Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Gesondheet

Covid zu Lëtzebuerg: Stille Nacht! 

Covid zu Lëtzebuerg: Stille Nacht!
Image par djedj de Pixabay

 

de klengen Duché huet déi drëtthéchsten Zuel vun Infektiounen an déi aachthéchsten Zuel vu Stierffäll ënnert den 31 EU/EEA Länner an huet elo quasi als leschte Land géigegesteiert! Et geet hei net drëm, dee méi haarde Lockdown ze begréissen oder ze verdäiwelen, ma éischter drëm, ze weisen, wéi d’Regierung sech an eng schlecht Ausgangspositioun am neie Joer manövréiert huet.

D’Decisioun fir de Buttek Lëtzebuerg gréisstendeels zouzespären, ass der Regierung nämlech net einfach gefall. Éischtens  stoung si national wéi international ënner Drock. Heiheem waren ëmmer méi Leit d’Pudding-Strategie midd vun hallefhäerzegen Decisiounen, déi net vill bruecht hunn. Donieft koum ëmmer méi Kritik aus der Grenzregioun: bei eisen Noper war d’Geschäftswelt schonn deelweis Wochen viru Chrëschtdag hermetesch zou, iwwerdeems zu Lëtzebuerg monter drop lass konnt akaf ginn, grad wéi wann et de Virus net déit ginn!

Zweetens – a virun allem!- fäert d’Regierung, wat riskéiert nozekommen. De Lockdown gëllt mol vum 26. Dezember bis den 10. Januar. An dann? Deen Ament sinn dausende Leit zeréck aus hirer Vakanz. Eng Foto op facebook huet jo Bänner geschwat! E Vol fir op Porto war iwwerbucht, d’Leit stoungen um Luxairport do ze waarden  ewéi d’Hierken an der Tonn, vu social distancing keng Spuer. Anerer fléien op d’Costa del Sol, op Palma, op d’Kanaren, Haaptsaach besser Temperaturen an eng Grëtz méi Sonn ewéi heiheem. Wien kann hinnen dat schonn verdenken?!

all déi Leit wäerten an hirer Vakanz hiert Bescht maachen, fir de Virus net ze erwëschen, an trotzdeem ass de Risk reell. Gran Canaria zum Beispill ass den Ament zone à risque. An do läit d’Kromm an der Heck! D’Handbrems déi zu Lëtzebuerg ugezu gouf, kéint am Idealfall derzou féieren, datt d’Infektiounszuelen zeréckginn. Also de Lockdown ophiewen! No enger Inkubatiounszäit tëscht 1-2 Wochen no der Vakanzenzäit kéinten da grad esou d’Infektiounszuelen nees klammen. Zeréck an de Lockdown?

Et ass genee dës Situatioun, déi d’Regierung fäert. De Premier Xavier Bettel huet sech scho mol eng Säitendier opstoe gelooss, wéi hien den Datum vum 10. Januar e Provisorium genannt huet, ma hien ass sech bewosst, datt een mat der Wirtschaft net kann Achterbunn spillen, e puer Deeg op, e puer Deeg zou. Säi Mëttelstandsminister Lex Delles a säi Wirtschaftsminister Franz Fayot wiere gutt beroden, mat der Fauscht op den Dësch ze schloen. D’Geschäftswelt wéi d’Wirtschaft am allgemengen brauchen Previsibilitéit! Och a grad a Corona-Zäiten.

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *