Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Europa

Am Numm vun der inklusiver Sprooch 

Am Numm vun der inklusiver Sprooch
pexels-pixabay

Ier ee kritiséiert, soll ee mol luewen! Dat ass pedagogesch méi korrekt. An datt ee méi lueft, datt d’Kritik kann méi brutal ausfalen. Wann ech mech also um Ufank vum Krich géint d’Ukrain iwwer éischt europäesch Sanktiounen geiergert hat, well domadder de russesche Bier net zeréck a seng Hiel géing gedriwwe ginn, esou war ech Deeg drop méi wéi erstaunt iwwer dat Europäescht Haus.

D’Sanktiounen géint Moskau sinn hefteg a solidaresch ausgefall, d’Europäesch Unioun huet sech mol eng Kéier wéi aus engem Goss gewisen. A Krichszäiten réckelt een méi no beienaner! Also e schéint Bild vun der EU. Ëmsou méi freet een sech dann, wat déi europäesch Kommissärin Helena Dalli ugaangen ass, fir dee Gruef tëscht der EU-Kommissioun an dem Bierger nach e puer Meter méi déif ze buddelen?!

pexels

D’Dalli ass Kommissärin fir d’Gläichheet(en) an déi Fra hat wollen eng kleng Guideline publizéieren fir déi inklusiv Sprooch. Begrëffer ewéi “Madamm” oder “Monsieur”, Riedewendungen wéi “Dir Dammen an Dir Hären” hätte solle verbueden, op d’mannst ofgeschafe ginn, fir op déi Manéier déi Transsexuell viru peinleche Situatiounen ze schützen. Chrëschtdag sollt et och net méi ginn, fir nëmmen net d’Net-Chrëschten ze stigmatiséieren an esouguer Virnimm à la Jean, Joseph oder Marie(a) hätte solle lues a lues vun der Bildfläch verschwannen. Muss een sech mol virstellen! Wou ass deen europäesche Planéit gelant?

den neien Diktionär war hausintern, also an de Maueren vun der Europäescher Kommissioun um Intranet fir kuerz Zäit publizéiert ginn…a war ganz séier nees verschwonnen, mat der Entschëllegung, datt et sech ëm en technesche Feeler gehandelt hätt. Egal! Tatsaach ass, datt un engem neie Vokabulär geschafft gouf…an nach ëmmer gëtt?

Déi nämmlecht Madamm Dalli – däerf ech si iwwerhaapt nach esou nennen?- hat schonn Woche viru Chrëschtdag eng Campagne lancéiert am Kontext vum islamesche Voile: d’Photo vun enger Fra, an zwee geschnidden, déi eng Säit mat Voile an déi aner säit ouni. Motto: Hoer oder Voile, Äre Choix! Feelt net méi vill, an den islamesche Voile ass dat neit Symbol vun der Fräiheet.

Dovunner ofgesinn, datt et Länner gëtt wéi den Iran – eng islamesch Republik- wou d’Fra riskéiert, ausgepeitscht ze ginn wann si de Schleier net dréit-, läit eis Geschicht, eis Traditioun beim Chrëschtentum. Ech wëll mech hei net als Affekot vun der kathoulescher Kierch opspillen, ma kann net acceptéieren, datt 2000 Joer vun eiser Geschicht aus ideologeschen an zugläich onrationellen Iwwerleeungen wéi mat der Waasserschass ewechgespullt ginn!

Ech kann  matfillen, wéi schwiereg et fir Persoune muss sinn, am ‘falsche’ Kierper ze liewen, hunn awer enorm Problemer, wéinst hirer Vokabulär a Grammatik op d’Kopp ze geheien. Et gëtt geschat, datt just maximal 0,6 Prozent vun der Weltpopulatioun tatsächlech Transsexueller sinn. E Faass ouni Buedem!

Related posts

2 Comments

  1. Jean

    Dei inklusiv sprooch…eng dommheet sans pareil dei zum gleck dermossen komplizeiert an der emsetzung ass,dass een op d lidregkreet vun de leit daerf hoffen fir dass dese projet an dem tirang verschwennt ,wou en och fir eiweg higeheiert.

  2. Phil

    Wat hun déi Dammen an Hären resp. Härdammen oder Dammhären dach Problemer zu Bréissel. An mir bezuelen vill Geld fir dee Blödsinn!

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *