Recent Posts

Post Categories

Pandemie-Politik: Eng Enquête-Kommissioun zu Lëtzebuerg? 
No all där Opreegung ëm déi vill schlëmm a manner schlëmm Konsequenzen ëm deen ominéisen Topic „Pandemie “ an och...
Zirkus an der Politik ronderëm den Atom 
Gebongt. D’Aussoen vum Premier Luc Frieden a vum Ëmweltminister Serge Wilmes iwwer déi lëtzebuerger Atomstrategie koumen zum falschen Ament an...
Frank Bertemes: Rettet das Saatgut! 
„Die Rettung der Menschheit besteht gerade darin, dass alle alles angeht.“ —  Alexander Solschenizyn Wenige Dinge sind so kostbar und...
Atmosphäresch Virkrichszäit 
Mir liewe momentan e bësselchen an der Ambiance vun “1938”. Deemools wosst den informéierte Mënsch ganz genee, datt eppes Gréisseres...

Blog Post

Innepolitik

Léif Deputéierten, gitt endlech wakereg! 

Léif Deputéierten, gitt endlech wakereg!
image credit:Wikipedia.org

do freet een sech, wat lass ass?! Wou bleiwen hellwakereg Politiker, déi hannerfroen, déi mat der Fauscht op den Dësch schloen, mol mat kritesche Gedanken, mol mat interessanten Iddien an Alternativen? Ech hunn déi lescht 40 Joer d’Rieden vu Minister an Deputéierten verfollegt a koum am Laf vun där Zäit zur Konklusioun: PISA huet och an der Politik ageschloen. An zwar voll!

D’Rieden um Krautmaart sinn awer esou eppes vu langweileg ginn. Dat huet seng Uursaachen:

– déi allermeescht Volleksvertrieder loossen sech hir Ried vun engem anere schreiwen. Do kann net vill Gescheites erauskommen. Den Deputéierten gëtt sengem Anonymus héchstens e puer Stéchwierder, deen da muss kucken, eens ze ginn. Et feelt dat Authentescht, Politik fir unzepaken!

– vill vun den Deputéierten braddelen den Text just erof, en Text, wou ee munchmol mengt, si géngen deen iwer dem Liesen eng éischte Kéier entdecken. Als Nolauschterer ass ee scho bal dankbar, wann dat “Gelies” alt nach eenegermoossen audibel eriwwer kënnt.

– déi wéinegst Volleksvertrieder kënne fräi schwätzen, wat sech meeschtens doduerger erkläre léisst, datt si selwer net genuch hire Sujet kennen. Da léisst een sech et léiwer schreiwen!

grad an dësen Zäiten vun enger enormer Wirtschaftskris misst de Politiker jo Blutt lecken, spéitstens elo op de Geschmaach kommen, aktiv Politik ze maachen, an zwar am Interessi vum Land. Dat bedeit virun allem genuch Kontakter zum Vollek ze fleegen, fir ze wëssen, wou de Schong dréckt; duerno sech Gedanke maachen, wéi een politesch kéint intervenéieren, fir d’Situatioun vun deene betraffene Leit/Betriber ze verbesseren; dat setzt viraus, datt een sech an d’Gesetzgebung eraschafft, eng Aarbecht, bei där een sech duerchaus vu Parteimataarbechter kann ënnerstëtze loossen; an da schreift een seng Ried, en texte continu oder mat Stéchwierder. D’Resultat ass verblüffend besser!

An datt een deen Exercice méi dacks mécht, datt een sech a sengem Beruff als Politiker ëmmer méi doheem fillt, datt een sech senger Saach méi sécher ass an dobäi léiert, mol no lénks an no riets auszedeelen.

“…mam Aschloen vun der Kris muss de politeschen Asaz drastesch eropgoen!…”

Wuelverstanen: meng Iwwerleeungen sinn allgemenger Natur a gëllen net nëmmen fir Majoritéitsvertrieder. Besonnesch a Krisenzäiten ass d’Roll vun der Oppositiiun wichteg!

D’Zäiten vun der Nationaler Unioun um Krautmaart sinn eriwwer. D’Gepicks a Regierungskreesser huet nees ugefaangen an och eng CSV ass um Ponkt, de politesche Waffestëllstand opzehiewen. Ofzewaaarde bleift, wéi d’Oppositioun sech wäert positionéieren beim ugekënnegte Pandemiegesetz, wat näischt aneschters ass ewéi eng ofgespeckte Form vum Noutstandsgesetz.

Et ass falsch, ze behaapten, d’Regierung hätt do deenen aneren 29 Volleksvertrieder e Maulkuerf wollen undoen; et héiert een awer, datt do Rieds goung vun enger gewëssener politescher retenue! Wat soll dat? Et geet ëm d’Land, et geet ëm d’Leit. Däerf de Bierger net informéiert ginn?! Ëmmerhin geet et jo och ëm elementar Mënscherechter. Bon! Muer soll dee Gesetzprojet am Detail presentéiert ginn, da geet et och muer nach duer, fir sech driwwer opzereegen.

Spannend Zäiten fir en einfachen Observateur, ma virun allem fir Politiker. Make it happen!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *