Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Finanzen

Soud a Moschwieren vun engem Patronatsvertrieder no der Tripartite 

Soud a Moschwieren vun engem Patronatsvertrieder no der Tripartite
paperjam.lu

 

Bravo un d’Regierung! Mam Tripartite-Accord gouf de Privatpersounen vill Drock ofgeholl, besonnesch natierlech deenen, déi ee méi platte Portmonni hunn. Ma kee stellt sech d’Fro: wéi geet et de Betriber? Eng ganz Partie vun hinne leiden jo och äusserst brutal ënnert den Energiepräisser, ënnert Indextranchen. A komescherweis stellt awer och glat a guer keen sech d’Fro: wéi geet et der Finanzplaz? Den ABBL-President Guy Hoffmann huet an engem Interview am Paperjam Tacheles geschwat….et muss ee just kënnen tëscht den Zeile liesen.

Esou seet hien zum Beispill: le gouvernement a «une vue différente de la situation telle qu’elle se présente aux entreprises». Wien de Mann kennt, weess, datt do méi Musek derhannert ass. De Guy Hoffmann ass nämlech een extreem moderéierte Mënsch. Als Banquier souwisou an iwwerhaapt och als Mënsch. Wann hien also vun enger vue différente schwätzt, da mengt hien: d’Betriber ginn net ëm hier Meenung gefrot! Wat d’Bankeplaz selwer betrëfft, gëtt hien méi präzis: eng gutt Geleeënheet gouf verpasst fir strukturell Changementer erbäizeféieren fir eng besser Kompetitivitéit!

«Toutes les propositions sur des mesures structurelles nécessaires n’ont pas pu être discutées”, seet de Mann am Paperjam, wat eigentlech heescht: mat eis gouf net geschwat! A weider: Malgré les détériorations de cette compétitivité par rapport à d’autres pays, nous avons l’impression que ça n’intéresse personne en cette période préélectorale.» An déi Kompetitivitéit ass am gaangen, d’Schësserbaach erofzegoen!

D’Resultater vun de Banken sinn bäino ëm 30 Prozent zeréckgaangen, d’Fongenindustrie keimt ënnert dem Drock vun der auslännescher Konkurrenz, besonnesch där aus Irland wou si am gaange sinn, Steierméisseg Lëtzebuerg lénks a riets ze iwwerhuelen. An anere Wieder: Lëtzebuerg ass net méi esou rentabel! Dat interesséiert awer bei eis keng Bisamsrat! Dobäi hänkt eise Räichtum zu iwwert der Halschecht vun der Finanzplaz of!

Datt d’Press dowéinst kee Fanger kromm mécht, ass weider keng Iwwerraschung: et feelt u geschoulte Journalisten. A wuel och un Affinitéiten! Et gehéiert am Pressebësch zum gudden Toun, d’Banquier als Gängster ze gesinn. An esou een änlechen Echo kritt een och aus Regierungsparteien ze héieren. Fir déi gréng Trottinetten- a Vëlosparkingspartei ass eng Bank wéi en AKW: äusserst geféierlech. Am Beschten zouspären an de Schlëssel ënnert den Tapis leeën. Vu Kompetenzen net ze schwätzen!

Déi feele grad esou bei de Sozialisten. An och bei hinnen ass d’Ideologie éischter: d’Finanzplaz ass eng Mëllechkou, vun där kann an d’Onendlecht gezaapt ginn, ouni sech weider Froen ze stellen. Et wëll een eng “Aabëterpartei” sinn, déi sech am politeschen Zentrum beweegt, do hunn d’Banquier näischt verluer, ausser wann et ëm d’Räichesteier geet.

Bleift nach d’DP. Si soll jo d’Partei vun den “Décke” sinn. Wann een mat liberale Leit an d’Gespréich kënnt, héiert een vill Frust eraus. D’Partei kréich sech net géint déi zwee Koalitionären duerchgesat. Also politesche Stëllstand! Dat liest sech am Paperjam esou: «Avec les mesures prises, nous ne faisons que repousser les problèmes vers 2024 lorsqu’il y aura un nouveau gouvernement.»

3 Milliarden fir d’Pandemie, 1,2 Milliard fir déi lescht Tripartite. Kee stellt sech d’Fro, wou déi Suen all hierkommen! Natierlech vum eenzele Steierzueler, ma an der absolutter Haaptsaach vun de Banken. Gambia wollt eis Wirtschaft diversifiéieren. Griichesche Jughurt ass allerdéngs net esou beléift ewéi griichesche Wäin an esou koum just Brach eraus. Et héiert een vun aneren auslännesche Betriber, déi hätte wollen an de Grand-Duché kommen, ma et gouf mol net mat hinne geschwat. Elo hun si hieren neie Sëtz déi aner Säit vun eise Grenzen. Dat nennt sech IKEA-Syndrom!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *