Recent Posts

Post Categories

Tripartite, Festival vun de gudden Affairen 
Als Rappel: D’Tripartite gouf an d’Liewe geruff an de 70-ger Joer, wéi de Stär vun der Arbed am gaange war,...
D’CSV sicht e Beroder an der Kommunikatioun 
Eigentlech misst et heeschen: “…an der Kommunikatioun vum Staatsminister Luc Frieden”. Well et ass de Regierungs- a Parteichef deen op...
Mutig! Ein Kommentar zur neuen Parteispitze der LSAP von Frank Bertemes 
Gleicht das neue Duo an der Spitze der LSAP wirklich einer Kapitulation der stärksten Oppositionspartei wie ein Kommentar eines Wort-Journalisten...
De Kriibsgang bei der LSAP geet weider 
Iwwerraschungsgackelchen virun Ouschteren bei de Genossen! D’Paulette Lenert ass un engem Posten am Staatsrot interesséiert. Dat kann een duerchaus novollzéien,...

Blog Post

Soziales

Den OGBL an de Mindestloun, d’Nora Back an hiert Grondakommes 

Den OGBL an de Mindestloun, d’Nora Back an hiert Grondakommes
OGBL.lu

Um éischte Mee hunn d’Gewerkschaften déck Bake gemaach. Et goufe Schnëssstécker géint d’Regierung. U sech normal, u sech eng Geleeënheet fir d’Syndikater, d’Truppen ze mobiliséieren. Den Toun war rau an huet duerchblécke gelooss, datt op der Tripartite den 12. Mee iwwerhaapt net verhandelt gëtt: Regierung a Patronat -laut Interpretatioun vum OGBL kacken déi souwisou duerch dat nämmlecht Lach- si gebieden, d’Fuerderungen vun der Gewerkschaftsfront unzehuelen a basta! Wien eng aner Meenung huet, ass gebieden doheem ze bleiwen. D’Retourkutsch op déi Rhetorik huet net laang op sech waarde gelooss.

Der Rei no: e leschte Samschdeg sot d’Nora Back, de Mindestloun misst mir-näischt, dir-näischt ëm 300 Euro eropgesat ginn an déi zwee aner Gespréichspartner bräichten d’Rechebeispiller iwwerhaapt net auszepaken: eise Camp weess, wat 1 + 1 gëtt. Haalt eis net fir domm! Huet sech grad esou unhéieren, wéi wann OGBL an LCGB op deem Punkt absolutt net wéilte mat sech schwätze loossen; wiem et net gefält, dee léisst et stoen. Grad op deem Punkt misst awer mateneen diskutéiert ginn. Et ass den “A” an den “O” vun der Tripartite!

De Mindestloun gëtt bekanntlech op den nächste Sylvester ëm 6 Prozent gehéicht; dobäi kommen dëst an dat anert Joer eng Indextranche vun 2,5 Prozent (= 5%), sou datt an der Haaptsaach d’Patronat eng Hausse vun Ausgaben an der Héicht vun iwwer 10 Prozent ze schëlleren huet. An dann nach eng Hausse vun 300 Euro uewen drop?!  Verschidde Betrfiber kënnen dat net packen. Ma bis den 12. Mee ass et nach  e Strapp!

An de sozialen Netzer flattert nämlech elo en zesummegebastelte Flyer, wou d’Nora Back Wieder an de Mond geluecht kritt fir hire Memberen Merci ze soen fir déi 32.000 Euro, déi si Mount fir Mount als Pai op hire Kont verséiert kritt. Dat wär hier Entschiedegung als Presidentin vum OGBL an och als Cheftaine vun der Salariatskammer. Ech selwer hat schonn den 8. Mäerz 2024 de Kommunikatiounsservisce vum onofhängege Gewerkschaftsbond dowéinst kontaktéiert a krut deemools als Äntwert: Do gëtt et awer en decken Ënnerscheed mat dem wat dir hei uschwätzt, an zwar der OGBL-Präsidentin hiert Akommes. D’Suen déi d‘Paie vun den Haaptamtleche beim OGBL bezuele kommen exklusiv vun eise Memberen, vun hire Cotisatiounen, an net vum Staat, vun der Allgemengheet. Duerfir gesi mir elo net an, wéisou mir Iech déi Informatioune schëlleg wieren. Transparenz op eisen Depensen si mir just eise Gremie schëlleg, an deene weise mir datt mir responsabel an am Sënn vun eise Membere mat de Suen ëmginn.Wann et Iech awer berouege kann, verdéngt d’Madame Back (inklusiv CSL, jetons, asw) wierklech vill vill vill manner wéi 32 000 Euro de Mount.

Ech hat scho virun 2 Joer vun deenen 32 Mille héieren. Well ech de Chiffer dementéiert krut, hunn ech zwar en Artikel doriwwer geschriwwen, ouni allerdéngs de Chiffer ze nennen . https://guykaiser.lu/ass-e-gewerkschaftsboss-och-en-decken/  Elo .- an där schéiner neier Welt- ass de Chiffer am Ëmlaf  a gëtt kommentéiert. Den “Artist” vun deem Photo-Montage ass onbekannt, ma hie bréngt d`OGBL-Presidentin an d’Labyrinthen.

Déi géigesäiteg Attacken fléien also déif, wéi een esou seet. Den OGBL muss léieren, datt an enger Schéisserei och hien ka getraff ginn; an hie muss virun allem léieren, och aner Meenungen ze akzeptéieren. De Mindestloun gouf a gëtt reegelméisseg adaptéiert; a wat huet dat de Betraffene bruecht? Net vill méi ewéi eng Plooschter op en hëlzent Been! D`Gewerkschaft wollt ëmmer avant-gardistesch sinn….da féiert d’Diskussioun op engem aneren Niveau a lancéiert nei Iddien, zum Beispill déi vun engem Grondakommes!

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *