Recent Posts

Post Categories

D’Elektrescht steet ënner Stroum 
Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei...
Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...

Blog Post

Gesondheet

Politesch den Dadder virum ‘virage ambulatoire’? 

Politesch den Dadder virum ‘virage ambulatoire’?
Photo de Tima Miroshnichenko: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/chaises-nettoyer-equipement-materiel-5355921/

Virage ambulatoire ass dat neit magescht Wuert am Gesondheetssecteur.. Tatsächlech versprécht et eng kleng Revolutioun: ëmmer méi Patiente solle kënnen ambulant behandelt ginn, kéimen also laanscht en Openthalt an enger Klinik. Dat féiert zu enger Dezentralisatioun; déi verschidden Agrëffer kënnen op verschiddene Plaze gemaach ginn, soudatt d’Klinicken entlaascht ginn. De Patient fir säin Deel brauch net laang ze waarden, ka sech Plaz an Datum vun der Interventioun  eraussichen.

Eng Etude vun der AOK an Däitschland koum kierzlech zur Konklusioun, datt tëscht 54 a 60 Prozent vun de Patienten kéinten ambulant behandelt ginn. Also net näischt! Just, datt Lëtzebuerg e bësselche spéit un ass. D’Sozialisten -ëmmerhin 40 Joer laang an der Santé un der politescher Muecht-  stoungen op deem Punkt ëmmer mat béide Féiss op der Brems. De Begrëff liberal Medezin sicht een ëmsoss an hirem Vokabular. D’Onzefriddenheet ënner den Dokter wor ëmmer méi grouss ginn https://bit.ly/4xKEzHv Déi schwaarz-blo- Regierung wëll et besser maache, ma d”Ministesch Martine Deprez huet sech och schwéier gedoen mat engem Gesetz-Projet, deen awer elo zanter 3 Wochen deposéiert ass.

Wéi fält d’Reaktioun aus bei den Dokter selwer? Doriwwer hunn ech mech mam Chris Roller ënnerhalen, dem President vun der AMMD (  Associatioun vun den Dokter an Zänndokter)

De Gesetzprojet iwwer méi ambulant Behandlungen ass um Instanzewee, ma ech perséinlech ginn d’Gefill net lass, wéi wann et der Regierung net eescht gemengt wier. De ganz grousse Worf ass et net an d’Santé bleift wäit vun enger liberaler Medezin ewech, oder Här Roller?

Et ass elo esou geduecht, dass déi ambulant Medezin an de Cabineten vun den Dokteren soll iwwert d’Loi hospitalière ofgedeckt ginn. Mir hätten eigentlech eng Loi ambulatoire favoriséiert fir net déi zwee mateneen ze vermëschen.

All ambulant Struktur muss en Agrement kréien — an d’Spideeler hunn do eng entscheedend Stëmm. Dat heescht, e Spidol kéint eng ambulant Struktur refuséieren, well et se als Konkurrenz gesäit. Dat ass e fundamentale conflit d’intérêts, deen esou net akzeptabel ass.

Mir als AMMD wëllen eng wierklech onofhängeg ambulant Medezin — a keng, déi vum gudde Wëlle vun de Spideeler ofhänkt. Et soll nom besoin vun der carte sanitaire geplangt ginn. Mir sinn also nees an enger Planwirschaft-Logik ënnerwee. Et wier eigentlech méi sënnvoll, dass de « Marché » sech reguléiert. Schliisslech hunn d’Dokteren laut dem Gesetz d’liberté d’installation, déi allerdéngs fir villes staark ageschränkt ass. Dann soll och nach eng CPH (Commission permante hospitalière wou d’AMMD minoritär ass) matdiskutéieren, ob eng ambulant Struktur däerf opgemaach ginn oder net. Liberal ass dat alles net esou ganz.

E Spidol huet sech scho gemellt, fir eng Zort Spezialklinik ze bauen an där d’Patienten just ambulant behandelt ginn. Eng sougenannten Dagesklinik also. Parallel sinn eng Partie Amendementer ënnerwee mat deenen zousätzlech Antennen kënnen opgoen fir ambulant Interventiounen. Klassescht Beispill: de groe Star. Also iergendwéi ass d’Medezin jo awer dach am Ëmbroch, oder?

Photo de Viktorya Sergeeva 🫂: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/fenetre-hopital-lit-d-hopital-tir-vertical-14267573/

Jo, d’Medezin ass am Ëmbroch, zumindest um Pabeier. Mir hunn als AMMD déi läscht 18 Méint extrem vill drop higewisen, dass vun de Wahlverspriechen a vum Koalitiounsaccord bis dohinner näischt ëmgesat gouf.

Och am Moment sinn d’Gesetzesprojeten nach ëmmer extrem spidolzentristesch. D’Antenne sinn weiderhin vun de Spideeler organiséiert. Dat heescht schwéierfälleg Organisatioun an vill Administratioun mat entspriechend héigen « Overhead » -Käschten. Dat sollt jo duerch méi Medezin bei den Dokteren an de Cabineten manner deier ginn. Ob dat mat den Antennen de Fall ass gleewen ech am Moment nach net esou richteg. Mir mussen schliisslech em Aa behalen wéi eis Medezin aus reng ëffentlech finanzéierte Mëttel abordabel bleift fir jiddereen. An dass Lëtzebuerg méi attraktiv gëtt fir déi bescht Medezinner heihinner ze kréien.
Et feelt u politeschem Wëllen
Also wann ech Iech richteg verstinn: d’Medezin ass am Ëmbroch, ma d’Regierungsparteien hippen hannendrun. Wourunner läit et? Wourunner feelt et?

Als klenge Rappel: mir schwätzen vu Saachen, déi an der Wahlkampagne vun de Regierungsparteien versprach goufen an

gouvernement.lu

déi am Koalitiounsaccord stinn.

D’Ëmsetzung ass mat der Mme Deprez extrem lues an zéi. Et läit vläicht dorunner, datt eis Ministesch ideologesch eng aner Vue vun de Saachen huet. Et feelt also menger Meenung no u politeschem Wëllen.
An der CNS gëtt vun engem strukturellen Defizit säit mindestens 2019 geschwat. Dat huet bis viru kuerzem weder de Conseil vun der CNS nach d’Politik esou richteg interesséiert. Natierlech versichen eng Partie Acteuren am CA vun der CNS,  d’Spideeler weiderhi grouss ze halen an ze favoriséieren.
De « Virage ambulatoire » féiert awer mëttel- bis laangfristeg sécherlech zu enger méi effizienter Prise en charge, déi och méi bëlleg ass.
Et ass ouni Zweiwel en Deel vun der Zukunft vun der Medezin. Awer nach laang net all spezialiséierten Dokter wäert an noer Zukunft kënnen dovunner profitéieren. Ass dat och bedéngt, well ee kleng wëll ufänken, well d’Santé-sic: d’Ministesch!- net bereet ass, den Zepter aus der Hand ze ginn?
Photo de Marta Branco: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/stethoscope-et-electrodes-d-39-ecg-dans-un-rapport-medical-35044387/

De Grond firwat an noer Zukunft net all Spezialiséierungen ausserhalb vun de Spideeler kenne schaffen huet verschidde Grënn. Natierlech hutt Dir op där enger Säit  d’Spezialiséierungen, déi weiderhin an de Spideeler mussen duerchgefouert ginn. Stellt Iech vir, wann Dir eng schwéier Chirurgie maacht wéi Neurochirurgie, Traumatologie oder gréisser Kriibsoperatiounen – dat muss ëmmer am Spidol ausgeüübt ginn, et gëtt keng Méiglechkeet, dëst ambulant an enger klengen Infrastruktur ze maachen.

Op der anerer Säit huet d’AMMD déi eenzel Gesellschaften vun deene verschiddenen Spezialiséierungen gefrot, wat si eventuell an Zukunft ambulant maache wéilten. Et ginn Gesellschaften, déi eis konkret Akten genannt hunn, déi am ambulante Beräich kéinte gemaach ginn. Et ginn awer och Gesellschaften, déi keng ambulant Medezin maache wëllen. D’Gesellschaft vun de Radiologen zum Beispill wëll sech aktuell net am ambulante Beräich nidderloossen. Dat selwecht gëllt fir d’Gastroenterologen. Dës zwou Spezialiséierungen sinn natierlech ofhängeg vun engem héich spezialiséierte Material. Mee et bestinn och Virbehalter vun dëse Gesellschaften géintiwwer enger ambulanter Aktivitéit. Dëst ass awer net onbedéngt d’Vue vun der AMMD.
An dësem Kontext huet d’Ministesch deemno d’Äntwerte vun de verschiddene Gesellschaften respektéiert, fir eng Lëscht opzestellen, mat där een am ambulante Beräich ufänke kann.
Et ass och vläicht  sënnvoll, méi kleng unzefänken an au fur et à mesure d’Aktivitéiten am ambulatoire weider auszebauen.
Esou wäit d’Gespréich mam Chef vun der Doktesch-Associatioun AMMD. D’Ministesch géing senger Meenung no also d’Reform éischter  hallefhäerzeg ugoen. Dat ass dat, wat ech och vun aneren Dokteren ze héiere kréien; an et ass d’Confirmatioun, datt d’demokratesch Partei alles aneschters ewéi zefridden ass!
Previous

Politesch den Dadder virum 'virage ambulatoire'?

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *