Recent Posts

Post Categories

Päng op dem Staat seng Hypokrisie! 
Fëmmen schued der Gesondheet. Richteg! De Staat mécht alles fir d’Leit virum Tubak ze schützen, esou gutt déi aktiv ewéi...
Luc Frieden: kee weidere Rutsch am neie Joer! 
politesch Meenungsëmfroen interesséiere virun allem déi Concernéiert selwer, also d’Politiker an och d’Press- virausgesat d’Resultat passt engem an de Krom....
Selena Mouni: Wahlpflicht in der Verfassung – ein überholtes Relikt in einer modernen Demokratie 
Im Zuge der aktuellen Diskussion darüber, neue Rechte in die luxemburgische Verfassung aufzunehmen – etwa das Recht auf Abtreibung –...
Déi Gréng: arem oder aremséileg? 
Op enger rezenter Pressekonferenz vun deene Gréngen housch et e.a.: “D’Regierung huet hir Prioritéiten an de leschte Méint kloer gesat....

Blog Post

Ëmwelt

E  Bam bleift e Bam, och wann en engem Gréngen zu Izeg  am Wee steet . 

E  Bam bleift e Bam, och wann en engem Gréngen zu Izeg  am Wee steet .
Chat/GTP

An der Hesperstrooss zu Izeg spillt sech zanter  véier Joer eng Geschicht of, déi op den éischte Bléck wéi e banale Nopeschsträit ausgesäit – a sech duerno zu engem richtege juristesche Marathon entwéckelt huet.

Alles huet mat e puer Beem an Hecken ugefaangen, déi zanter iwwer véierzeg Joer am Gaart vun der Famill Gaston Wagner an der Gemeng Hesper  zu Izeg stinn. Bäigezunne Noperen, Willy a Henriette Marcus-Nesen, hu sech dru gestéiert: d’Beem waren hinnen en Dar am A a géife si vun Sonn a Vue ausschléissen. „Eis Wunneng ass den hallwen Dag am Schiet“, hunn si behaapt – a si viru Geriicht gaangen. Dat pikant an dëser “cloche-merle “ Geschicht  ass, datt  de Kläger  Willy Marcus selwer op der Lëscht vun de Gréngen stoung – also vun där Partei, déi sech zanter Joerzéngten als Verdeedegerin vun der Natur gesäit. Eng Partei, déi fréier Beem ëmklamert huet, fir se ze retten a sech haut mat juristesche Mëttel dogéint stäipt.

Dat éischt Urteel: D’Beem sollen verschwannen an/oder gekierzt ginn.

An éischter Instanz  huet den Tribunal déi gréng Klägerkoppel Marcus-Nesen am Recht gesinn. De Noper Gaston Wagner sollt seng Beem, Hecken an Arbusten op maximal aacht Meter kiirzen – an dat bannent zéng Wochen, soss 250 Euro Strof pro Dag berappen. Dobäi koum nach eng Entschiedegung vu 500 Euro fir e moralesche Schued, wéinst engem Drot, deen de Gaston Wagner tëscht de Proprietéiten gesat hat.

D’Appellsriichter gesinn méi kloer duerch dat Gréngs

De verurteelte Bamfrënd ass géint déi gréing Klägerkoppel an Appell gaangen .  Hei hun d’Appells-Riichter  sech op der Plaz zu Izeg d’Beem an d’Sonn genee ugekuckt. Och en Huissiersbüro huet  den grénge „casus belli“ in extenso  analyséiert an Summer an Wanter , moies, mëttes an owes  de Sonnestand iwwerpréift an festgehalen , wéi d’Sonn zu Izeg géif dréinen.

Chat/GTP

Och eng Geriichtsexpertin huet d’Situatioun analyséiert an  koum zur Conclusioun:  D’Beem hätten nëmmen eng limitéiert Schiedwierkung a virun allem wären en se net déi Haaptursaach vum Schied  am Gaart vun de Kläger, der Koppel Marcus. Aner Gebaier an déi eegen Vegetatioun géingen  eng méi grouss Roll spillen.

D’Expertin huet gewisen, datt d’Sonn tëscht 9:40 an 14:30 iwwer dem Gaart vun de Kläger  schéngt – genuch, fir ze soen, datt et kee „mauerhafte Schiet“ gëtt. An och d’Geriicht huet bei senger Visite um Terrain confirméiert, datt d’Proprietéit trotz dem Wieder gutt beliicht war.

D’Gericht am Appell  decidéiert: e Bam däerf Schiet machen

D’Urteel vum 28. Oktober 2025 (Nr. 2025TALCH03/00168) huet déi verkloten „Bamfrënn“ vollstänneg rehabilitéiert an dem  grénge Kläger eng  gehéireg an d’Aakaul ginn. Well d’  Zivillgeriicht am Appell  huet entscheet: – D’Beem, Hecken an Arbusten däerfen stoen bleiwen – et gëtt kee „trouble anormal de voisinage“.

– D’500 Euro „préjudice moral“ ginn gestrach.

– Och d’Fuerderung no enger Prozedur-Indemnitéit gëtt ofgeleent.

– D’Käschten a Fraisen vun de béide Parteien ginn gedeelt, well de Sträit „vu béide Säiten mat vill Emotioun, awer ouni Béiswëllegkeet“ gefouert gi wier.

D’Geriicht huet dobäi un d’Prinzipie vum Code civil erënnert: Eng gewësse Quantitéit u Stéierungen tëscht Noperen gehéiert zu de „inconvénients normaux du voisinage“. 

Fazit: E Bam bleift e Bam – och wann en engem Gréngen am Wee steet

D’Geschicht ass net nëmmen eng Jurisprudenz , e  juristesche Präzedenzfall, mä och e klenge Spigel vun eiser Zäit. Mir wëllen d’Natur – mee just esou laang, wéi se eis net stéiert. Eng Wandmillen jo, awer net an eiser Nooperschaft. Beem jo, mee net virun der Terrass.

An hei gëtt d’Ironie perfekt, well ausgerechent e Politiker vun de Gréngen sech vun de Beem belästegt gefillt huet.

Am Endeffekt huet de Tribunal d’Relatioun tëscht Natur, Nopeschrecht a gesondem Mënscheverstand erëm a Balance bruecht. D’Beem vun der Famill Wagner däerfen bleiwen, de Grénge Marcus-Nesen krut eng Léier a Saache Naturschutz, an d’Gemeng Hesper huet eng Lektioun am Nopeschfridde kritt.

Hei de Link zum anonymiséierte Verdikt:

https://bit.ly/4oX62AJ

Eisen éischten Artikel dozou vu virun iwwer 2 Joer:

https://guykaiser.lu/vu-lauter-beem-de-besch-net-mei-gesinn/

 

Related posts

Verloossen eng Äntwert

Required fields are marked *