Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Divers

Dateschutz: d’Police ass tatsächlech e bësselchen hannendran! 

Dateschutz: d’Police ass  tatsächlech e bësselchen hannendran!
Image parMichael Schwarzenberger de Pixabay

Ugeholl, et gëtt een op der Strooss a sengem Auto geblëtzt: huet een do d’Recht, sech d’Photo unzekucken? Jo, dat ass esou vum Gesetz virgesinn. Et ka jo sinn, datt een seng Zweiwel huet, datt ee selwer hanner dem Steier souz an eng “gefälschten” Immatrikulatiounsplack kritt ee schonn fir 15€.

D’Photo kann also wichteg sinn, fir de Protokoll vun der Police unzefechten, ëmsou méi, wou d’Radaren anscheinend méi dacks net korrekt fonktionnéiere sollen. Allerdéngs kann et mat der Reklamatioun e bësselche méi komplizéiert sinn.

  

Dat relativ jonkt Dateschutzgesetz vum 1. August 2018 gesäit nämlech vir, datt d’Daten , déi vun der Police iwwer eng Persoun gesammelt goufen, fir dee Betraffene musse liicht zougänglech sinn! D’asbl “aktiven Dateschutz”                           =aktiven%20dateschutz%20asbl&epa=SEARCH_BOXhuet et zanter enger Zäitchen mat engem konkrete Fall ze dinn, eben mat enger Persoun, déi sech net einfach esou mam Courrier vun der Police zefridde gëtt a gäeren d’Photo geséich. D’Aentwert vun der police grand-ducale gëtt hir keng Satisfactioun:

Licht zugänglech gesäit aneschters aus. Et muss een also op Bartréng an de centre national de traitement fueren, fir do Abléck ze kréien, an et däerf een sech mol keng Copie vun der Photo maachen! Dobäi kann déi Photo duerchaus derzu bäidroen, e Mëssel ze klären, zum Beispill wann et sech ëm e Patron handelt, deen e puer vu sengen Ugestellten op engem an deem nämmlechte Woon kutschéiere léisst. Eleng d’Photo kann hëllefen, dee ‘schëllege’ Chauffeur ze ermëttelen.

Image parMichael Schwarzenberger de Pixabay

Ech selwer kruut viru 4 Joer Courrier vun der däitscher Police. Ech sollt gerannt sinn, ewéi e Schwäin. Glécklecherweis wor d’Photo direkt derbäi, an tatsächlech: dee Monni wor net ech an déi lëtzebuerger Police konnt dat am Nu mat den däitsche Kollege klären. Dobäi hat ech mech schonn op e Klengkrich mat de Verwaltungen agestallt.

“…et wier also un der Zäit, datt d’Police sech deem neie Gesetz upasst …”

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *