Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

SREL: Geheimdéngscht vun den oppenen Diren 

SREL: Geheimdéngscht vun den oppenen Diren
Image par MichaelGaida de Pixabay

et as schonn en décken Hond, mat deem déi lescht Woch de Journalist Eric Ewald op RTL ugeschäert koum! E Staatsbeamten, deen sech op d’Sich gemaach hat no enger neier Aarbecht, koum esou ganz niewebäi un eng Lëscht vu ronn 80 Mataarbechter vum SREL. Dobäi ass dee Mann iwwerhaapt net Informatiker an hat just gegoogelt, wat hien fräi zougänglech esou alles iwwer de Geheim-déngscht konnt fannen.

Kuerz drop huet hien der SREL-Chefin Doris Woltz an engem Responsabelen vum Service eng Mail iwwer dësen Dateleak zoukomme gelooss. Just fir Bescheed ze soen. Net d’Madamm Woltz huet him ugeruff, ma de Responsabelen, deen hien nervös frot, déi Lëscht ze zerstéieren a kamëss dohinner geplättelt huet, datt de Mann op keng nei Aarbecht beim SREL ze hoffe bräicht! Amplaz de Mann zu sengem Alliéierten ze maachen, ass där Persoun also näischt Besseres agefall, ewéi hien virun de Kapp ze stoussen. Dobäi waren d’Nimm vun 80 Mataarbechter, dorënner och schützenswäerter an en Externen, op der digitaler voie publique!

Image par Rui Parreira de Pixabay

Méi spéit huet eise SREL-Kandidat och de Premier Xavier Bettel an d’Bild gesat. Den absolutte chef hierarchique also. Reaktioun? Dreem weider! E Gespréich mam Chef de cabinet vum Staatsminister, dem Här Paul Konsbrück huet grad esou wéineg bruecht. Schliisslech huet de Mann seng Geschicht nach dräi Deputéierten gepëspert – engem vun der Majoritéit an zwee un der Oppositioun-, ma och déi schéngen d’Saach verpennt ze hunn!

bis d’Affär an d’Medie koum. Op d’mannst bei RTL huet ee Journalist seng Aufgab gemaach. Déi aner Pressehaiser hu sech net vill gemuckst, den Interessi hält sech méi wéi a Grenzen. Den Eric Ewald schreift:”Méi wéi dat ass awer de Fait, dass, wann déi Persoun de Geheimdéngscht an d’Politik heirop opmierksam mécht, net vill bis keng Reaktioun kënnt. Vun enger neier SREL-Affär ze schwätzen, ass villäicht e bësselchen héich gegraff, ma dësen Dateprobleem interpelléiert awer”. 

Ech stelle mir vir, op der ARD soen se an den Tagesthemen “…die Namen von über 300 Mitarbeitern des BND waren gewollt oder ungewollt an die Öffentlichkeit gelangt..!” A ganz Däitschland géingen all d’Medien an d’Politik sech iwwerschloen. Op d’mannst eng responsabel Persoun misst d’Blat botzen, hire Stull fräi maachen! Bei eis geet alles méi gemälleg säi Wee. Esou kënnt d’Politik nëmme schwéier an d’Gäng. An awer!

Image par Ondřej Šponiar de Pixabay

D’Sëtzung vun der zoustänneger SREL-Kontrollkommissioun kënnt schonn en Donneschdeg zesummen, 8 Deeg éischter wéi geplangt.

“…ma elo ob emool ass alles streng geheim…!”

Alles, wat an där Kommissioun gezielt an erkläert gëtt, ass aus verständleche Grënn net fir de breede Publikum geduecht. Dat kann an dat däerf allerdéngs net bedeiten, datt dës Affär ënner dem Deckmäntelchen des Schweigens bleift! Zur Erënnerung: gouf et viru Joer net och en dateleak an der Chamber?! Et schéngt, wéi wann zu Lëtzebuerg verschidde Verwaltungen déi digital Welt net géingen eescht huelen, sech hiren enorme Geforen net bewosst wieren!

Hei geet et ëmmerhinn ëm d’Daten aus dem Geheimdéngscht!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *