De Premier aus dem Senegal war kierzlech op Aarbechtsbesuch zu Lëtzebuerg. Säi. Land gëtt vun der lëtzebuerger Entwécklungspolitik prioritär behandelt. Domadder ass et awer elo fir eng Zäitchen wuel eriwwer. De Vizepremier Xavier Bettel souz nämlech mam Ousmane Sonko zesummen, fir de Bilan vun der Entwécklung an dësem Land ze maachen an d’feuille de route fir déi nächst Joren festzeleeën. Ma de Bettel- deen och Entwécklungsminister ass- huet vun der Geleeënheet profitéiert, fir dem Gaascht d’Läffele laang ze zéien a Punkto Situatioun vun den Homosexueellen a senger Heemecht.
Dee Mann war eigentlech mat oppenen Äerm op Lëtzebuerg komm -oppen fir weider Ënnerstëtzung entgéint ze huelen- a

wollt näischt vun där Thematik wëssen. Hien huet déi beleidegt Liewerwurscht gespillt a gemengt, Lëtzebuerg hätt sech do net anzemëschen. Da géif hie léiwer op d’Mënz verzichten. De Xav’ war deen Dag an Héichform an hat dem Premier net onbedéngt diplomatesch confirméiert, datt et einstweilen eriwwer ass mat der lëtzebuerger Entwécklungshëllef. Päng! Déi souz! Dem Senegalees mussen d’Oueren gedämpt hunn. Lëtzebuerg stoppt seng geziilte Kooperatioun an deem Land! Dat war virdrun net an der Regierung ofgeschwat ginn.
Dat Gespréich mam Premier Sonko war vertraulech, ma e puer Deeg drop huet de Xav’ an der Plénière vun der Chamber perséinlech matgedeelt, datt hien effektiv dem Senegal wéilt d’Entwécklungshëllef sträichen. Muskelspill vun der Diplomatie?
An enger éischter Reaktioun klappt een dem Xav’ op d’Schëlleren. Am Senegal ginn déi Lénks tatsächlech wéi Banditte behandelt. Homosexuell Aktivitéiten stinn ënner Strof; et riskéiert ee bis zu 10 Joer Prisong, grad déi leschte Wochen gouf d’Gesetz däitlech verschäerft ënner dem Drock a Matwierke vun der Regierung ënner dem Premier Sonko. De Senegal gëllt als Land, wou d’Repressioun géint d’Homosexualitéit extreem hefteg ass, an et seet ee sech: esou ee Land huet keng 100 Euro vun eis verdéngt! Ass dës Iwwerleeung awer richteg?

Entwécklungshëllef geet bekanntlech un ee Land, dat um Wee ass vu senger Entwécklung; fir d’éischt vu senger wirtschaftlecher Entwécklung, da vun der Sozialpolitik, vun der Organisatioun vum Staat a vun der Justiz. An anere Wieder: dat Land, dat Entwécklungsgelder entgéinthëlt, lieft an enger anerer Welt ewéi dat Land, dat déi Entwécklungssuen verdeelt. Wëll dat och heeschen, datt dat räicht Land deem aarme Land ka virschreiwen, wat et ze denken, wéi et ze liewen huet?
Am Senegal ass d’Relioun staark verwuerzelt mat der Populatioun, an d’Homosexualitéit gëllt allgemeng als degutant Sënd. Schlëmm genuch, ma war et vill aneschters nach viru 50 Joer zu Lëtzebuerg? Bei eis gouf zwar kee verbrannt oder an de Prisong gestach, ma d’Homosexualitéit huet dach zu Sodom a Gomorra gegollen. Esou munchereen – och Politiker- huet seng eegen Homosexualitéit fir sech behalen, huet sech geschummt, ëmmer an der Angscht gelieft, säi klengt Geheimnis géif bekannt ginn. Dat sinn nach keng 30 Joer hier!! An de Xav’ selwer ass e gutt Beispill.
Ech erënneren drun, wéi den DP-Politiker ënner Tréinen op Radio Lëtzebuerg bekannt gouf – wat eigentlech jiddereen zu deem Ablack wosst-, datt hien homosexuell ass. Duerchaus couragéiert, ma et sinn eréischt maximal 25 Joer hier! An dat an engem vun de räichste Länner op der Welt, an enger demokratescher Gesellschaft. An elo soll ee mausaarmt Land wéi de Senegal am Husarenritt op deen nämmlechte Standard kommen?! Souzesoen d’Pole Positioun ouni Qualifying?!
An et ginn nach vill aner Sujeten ewéi d’Homosexualitéit, déi kéinten en Argument sinn, fir d’Entwécklungshëllef an

deene verschiddenste Natiounen anzefréieren. Beispill: Ënnerdréckung vun der Fra. Sexuell. Politesch. Gesellschaftlech. Reliéis. D’Fra ass op dësem Planéit gelant als Massendénger fir de Mann. Beispill: Kanneraarbecht. Beispill: d’Doudestrof. Beispill: Korruptioun.
Wann also räich Länner de spatze Mëndche maachen, brauchen si hir Finanz-Enveloppen guer net méi fortzeschécken. Kooperatioun bedeit jo, Zesummenaarbecht an der Entwécklung. Et soll natierlech drop opgepasst ginn, datt déi verséiert Suen op deene richtege Plazen ukommen an net direkt an der Piffkaul vun der Korruptioun landen a fir de Rescht heescht et, Gedold ze hunn. Den Ament ënnerstëtze mir massiv d’Ukrain am Krich géint Russland, dobäi wësse mir, datt virun deem Militärkonflikt d’Korruptioun op der Dagesuerdnung stoung.
Länner déi wëlle Member ginn vun der Europäescher Unioun, musse jo grad esou eng Rei Examen matmaachen, an datt si méi wäit an der Entwécklung sin, datt d’Spillreegele méi streng ginn. Aus all deenen Iwwerleeungen sinn ech der Meenung, datt dem Vize-Premier seng Decisioun sentimental richteg a rationell falsch war. Do muss probéiert ginn, an den nächste Méint nees matenaner an d’Gespréich ze kommen; firwat sos hu mir zu Dakar eng Ambassade?!