Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Innepolitik

Garer Geschäftsleit zweemol gebiischt?! 

Garer Geschäftsleit zweemol gebiischt?!
Image par kalhh de Pixabay

déi ganz Stad leit den Ablack ënner de ville Schantercher, absëns deen vum Tram. An et ass an der Haaptsaach de Commerce op der Gare, dee riskéiert an d’Getten ze goen. Dofir gouf et vill Gestreits, datt d’Geschäfter an der Neier Avenue sollten ënnert d’Aerem gegraff kréien. Elo koum d’Corona-Kris derbäi, d’Geschäfter mussen fir Wochen zou bleiwen. Et kéint fir vill Boutikker déi berufflech Guillotine bedeiten, a Schold dorunner ass op en Neits den Tram!

All déi Geschäfter haten nämlech zejoert eng Demande agereecht, fir eng staatlech Entschiedegung wéinst deem Schantjen ze kréien. Dat ass de facto en aveu, datt si a wirtschaftleche Schwieregkeete stiéchen. Fir elo awer eng Entschiedegung an der Corona-Kris ze kréien, sinn dës Geschäfter expressis verbis ausgeschloss! Déi Betriiber a Gesellschaften, déi schonn virum 1. Januar vun dësem Joer wirtschaftlech Probleemer haten, däerften laut europäescher Reglementatioun net vun enger  Ënnerstëtzung vun ëffentlecher Hand profitéieren.

Dorobber reagéiert d’CSV a kënnt mat parlamentareschen Amendementer:

PL7545 – Amendements parlementaires CSV

Déi Geschäfter, déi also ënner dem Schantjen TRAM scho fatzeg gelidden hunn, sollten aus deene Bestëmmungen erausgeholl ginn. Si sollten also och vun den Entschiedegungen am Kontext Pandemie kënne profitéieren.

Dat geet net! Dat ass d’Aentwert vum Wirtschaftsminister Franz Fayot, matt der Begrënnung, datt esou en Amendement net kompatibel wär matt der europäescher Reglementatioun. Dach! Geet awer! ass d’Aentwert vu Säiten vun der chrëschtlechsozialer Vollekspartei.

Mar de Moien gëtt an der Chamber am Zerkel iwwer dat wichtegt Gesetz

PROJET DE LOI N°7545

visant à mettre en place un régime de garantie en faveur de l’économie luxembourgeoise dans le cadre de la pandémie Covid-19

ofgestëmmt; an deem Kontext ass sech eng Diskussioun iwwer des Amendementer ze erwaarden. D’Oppositioun wäert hier politesch Ënnerstëtzung ginn fir d’Gesetz, ganz am Sënn vun enger nationaler Unioun. Et wier schéin, wann sech och kéint gëeenegt ginn, fir de Garer Leit entgéint ze kommen. Ganz interessant ass do, ofzewaarden wéi d’demokratesch Partei sech verhaale wäert: ëmmerhinn sëtzen eng Partie Deputéierten och am Schefferot vun der Gemeng Lëtzebuerg.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *