Recent Posts

Post Categories

D’Elektrescht steet ënner Stroum 
Jidderee mécht esou seng Rechnung. Ech zum Beispill hunn an der Kichen 8 Halogene-Luuchten géint 8 LED ersat. Déi nei...
Dem Premier seng Ried war ok, deem aneren seng Ried war besser 
De Luc Frieden huet a senger Ried iwwer d’Lag vun der Natioun bäigeléiert. Hien huet net aus der Schoul geplappert...
Friedrich Merz a Luc Frieden, même combat? 
D’Parallellen tëscht deenen zwee Politiker sinn erstaunlech: deen een war 7 Joer laang President vun der BIL, deen aneren Chef...
Frank Bertemes: Der Schmetterlingseffekt 
Im übertragenen Sinn bedeutet der Begriff, dass scheinbar unbedeutende Handlungen, kleine Zufälle oder Entscheidungen in der Vergangenheit enorme und weitreichende...

Blog Post

Innepolitik

De François Bausch huet sech net an d’Justiz agemëscht 

De François Bausch huet sech net an d’Justiz agemëscht
image credits: pixabay

De richtegen Term ass: de Minister gouf “dédouanéiert”. D’Procureure générale Martine Solovieff léisst wëssen, datt de Minister sech an dëser Saach als “resposable civile” beholl hätt. Ech huelen dat zur Kenntnis a respektéieren dat. Ech sinn awer ëmmer nach der Iwwerzeegung, datt et gutt war, dëse Courrier vum Minister an der Ëffentlechkeet ze thematiséieren; ech fille mech doranner ëmsou méi confirméiert, well och de Professer Luc Heuschling, zoustänneg fir d’Verfassungsrecht op der UNi Lëtzebuerg, um Radio 100,7 vun enger klorer Violatioun duerch de Minister geschwaat huet. Also dach, verschidde Meenungen an Interpretatiounen….

Egal: d’Justiz huet kloer  an iwwerraschend séier tranchéiert a mir mussen dat esou unhuelen!

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *