Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Gesellschaft

Stau zu Lëtzebuerg: e Mentalitéitswiessel vum Auto op den Hond? 

Stau zu Lëtzebuerg: e Mentalitéitswiessel vum Auto op den Hond?
le monde.fr

Et muss wuel den Däiwel a Persoun gewiescht sinn, deen den Auto erfonnt huet. Deementspriechend reagéieren déi Gréng, Ekologisten, Klimaaktivisten a verschidde Journalisten: den Auto ass eng Doudsënd, muss gestengegt ginn, gehéiert an d’Verbannung,  muss op alle Fall aus der Haaptstad eraus. Dat ass totale Quatsch! Net den Auto muss eraus, ma de Stau. Wat zweeërlee Puer Schong ass.

An der Haaptstad ginn et an der Tëschenzäit all Dag net grad 900.000 Mouvementer, Deplacementer. Wuel verstanen, tout confondu: Foussgänger, Vëloen, Motorrieder, Auto, Camion, Busser, Tram. Dat sinn der vill an et wäerten der an Zukunft net manner ginn. D’Resultat ass, datt all Mueres an all Owends näischt méi geet am stater Verkéier, am Beruffsverkéier! Wien awer no 10 Auer Moies a sos am Laf vum Dag mat sengem Weenchen ënnerwee ass, kënnt tëscht Stad-Zentrum, Gare, Kockelscheier, Areler Strooss, Findel asw. gemenkerhand gutt virun. Vu Stau keng Spuer.

Et gëllt also, an den nächste Joer eng Léisung ze fannen am Beruffsverkéier. Do ass den zoustännege Mobilitéitsschäffen Patrick Goldschmidt gefuerdert, sollt hien sech dann opstellen fir den neie Buergermeeschter vun der Stad ze ginn.  Hie wär dobäi gutt beroden, den Auto net aus der Haaptstad ze verbannen. Eng Stad ouni Auto ass den Doud vum Commerce, den Doud allgemeng vun enger lieweger Stad. Just mam Vëlo duerch d’stater Gaassen däerfen ze pedalléieren, ass ewéi duerch d’Kathedral an d’Musée ze trëppelen!

Gitt Iech bei Geleeënheet d’Rue Rivoli zu Paräis ukucken. D’Geschäftswelt spillt op der Mondharmonika d’Lidd vum Doud, hirem eegenen Doud.

E rezent Beispill hei am Land, fir dat ze ënnermaueren kënnt ausgerechent aus dem soziale Wunnengsbau. D’Gemeng Lëtzebuerg huet am Quartier Bouneweg e (weidere) Projet lafen. Näischt Grousses, ma et seet dach genuch aus. Et handelt sech ëm 4 sozial Wunnechten an der rue Gangler. Wéi gesot sozial Wunnechten; an anere Wieder, de Präis gëtt ausgehandelt proportionell zum Akommes vun den interesséierte Leit. Wonnerbar! Wär do net de Bemolle, datt d’Gemeng Problemer huet, déi Wunnechte lasszeginn.

Photo de SHVETS production: https://www.pexels.com/fr-fr/photo/personne-femme-mur-sans-visage-7203718/

Wien nämlech do en Ënnerdag fënnt, kritt vun der Gemeng am Prinzip keng Autosvignette. Et sinn deemno 4 Autofräi Wunnechten. An dat stéisst bei villen (allen?) potentiellen Interessente sauer erop. Wéi bréngen ech Moies meng Kanner an d’Schoul?  Virun allem: wéi droen ech meng Akafstuten an d’Wunnecht, grad wann ech bis al sinn? Wéi gesot, et handelt sech ëm sozial Wunnechten, also ëm näischt ze Deieres, an nawell gëtt d’Gemeng si net lass ewéi waarm Bréidercher!

Do kann een sech natierlech iergeren, am Genre: verwinnte Lëtzebuerger!  Sech eng net ze deier Bud, eng gutt Affär also  laanscht d’Nues goen ze loossen, nëmme wéinst dem léiwen Auto? Typesch fir eist Land. A grad esou kann een no engem Mentalitéitswiessel brëllen. Alles op de Vëlo! Esou wéi an den Nederlanden. Grad dat awer ass net esou einfach. Kuckt emol wéi d’Hollänner mat den Hënn ëmsprangen.  All Zweeten féiert säi Mippchen mat der Kannerpoussette spadséieren oder huet en extra Kierfchen fir hien um Vëlo.  An all de Geschäfter ass de Kolleeg op 4 Been wëllkomm, kritt esou guer an de Restauranten – Ausnamen ginn et emmer- vu Personal a Clientèle gutt geschwat.

Bei eis ass et éischter: mir waarden dobaussen! Mam Bello ass kee Fric ze maachen, bleif do wou de Peffer wiisst. De Problem mam Mentalitéitswiessel läit doranner, datt ee soll ….seng Mentalitéit änneren, seng Meenungen an Iwwerzeegungen géint anerer austauschen, seng léif Gewunnechten opginn. Déijéineg awer déi de Mentalitéitswiessel priedegen, brauchen näischt bei sech ze änneren; si brauche just deenen aneren Verboter a Geboter opzestellen. Wéi praktesch!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *