Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Caramba! Iwwer 10.000 Jugendlecher blosen der Politik de Scharriwarri! 

Caramba! Iwwer 10.000 Jugendlecher blosen der Politik de Scharriwarri!
Image parFree-Photos de Pixabay

respekt! Dir waard zu vill! Och wann ech bei menger Kritik bleiwen, datt de wonne Punkt vum Streik doranner läit, datt Dir während der Schoulzäit manifestéiert hudd, esou weist Aer Aktioun vu gëschter, datt fir Ierch d’Ëmwelt e wichtege Sujet ass.

Ekologie an Ekonomie passen leider zesummen wéi Pech a Schwiefel! Wann et eis haut wirtschaftlech esou gutt geet, wéi nach kenger Generatioun virdrun, da bedeit dat zugläich, datt mir esou vill Dreck produzéieren wéi nach ni virdrun. Meng Bomi – fir Iech: d’Urgroussbomi- goung keng eenzeg Kéier an d’Vakanz, meng Generatioun mécht dat am Schnëtt zweemol d’Joer; wann ech drop hiweisen, datt Dir d’Generatioun sidd, déi fir 35  Euro kënnen de Fliiger huelen, fir op Madrid,London etc, dann heescht dat net, datt mir Eelerer dat net och maachen, mä, Dir gitt jo schonn am jonken Alter an déi Gesellschaft vum Iwwerfloss katapultéiert- iwwregens vun eis-, wat e groussen Ennerscheed mécht. D’Fro ass: sidd Dir, si mir bereet, doropper ze verzichten?! Ganz éierlech: ech hu meng Zweiwel!

Dir sidd- grad wéi ech- schockéiert vun de Biller, wéi Plastik Tonneweis um Mir schwëmmt. Dee Plastik kënnt awer net vum selwen dohinner; hie gëtt vum Mënsch produzéiert an iwwer deen een oder anere Wee dohinner transportéiert. Et ass also net, fir de Plastik ze verdeiwelen, ma mir missten eis mat der eegener Nues huelen! An datt mir neierdéngs Tonneweis Pabeiertuten benotzen, ass esou ëmweltfrëndlech och net: et ass ëmmer nach Konsum, also Ekonomie, dee muss zerstéiert, recycléiert ginn = Ekologie. Domatter huet sech näischt un eise Konsumgewunnechten mussen änneren, just, datt mir mengen, mir kéinten e bessert Gewëssen hunn. Wierklech?

 

.Egal! Dir hutt gëschter e flott Signal gesat an e gewëssenen Drock op d’Politik gemaach. Dir adresséiert Ierch un d’Parteien am allgemengen, ma dach éischter un déi, déi den Ablack un der Muecht sinn. Domatter klëmmt d’Pressioun op déi Gréng, well si et woren, déi di lescht 30 Joer vill Remmidemmi ronderëm den Emweltschutz gemaach hunn an elo zanter iwwer 5 Joer an der Regierung sinn, mat der Méiglechkeet, hir theoretesch Iwwerleeungen an d’Praxis ëmzesetzen. Ma och si gesinn elo, datt dat net esou einfach ass. Beispill: Tanktourismus! Eng Hausse vun 2 Cent um Liter Diesel ass jo éischter fir ze laachen; domatter haale mir keen derfunner zeréck, bei eis an d’Land tanken ze kommen.Eise Präiss op der Pompel misst quasi un deen a Frankräich ugepasst ginn! Eng haard Stroof virun allem fir déi, déi et elo scho schwéier hunn, finanziell iwwer d’Ronnen ze kommen, wéi d’gilets jaunes et -op d’mannst um Ufank vun hirem mouvement- gewisen hunn. Beispill: Autosteier. En décke Woon misst wierklech héich besteiert ginn, fir datt dee manner kaaf an och gefuer gëtt. Eng gutt Iddi? Mir géingen mol an der Haaptsaach déi bestrofen, déi sech en SUV  nëmme mat vill Utsch a Wéi kënne leeschten; déi mam décke Portemonni bliffen verschount. Also iergendwéi gutt fir d’Ëmwelt, ma eng fatzeg Datz am soziaale Beräich.

 

Wa mir op Internet bestellen – also meng an Aer Generatioun -, da si mir eis zwou Saache bewosst: et gëtt vill Kartong verbëtzt a vill Leit, déi fir den digitale Secteur schaffen, ginn soziaal ausgenotzt. Si gi schappeg bezuelt, hunn dacks kee Kollektivvertrag, mussen Iwwerstonnen drummen, ouni dofir bezuelt ze ginn, a ween op d’Iddi kënnt, ze meckeren, gëtt stante pedes entlooss. Dat nämmlecht gëllt fir Bëllegloftgesellschaften, wou et jo grad an de leschte Méint dowéinst vill Streiker gouf. Mir sinn eis dees duerchaus bewosst, ma et ass ze vill flott, fir op all déi Saachen ze verzichten, oder?

Dir hutt gëschter eppes um Knuedler lassgetrëppelt, wou et Schued wär, wann et bei deem one-shot géing bleiwen…

 

 

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *