Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Ëmwelt

Jeannot Weber: en Topert 

Jeannot Weber: en Topert
Jeannt Weber

Nodeems ech hei an engem Artikel  https://bit.ly/3Qj4wK8 ënnert anerem och op eng illegal  Zerstéierung vun zwee Beem bei Giewel an der Gemeng Käerch opmierksam gemaacht hat, sinn ech duerno vun engem Bauer als Topert bezeechent ginn.

Jeannot Weber

Ech hunn dem Mann mol net widdersprach a sinn iwwer esou eng Bezeechnung a Präsenz vun anere Leit och net béis. De Bauer huet zwar Onrecht déi Beem ouni Autorisatioun ewech gemaacht ze hunn, ech hunn awer esou Leit déi mir hier Meenung direkt klipp a kloer soe, vill léiwer ewéi anerer déi just esou maache wéi wann. Eigentlech huet de Bauer och e bësselche Recht, well et ass haut tatsächlech scho bal topech nach ëmmer dorunner ze gleewen ,datt Mënsch, Natur a Landwirtschaft un engem Strang kéinten zéien.

Dëst ëmsou méi elo am Fréijoer, zu enger Jorezsäit wou d’Natur villes u Faarf, Bléien a weider vill Schéinheete presentéiert, ech dacks an der sougenannter Kultur-Landschaft eng Usammlung un Anti-Natur virfannen. Wéi topeg muss ech sinn, eppes aneschters ze wënschen ewéi monoton Grass -Landschaften , déi elo am Abrëll schonn erwaarden geschnidden ze ginn, dobäi war Juni mol den Heemount. Leider spillt Natur elo a Form vun enger ze naasser Meteo net mat , an Baueren mussen dann alt erëm e bësschen Natur akzeptéieren, éier  den éischten Silo gemaach kann ginn, fir mat Hëllef vun engem Eewäissräiche Fudder méiglechst vill a präiswäert Fleesch a Mëllech ze produzéieren.

An enger sougenannter Kultur-Landschaft tëschent Giewel a Gëtzen, net wäit ewech wou am Wanter déi zwee Beem verschwonnen sinn, gesäit een lo nieft enger dëser Grass-Industrie-Landschaft, och nach grujeleg giel -brong, dacks gesprëtzte Felder.

Jeannot Weber

Déi leescht Beem déi et bis dato gepackt hunn bewonneren ech, ma iergendwann wäerten och déi lescht Iwwerreschter vun enger eemoleger richteger Kultur-Landschaft virun dëser Naturfeindlecher Virgoensweis mussen kapituléieren, wa  net virdrun schonn een mat enger Motor See passéiert ass.

Alles erlaabt? A fir eis Ernierung an Iwwerliewen absolut néideg heescht et ëmmer erëm!

D ‘Baueren hu kierzlech jo gewisen dat e mat e puer decken Trakteren a mat e bësselche Krawall a Remmidemmi zu Bréissel souguer déi Europäesch Agrar- an Ëmwelt Politik korrigéiere kann.

Ech gesinn trotz allem awer nach, datt net all Bauer esou denkt a virun allem handelt, a dat och an eise Landschaften nach dat eent oder anert u Natierlechem sech weise kann. Ech gleewen drun ,datt Natur, Ëmwelt a Landwirtschaft och kann funktionéieren!

Esou laang sinn ech eben en Topert, deen och ëmmer erëm probéiert sachlech Informatiounen a meng Meenung

Jeannot Weber

ze ginn, ob si engem gefält oder net.

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *