht gëtt eng Beiewiss ugeplanzt? Quetschen och!

 

 

 

“…Léiwe Lieser, gëff gutt Uecht,

wat d’Gemeng Betzder Dir huet matbruecht…!”

De betraffenen Terrain läit an der Entrée vu Rued/Syr. Hien ass – oder war!- eng vun de ganz wéinegen Kompensatiounsméiglechkeeten fir d’Nordstrooss. Als Rappell: do gouf et virun zwee Joerzéngten e Politiker, dee gouf Betonsminister vernannt. An do gouf et Grénger, déi Stuerm gelaf sinn géint déi Autobunn, well wéinst hirer vill Beem hu mussen d’Blieder hänke loossen. Dat magescht Wuert an esou enger quokeleger Situatioun: Kompensatioun. Wa lénks musse Beem verschwannen wéinst engem ganz wichtege Projet, da ginn nei Beem eben rietser Hand ugeplanzt.

Dovunner ofgesinn, datt eng Buch an nach vill méi eng Eech gutt 100 – 150 Joer brauch bis datt si an der Pubertéit ukomm ass- also voll am Saaft-, an datt an där Zäit eng Kompensatioun sech unhéiert wéi een Hohn, ass et net einfach, iwwerhaapt Terrainen ze fannen, fir déi Kompenséierung och tatsächlech duerchzeféieren. Rued/Syr hat esou en Terrain…bis virun e puer Wochen. Elo awer gëtt alles op Romp a Stomp ofgeseet.

Marc Thoma

An zwar gëtt op där Plaz eng Installatioun fir Solarenergie opgeriicht! D’Ekologie fuerdert souzesoen ekologesch Affer. Eng gréng Iddi gëtt duerch eng aner gréng Iddi ersat.

Marc Thoma

De fréiere Buergermeeschter Edgar Arendt ass alles aneschters ewéi begeeschtert. Hien hat senger Zäit déi  Nordstrooss-Kompenséierung mam Staatssekretär Camille Gira ausgehandelt, elo awer heescht et: Eiche, weiche! An dat misst guer net sinn, schliisslech hätt d’Gemeng nach aner Terrain wou duerchaus esou eng Solarinstallatioun hätt kënnen hikommen!

Eng ganz echt Situatioun deemno zu Bezder. E Fall fir de Marc Thoma dee sech op d’Plaz d’Saach ukucke goung an ënner anerem mam fréiere Buergermeeschter an d’Gespréich koum an och mat sengem Nofolger dem Jean-François Wirtz, deen natierlech eng ganz aner Vue huet. Hei de Link fir säi Video-Reportage, deen och op apart.tv ze gesinn ass an op YouTube.

 

Wéi gesot, Eestëmmegkeet am Gemengerot fir de Projet. Also och déi Gréng sinn dofir. Domatter dierft also kaum déi nächst Wahlcampagne ënner Stroum geroden…

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *