Recent Posts

Post Categories

TNS-ILRES: Wiedergespills mat den Zuelen? 
D’TNS-Ilres entléisst d’CSV mat e puer Datzen an d’Vakanz. Déi konservativ Ministeren kommen am leschte POLITMONITOR gréisstendeels net gutt ewech,...
D’Elektrescht steet ënner Stroum 
Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei...
Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...

Blog Post

Uncategorized

Frank Bertemes: Bravo EU! 

Frank Bertemes: Bravo EU!
Photo de Josh Sorenson: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/groupe-de-personnes-levent-la-main-sur-le-stade-976866/

Sou eppes muss een tatsächlech liesen: „D ‘EU-Parlament lackert d’Reegele fir den Asaz vu Gentechnik. D’Deputéiert hunn (…) zu Stroossbuerg dofir gestëmmt, datt d’Produiten aus bestëmmte gentechnesch verännerte Planzen am Buttek an Zukunft net méi speziell gekennzeechent musse sinn. Och déi opwenneg duerchgefouert Iwwerpréiwunge vun der Ëmwelt virum Zouloosse vum Produit falen domadder ewech.“(RTL.lu)

Dat (vermeintlecht) Parlament fir all EU-Bierger*In huet deemno de Wee fir eng bedeitend méi labber Reegelung vun de Gentechnikbestëmmungen   am EU -Raum fräigemaach. Liewensmëttel déi mat moderne Gentechverfaren , wéi déi ëmstridde Crispr/Cas Gen-Schéier ,  verännert gi sinn,  dierfen deemno an Zukunft a ville Fäll ouni speziell Kennzeechnung an eise Liewensmëttelgeschäfter verkaaft ginn. Déi nei Reegelunge sollen ab Mëtt 2028 gëllen. Fir eis Konsumente bedeit dat, datt  mir um Artikel net méi iwwer deen eventuellen Asaz vu Gen-Tech informéiert ginn.Verloosse kënne mir eis eemol méi op Bio-Produite mat seriéisem Label fir déi den Asaz vu Gen-Technologie absolut verbueden ass, oder awer op deen  explizite Vermierk „Ouni Gen-Tech“.

Och deen däitschen Ëmweltminister huet  déi nei EU-Bestëmmung als „ee schwéiere Feeler“ bezeechent. Eemol méi eng Victoire vun de Konzerner. Preziséiert soll awer och sinn, datt déi Reegelen déi sougenannt “Nei Genomesch Techniken“, och nach NGT genannt,betreffen. Dobäi geet et ëm eng limitéiert Unzuel u gentechneschen Agrëffer, wéi zum Beispill duerch déi genannt ‘”Gen-Schéier”, déi dem Gesetz no just eng normal Ziichtung beschleunege soll. Supporter vun dësem Gesetz erhoffen sech doduerch nei Zorten, déi besser mat enger Dréchent eens ginn a manner Dünger brauchen. Modern Ziichtungsverfaren sollen hëllefen, d’Planze méi genee a méi séier ze verbesseren an dat wëssend, datt d’Klima sech verännert an d’Planze méi widderstandsfäeg musse ginn. Déi hei viséiert  Zorte sollen dem Gesetz no just nach um Som als “gentechnesch verännert” gekennzeechent sinn. D’Iwwerpréiwunge virun der Zouloossung falen dann och ewech. D’Gesetz gesäit och vir, datt den Asaz vun den neien Zorten net méi op all Feld muss kënnen nozevollzéie sinn. Kritiker fäerten, datt gentechnesch verännert Planzen duerch de Wand op Felder gedroe ginn, wou se u sech net ugebaut ginn.

D‘EU léisst och Patenter op déi nei Zorten zou. “Doduerch kann et dozou kommen, datt de Som um Europäesche Maart an den Hänn vun e puermultinationalen Entreprise wäert leien“, kritiséiert een däitsche gréngen EU-Deputéierten . Änlech haten och verschidde konservativ Deputéiert a Memberstaaten argumentéiert, déi sech awer net duerchsetze konnten.

Fazit: An Zukunft gëtt da wuel giess, wat Bayer-Monsanto a Co op den Dësch bréngen…

Eemol méi: Bravo EU!

Previous

Frank Bertemes: Bravo EU!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *