Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Ass mat der Demissioun Dieschbourg d’Affär Gaardenhaischen politesch begruewen? 

Ass mat der Demissioun Dieschbourg d’Affär Gaardenhaischen politesch begruewen?
wort.lu

et war nëmmen eng Fro vun der Zäit! Iwwer 30 Méint huet d’Carole Dieschbourg d’Affär Gaardenhaischen mat sech erëmgeschleeft. Deen Dossier war bekanntlech an der Cité Judiciaire geland an d’Ministesch hat an der Ëffentlechkeet ni déi verschidde Virwërf konnen iwwerzeegend entkräften, soudatt duerchaus dovunner auszegoe war, datt d’Affär hir à tout moment kéint op d’eege Féiss falen. Dat ass gëschter geschitt!

Affär Traversini? Et geet dach just ëm ee Gaardenhaischen! Doriwwer léisst sech streiden. Et kann ee grad esou gutt vun engem Dräi-Fënster-Chalet schwätzen. Bei Gaardenhaischen stellt een sech e Schapp vir, ass et awer net. Virun allem awer läit deen an engem Naturschutzgebitt um Prënzebierg.  An d’Aarbechten, déi gemaach goufen, haten dach zimmlech grouss Ausmoossen: do ass zum Beispill e remblai gemaach ginn, et gouf also Buedem vun engem Bagger oder vun engem Trakter mat Schëpp opgefëllt, fir den Terrain méi riicht ze maachen. Am Tageblatt goung Rieds vu 5 Kubikmeter.

quotidien

Leit vum CIGL (Centre d’initiative et de gestion locale) ware gefrot ginn fir un engem Gelänner ze schaffen. Den 19. September 2019 hat ech geschriwwen: “Perséinlech war ech net op d’Plaz kucken, kréien awer gesot, eng Strooss fir an d’Géigend vum Haus hätt en neien Tapis geluecht krut an et wär och e Kanal bis dohinner gezu ginn. Och dat schéngt de Buergermeeschter net ze dementéieren, seet awer wéi am Fall vun der Clôture, datt déi Aarbechte scho geschitt woren, ier hien an de Besëtz koum vun Haus a Beréng; den Här Traversini muss also der Ëffentlechkeet de Bréif weisen vum zoustännege Riichter, vu wat fir engem Dag un hien d’Curatelle iwwer dee fréiere Proprietaire iwwerdroe krut!”.

Hei de Link zum ganzen Artikel vun deemools  http://bit.ly/2mqGyl1

 

D’Affär huet sech zougespëtzt, den député-maire Roberto Traversini huet demissionéiert. Deene Gréngen am Generellen an der Madamm Dieschbourg am Speziellen gouf Vetternwirtschaft virgehäit, Favoritismus, also ausgerechent där Partei, déi sech 30 Joer an der Oppositioun permanent als Saubermann/*/Fra opgespillt hat. D’Geschicht vun deemols gëtt zanter e Freideg nei opgerullt a riskéiert nees engkéier, déi Gréng wéi en Amboss erofzezéien, besonnesch natierlech am Hibléck vum nächste Joer mat Gemengen- an Nationalwahlen.

“…et geet net ëm déi parlamentaresch Immunitéit, ma ëm eng mise en accusation!…”

De Chamberpresident Fernand Etgen krut am Laf vun der Woch Courrier vun der Procureure générale Martine Solovieff, mat der Demande vun enger mise en accusation vun der Chamber aus un d’Adress vun der Madamm Dieschbourg.

Wikipedia

Eleng dës Demande weist drop hinn, datt d’Justiz déi verschidde Virwërf duerchaus eescht hëllt, datt si méiglecherweis guer net esou harmlos sinn. Wuelverstanen just een Indice! Bis op Weideres gëllt fir d’Ministesch d’Présemption d’innocence!

Esou eng demande de mise en accusation ass eng ganz aussergewéinlech Prozedur, déi et bis dato réischt eemol gouf, an zwar am Joer 2012 géint den deemolegen Wirtschaftsminister Jeannot Krecké an der Affär vu Wickreng/Léiweng. Virun 10 Joer koum d’Chamber allerdéngs zur Konklusioun, datt net genuch Elementer am Dossier waren an datt d’Virwërf géint de Minister fale gelooss goufen.

Déi Gréng sinn sech dem extreeme Risk bewosst! D’Ëmweltministesch huet mussen d’Konsequenzen droen. E Freideg um 11 Auer 30 gouf si hir Demissioun bekannt. D’Auerzäit war intentionéiert: eng hallef Stonn drop nämlech koum de Bureau vun der Chamber beieneen a konnt direkt iwwer dee Récktrëtt diskutéieren.

Déi Gréng hoffen, datt duerch d’Demissioun Dieschbourg dës mise en accusation hifälleg gëtt. Grousse Schued fir d’Ministesch, Schued a Grenze gehalen fir d’Partei! Op deem Punkt ginn d’Meenungen wuel auserneen, besonnesch natierlech tëscht Majoritéit an Oppositioun: déi eng wäerten alles dru setzen, hir eegen Haut ze retten, déi aner wëlle vun der Geleeeënheet profitéieren, de Sujet weider an der Ëffentlechkeet ze halen, drun ze lecken wéi un enger Schank a Gambia mat eideler Schossel an den Eck ze drécken.

elo schonn kachen d’Gemidder héich um Krautmaart!

paperjam.lu

De Chamberpresident krut wéi gesot Courrier vun der Procureure générale Solovieff. Dobäi handelt et sech natiirlech net eleng ëm e kuerze Bréif vu 4 Zeilen mat där demande en accusation, ma et handelt sech ëm de ganzen Dossier. Schliisslech freet d’Martine Solovieff d’chamber ëm déi aussergewéinlech Prozedur, an also muss si och d’Chamber a Kenntnis setzen. De Fernand Etgen awer réckelt net domadder eraus!

Hie mécht esou, wéi wann et sech hei ëm e confidentielle Courrier géif handelen. Dat héiert sech éierbar un, ass allerdéngs hei net ubruecht. Schliisslech muss all Deputéierten en connaissance de cause sinn, wann hie soll kenne mat diskutéieren an eventuell ofstëmmen! E Méindeg um 18 Auer kënnt de Chamberbureau op en Neits dowéinst zesummen. Warscheinlech bréngt d’Majoritéit en avis juridique an d’Gespréich a setzt esou op d’Zäit.

Ëmmerhinn handelt et sech hei ëm déi fënneft Demissioun an der Regierung bannent e puer Méint. Dat muss den Näid hier loossen! Gambia 2 huet e verdäiwelten Tempo drop!

Related posts

2 Comments

  1. Frank Bertemes

    Déi Gréng hu färrem Problèmer – si awer net aleng…d’Steigerung vu Feind ass bekanntlech “Parteifrënd*IN” …mat engem Parteipresident, deen eemol méi virun de Mikroën a Kameraën muss trieden, fir eng Parteifrëndin (Carole) oder och ee Frënd (Felix oder – wéi säi Virgänger – ee Roberto) ze luewen oder ze verteidegen..oder sech parteinëtzlech erauszeschwadronnéieren …een Trauerspill!
    Déi “Frëndin” huet misse feststellen, wéi ee béist Spill d’Politik ass – duerfir brauch een een décke Pelz-Idealismus an Naivitéit ginn net belount an där knallhaarder Polit-Welt, oder?

    Tja – cf. d’Madamm Cahen-déi versteet d’Spillchen…

  2. Hubert Hollerich

    Den Artikel wär richteg informativ, wann amplaz vun engem Chalet dat tatsächlecht “Gaardenhaischen”, em dat et geet, ofgebilt gi wär. Et handelt sech nämlech net em ee klengen Abri de jardin, wéi dat oft fälschlecherweis duergeatallt gëtt, mee em eent mat Zillen gebautent Haus. https://lequotidien.lu/a-la-une/accuse-de-conflit-dinterets-traversini-somme-de-demissionner/

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *