Recent Posts

Post Categories

Och déi politesch Oppositioun huet hire Kräizwee ze goen 
D’Sozialisten sinn an där nämmlechter Situatioun ewéi 11 Joer virdrun déi Chrëschtlechsozial: raus aus der Regierung, raus aus dem Alldagstratt,...
Europäesch reality show 
Hutt Dir et och schonn héieren? Am Juni sinn Europawahlen, déi awer keen ze interesséiere schéngen. Grouss thematiséiert goufen se...
Ieselsdrot fir den Drotiesel 
Wat si mir e verwinntent Vollek. Den ëffentlechen Transport ass bei eis gratis. E schéine Subsid vun der ëffentlecher Hand,...
Invasioun vu Busser zu Weiler-um-Tiermchen 
Schonn 2013 -2015 hat et an där schmocker Gemeng Weiler-zum-Tiermchen Remmidemmi ginn wéinst Kaméidi. An der rue des Forges konnten...

Blog Post

Innepolitik

Näechst Regierungsëmbildung an e puer Méint 

Näechst Regierungsëmbildung an e puer Méint
gouvernement.lu

och wann de Vizepremier esou gemaach huet, wéi wann näischt derbäi wier, wann hien ukënnegt, säi Regierungsmandat net wolle fäerdeg ze maachen, esou wosst den Etienne Schneider dach, datt mat deem ‘banale’ Satz d’Geschnadders géing ugoen, esou gutt an der Regierung wéi och- an an der Haaptsaach- an der sozialistescher Aarbechterpartei. Den Etienne Schneider hat zu deem Ablack bestëmmt och schonn eng sortie de secours am Schna, well, laang ass hien net méi an der Regierung an an der Partei ze halen. Quasi den Dag no senger Ukënnegung huet d’Gedrécks ënner de Parteizaldoten ugefaangen, et sti genuch Leit bereet fir den Asaaz, ma et gëllt, deen oder déi Richteg(en) ze fannen,ëmmerhin ass de Mann Vizepremier, Wirtschafts- a Gesondheetsminister.

Mam Schneider verléisst deen zweete Vizepremier dës Regierung, no der “forcéierter” Demissioun vum Felix Braz. Zwee vun Dräi, déi sech mënschlech an och politesch gutt verstaanen hunn, déi de Courage haten, um Wahlsonndeg Owend am Oktober 2013 mat enger hauchdënner Majoritéit eng Dräierkoalitioun anzegoen, absëns, d’CSV an d’Wüst ze schécken; dat nämmlecht politescht Spill sollt sech 5 Joer drop widderhuelen. Mam Départ Schneider steet de Xavier Bettel elo eleng do, mam François Bausch gëtt hien zwar eens aus der Zäit wou hien Buergermeeschter an der Stad Lëtzebuerg war an de Bausch am Schefferot säin Haaptadjudant, an trotzeem ass dat Verhältniss net dat nämmlecht, ewéi an der Zäit mam Felix Braz.

gouvernement.lu

Neie Vizepremier op LSAP-Säit kann u sech nëmmen den Dan Kersch ginn, deen allerdéngs net esou e moderate Sozialist ass ewéi de Schneider. Perséinlech sinn ech der Meenung, datt den Dan Kersch deen Job gutt géing maachen, ma et stellen sech dach Froen um Niveau vun der Regierung an och vun der LSAP, bei där de ‘roude’ Flilleck sech wäert eng Stäerkung erwaarden.

Den Etienne Schneider ass allerdéngs och Wirtschafts- a Gesondheetsminister! Et ass sech virzestellen, datt den Dan Kersch zousätzlech kéint de Gesondheetssecteur iwwerhuelen, ma ween huet déi néideg Kompetenzen fir d’Economie? Gëtt de choix getraff nom leschte Wahlresultat, misst de Marc Angel als éischten mol op d’mannst gefrot ginn: en doudsympathesche Mënsch, mat laangjähreger Erfahrung an der Politik, allerdéngs ass de Ressort Wirtschaft net grad seng Prioritéit. An awer gouf hien ze verstoen, datt hien bereet ass, op e Posten als Europadeputéierten ze verzichten an also prett wär, fir Regierungsresponsabilitéit ze iwwerhuelen. Näechstgewielten ass de Franz Fayot, dee schonn éischter wirtschaftlech Kompetenzen huet, mä deen an deem Fall misst säi Posten opginn als Pateipresident. Hie kann allemol op d’Ënnerstëtzung vum “clan Fayot” an der Partei ziélen. D’Iwwerleeungen weisen, datt d’Personaldecken (och) bei der LSAP ufänkt, dënn ze ginn!

Am Fréijoer gëtt dem Jeannot Krecké seng Plaz fräi am Verwaltungsrot vun ArcelorMittal- hien huet zwar e Mandat vun dräi Joer, ma wëll fröizäiteg ofbriechen; déi Plaz wär ewéi gemaach fir den Etienne Schneider, ma dee Mann huet bestëmmt nach déi eng oder aner zousätzlech Méiglechkeet, fir sech seng Pensioun ofzesécheren: am Laf vu 6 Joer am Wirtschaftsministère entwéckelen sech gewësse “Frëndschaften”.

Politesch hannerléisst de Mann a grousst Lach mat sengem Ofgang. An den éischte Joer vu Gambia 1 hat een méi wéi eng Kéier d’Gefill, et wär éischter hien de Kapitän u Bord ewéi de Xavier Bettel, dee méi laang gebraucht huet, sech an där neier Positioun als Premier zurecht ze fannen. Säin Asaaz fir d’Economie war exemplaresch – och wann hie sech déi lescht Joer emmer méi dacks mat deene Gréngen iwwerworf huet,- an esouguer ‘säi’ space mining gëtt vun der gréisster Oppositiounspartei matgedroen. D’Zäit fir de politeshe “Renouveau” kënnt fir d’Sozialisten méi séier, wéi et hinne léiw ass!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *